Search

You may also like

Dem Sultan säin Eedem wëll net méi Finanzminister sinn
Neiegkeeten

Dem Sultan säin Eedem wëll net méi Finanzminister sinn

Matten am Verfall vun der tierkescher Lira huet den tierkesche

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Neiegkeeten

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

Geschicht méi no bei Iech
Neiegkeeten

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

Karbonsteier: Wat de STATEC derzou seet

Karbonsteier: Wat de STATEC derzou seet

Ab dem 1. Januar 2021 erleet eis d‘Regierung déi sougenannte Karbonsteier (CO²-Steier) op. Fir ze gesinn ob a falls jo dës nei Steier en Impakt op eist d‘Liewen huet, hunn sech d‘Mataarbechter vum STATEC zu enger Analys hiräisse gelooss. Déi wichtegst Erkenntnisser: d‘Menage wiere kaum vun der Tax betraff a wesentlech méi Geld fir d‘Staatskeess bréngt se och net.

Zitt ee sech déi vum STATEC virgeluechten Analys zu Gemitt, da géifen déi kommend Haussen op de Sprit dem Staat keng weider Einname generéieren, de Bilan géif sech hei éischter Neutral op de Staatshaushalt auswierken. Zudeem loossen déi an dëser Analys enthalen Erklärungen de Schluss zou, datt d‘Karbonsteier dem Land net wäert hëllefen, déi versprache Klimaziler ze erreechen.

An awer. Mat enger Tax vun 20 Euro pro Tonn CO2 fir 2021 (25 Euro am Joer 2022 an dann 30 Euro am Joer 2023) soll dat anert Joer eng Recette an Héicht vun 140 Milliounen Euro generéiert ginn. Un der Pompel mécht et sech folgendermoosse bemierkbar: den Diesel klëmmt 2021 ëm 6 Eurocent, 2023 dann nach emol ëm 9 Eurocent. Beim Bensin ass et manner: fir 2021 sinn et esou 5 Eurocent, 2023 nach emol 8 Eurocent weider.

Interessant dann och, datt aus de Berechnunge vun der STATEC ervirgeet, datt (bezunn op déi 140 Milliounen Euro) iwwert d‘Hallschent (55%) vun de Grenzgänger/Touristen/Transitverkéier mussen opbruecht ginn. 22% entfalen op d‘Menagen am Land, de Rescht ass fir d‘Entreprisen. Fir déi lescht dierf ugemierkt ginn, datt dës Belaaschtung iwwert déi „lafend Käschten“ gedeckt ginn. Ob sech dat esou wéi virgestallt och wäert erginn?

Si mengen… wëssen et awer eigentlech och net

Dat interessant bei den Analyse vum STATEC, ass datt déi ëfters eppes „géigesätzlech“ sinn. Esou wëllen déi hell Käpp och berécksiichtegen, datt et duerchaus virstellbar ass, datt d‘Leit sech eppes ëmstellen, also de Konsum vun de mat der CO²-Steier beluechte Produiten, reduzéiert gëtt. Sief et datt méi ëffentlechen Transport genotzt, oder einfach méi sober Gefierer kaf ginn. Ob allerdéngs wéi vum STATEC behaapt och beim Tubak gespuert gëtt?

Esou heescht et an der Analys, datt de Kaf vum Tubak ganz enk mam „Tanktourismus“ verknäppt wier, a wa manner getakt gëtt, géif folgerichteg och manner Tubak kaf ginn. Op Nofro bei enger Rei Frontalieren op enger Pompel zu Esch, gouf doriwwer häerzlech gelaacht. Woubäi et richteg wier, datt een dann de Tubak éischter an engem „normale“ Geschäft géif kafen, wou et och speziell Offeren op deen „anere Sprit“ gëtt.

Ob dann tatsächlech zu engem Verloscht bei den Accisen an Héicht vu geschätzten 20 Millioune komme wäert, wäert ee beschtefalls 2022 eng éischte Kéier mat Sécherheet u festen Zuele kënne festmaachen. Mir befannen eis hei am Beräich vu Schätzungen, an och wann se beim STATEC zimmlech gutt mat Zuele jongléiere kënnen, esou sollt een dat alles mat vill Virsiicht genéissen.

Et muss sozialverträglech bleiwen also brauch et Kompensatioun

Well net jiddereen sech déi energetesch Transitioun leeschte kann, soll d‘Karbonsteier mat enger ganzer Rëtsch u Kompensatioune begleet ginn. Geduecht gëtt un ee Steierkredit vun zousätzleche 96 Euro op de Plafong fir déi Lounofhängeg, Selbststänneg an d‘Pensionären. Dës Moossnam géif laut STATEC 2021 de Staat 50 Milliounen Euro kaschten. An da sinn do jo och nach déi ganz Subventioune fir de Kaf vun engem e-Auto.

Net esou eeschthaft betraff sinn d‘Secteure vun der Loftfaart (dee gëtt op internationalem Niveau besteiert), d‘Land- a Forstwirtschaft (déi sinn ausgeholl). Dofir kréien dann d‘Transportfirmaen eng tëscht Zänn, déi laut dem STATEC mat 17% de gréissten Deel vun der Belaaschtung operluecht kréien. Och dat ass esou net ganz stëmmeg, Diesel an d‘Loft blosen ass jo ee feste Bestanddeel vun hirer Aarbecht an stellt e grousse Batz vun de Betribskäschten duer.

Alles an allem awer liest sech déi vum STATEC verëffentlecht Analys gutt, vill Elementer sinn esou och novollzéibar. D‘Grafike sinn technesch beschtens ausgeschafft ginn, de Layout ass hinne ganz gutt gelongen, a wien sech fir Statistike wéi fir Kristallkugele gläichermoossen interesséiert, dierft säi Gléck hei fonnt. Op d‘Analysen dat hale war se verspriechen, dat gesi mir dann 2022.

Illustratioun: © Ahmed Zayan / unsplash

Related topics CO²-Steier, Energietransitioun, Karbonsteier, Klimawandel, Klimaziler, Paräisser Accord, Statec
Next post Previous post