Search

You may also like

Egypten: Staatstrauer no Moschee-Massaker am Sinaï
Sport Stories

Egypten: Staatstrauer no Moschee-Massaker am Sinaï

Egypten begeet ab haut dräi Deeg Staatstrauer, aus Respekt fir

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen
Sport Stories

Spärung tëscht Walfer an dem Stafelter wärend 3 Wochen

Zu Walfer wäert en ënnerierdesche Passage um Niveau vum PN17

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS
Sport Stories

SpaceX bréngt „Crew Dragon“ an engem Stéck un d‘ISS

D‘Weltraumkapsel „Crew Dragon“ vun der US-Entreprise SpaceX, huet no 27

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat

Déi eenzeg Lëtzebuergerin déi um „Championnat de France“ bei den Damen zu Septfontaine (17. – 18. Juni) un der Schwäizer Grenz geleeën, deel geholl huet, hat dëst Joer keng Chance. D‘Zoe Knebler, dat am leschte Joer nach mat enger gudder véierter Plaz de Podium knapp verpasst hat, huet vergaangene Weekend de Kart no engem Accrochage misse stoe loossen.

Dëse Championnat, deen u sech deene beschten Damen aus de verschiddene Ligen am Frankräich virbehalen ass, vergëtt och sougenannte Wild Cards. Nieft der Schwäizerin Lena Buhler dat an der Finale op eng gutt 7. Plaz komm ass, war wéi gesot déi 16 Joer jonk Zoe Knebler mat um Start. An eigentlech hätt fir eis Vertriederin méi dierfen dra sinn.

Vun Ufank u Problemer

Schonn um Mëttwoch ukomm, fir sech mat der ganz nei gemaachter Piste ze familiariséieren, hunn sech déi éischt Schwieregkeete schnell bemierkbar gemaach. Dee fusch-neie Chassis wollt einfach net déi benéidegt Resultater opweisen. D‘Zoe war stänneg 2 Sekonne méi lues wéi seng Konkurrentinnen an um Freideg ass kuerzerhand entscheet ginn, op deen ale Chassis ze wiesselen. Mat den Zäiten ass et nawell net duer gaangen an och de Motor (125ccm/ 22PS) huet net gewollt wéi hien hätt missen.

Am Qualifying ass dann nëmmen déi 10. Plaz erauskomm, an d‘Zoe huet an der Pre-Finale schwéier misse kämpfen. Et konnt sech zu gudder Lescht dann awer nach op déi 8. Plaz virfueren an et wier wéi gesot sécherlech méi dra Gewiescht. An der véierter Ronn vun der Finale war awer Schluss, nodeems bei enger onglécklecher Beréierung dem Zoe säi Kart beschiedegt gi war. Hei war et schonn op déi véiert Plaz virgefuer an ee Podium wier duerchaus dra gewiescht.

Déi jonk Pilotin fiert engagéiert an huet sech och schonn en Abléck an d’Welt vun de Formel-Ween gegënnt

Hat war natierlech enttäuscht an et huet ee bëssche gebraucht bis et nees ee Laachen am Gesiicht hat. Ass nu emol Motorsport. Mee et geet weider an wéi et esou schéin heescht, no der Course ass virun der Course. Déi nächst, wou d‘Zoe, dann nees am Mixte, bei der X30-Challenge zu Mirecourt un de Start geet (8. September) sollt besser ginn. Hei ass hat quasi doheem, vu dat et hei trainéiert.

Eis Pilotin ass duerno och zu Le Mans beim „X30 World Championship“ mat derbäi.

Eis National-Championne vun de lëschte véier Joer setzt säit elo gutt zéng Joer hannert dem Steierrad. Mat sechs Joer nach an engem 80 ccm (+/- 10 PS) Kart, mëscht d‘Zoe schonn éischt versich an der „Formel“ Klasse. Wann een d‘Pilotin kennt a weess dat den Éiergäiz mindestens esou grouss ass wéi d‘Motivatioun, dann dierf ee sech sécher sinn, hei nach vill vun him ze héieren.

De Championnat de France huet d‘Lydie Vauchon op engem FA Kart gewonnen. D‘Loenie Claude op engem Tony Kart stoung op der zweeter Träppchen an d‘Alexandra Cortinovis an engem Redspeed huet de Podium vervollstännegt. Trotz Ausfall ass d‘Lëtzebuergerin nach op der 17. Plaz vun 20 opgelëscht ginn.

Related topics Karting, Sport
Next post Previous post