Search

You may also like

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat
Neiegkeeten

Karting: Kee Gléck fir d‘Zoe Knebler am franséische Championnat

Déi eenzeg Lëtzebuergerin déi um „Championnat de France“ bei den

Coronaviruskris an der Lombardei: Dramatesch ass keen Ausdrock!
Neiegkeeten

Coronaviruskris an der Lombardei: Dramatesch ass keen Ausdrock!

Bis virun enger Woch sinn d‘Zuele vun den Infektiounsfäll an

Migratioun: De briteschen Dram
Neiegkeeten

Migratioun: De briteschen Dram

D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op

Iwwert d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg fléisst nees Waasser

De Projet, d‘Kaskaden um Escher Gaalgebierg nees ze rehabilitéieren, war nach 2015 ënnert dem Vera Spautz (LSAP) initiéiert ginn. Et huet wuel seng Zäit gebraucht alles fäerdegzestellen, mee et ass ee prächtegt Gesamtkonzept, dat um Méindeg vum Escher Schäfferot feierlech ageweit gouf.

Fir de Buergermeeschter Georges Mischo sinn d‘Kaskaden, déi onmëttelbar un d‘Äispist an d‘Spillplaz (beim Boulodrom) grenzen, eng weider Attraktioun déi de Park Gaalgebierg beräichert. D‘Realisatioun, vum Plang bis zu den Aarbechte sinn „intern“ realiséiert ginn, mee et goufen och lokal Entreprisë bedeelegt.

Déi technesch Etüd an de Suivi huet den Tom Favaro iwwerholl, d‘Konzept (Gestaltung a Pläng) huet de Jemp Gillen realiséiert. Déi handwierklech Ausféierung vum Projet huet de CIGL-Esch iwwerholl. Et hunn awer och nach eng ganz Rëtsch weider Gemengeservicer de Projet begleet.

D‘Aarbechte fir de Réibau (Bonaria Frères) an d‘Becken aus „CorTen“ Stol (Ateliers Friderich) konnten d‘Gemengeservice net an Eegeregie realiséieren, an och fir de Volet „Waassertechnik“ (EFG) hat een op d‘Expertise vun engem Fachmann gesat.

E Projet mat Kapp a Fouss

An d‘Resultat léisst sech weisen, wéi eis de Schäffe Martin Kox verséchert. Hien huet eis dann och zesumme mam Tom Favaro de Fonctionnement vun de Kaskade méi no bruecht. Hei dierf een drop hiweisen, datt fir d‘Kaskade ronn 5.000 Liter néideg sinn.

An iert elo vu Waasserverschwendung geschwat gëtt: et ass e geschlosse Kreeslaf. Et muss wuel heiansdo eppes „nogeschott“ ginn, mee dat ass marginal. Richteg dogéint ass, datt d‘Waasser, och wann et am Kreeslaf stänneg gefiltert gëtt, och emol wäert musse gewiesselt ginn.

Fir datt d‘Waasser dann och fléisst, brauch et Stroum. Mir wollte wëssen op dëse Stroum eventuell vun enger Fotovoltaikanlag géif gespeist ginn? De Schäffe Martin Kox, dee fir d‘Espaces Verts zoustänneg ass, war de Gedanke ginn, mee et hätt e misse Gréngflächen afferen, an dat wollt ee sech net undoen.

Mee de Stroum deen hei gebraucht gëtt, fir d‘Pompel um lafen ze halen, kënnt vun der Südstroum, an ass 100% gréng. Zudeem ass de Stroumverbrauch, fir déi 2,5 Kubikmeter „a Bewegung ze halen“ wierklech niddreg, och wann een de Bilan naturgeméiss eréischt am Hiecht maache kann, wann d‘Kaskaden an de Wanterschlof versat ginn.

E kuerze Réckbléck

Wat d‘Geschicht vun de Kaskaden um Escher Gaalgebierg betrëfft, esou et haut net méi méiglech genee festzestellen, wéini si opgeriicht goufen. De Park, dee vum Architekt-Paysagist Thill konzipéiert ginn ass, war 1912 inauguréiert ginn. D‘Kaskaden, déi net an den historesche Pläng verzeechent goufen, missten awer tëscht 1920 an 1930 entstane sinn.

Den urspréngleche Konzept, aus Natursteen a Becken aus Blech an Haarz, huet vill Opwand am Ënnerhalt mat sech bruecht. Trotz vill an engagéierter Fleeg waren déi al Kaskaden net richteg Dicht ze kréien. Dat hat dozou gefouert datt ee sech iergendwann hat missen entscheeden se stëll ze leeën. Mee dat ass elo Vergaangenheet, an de Park Gaalgebierg huet seng Pärel nees zréck.

Related topics CIGL, Esch/Uelzecht, Gaalgebierg, Georges Mischo, Jemp Gillen, Kaskaden, Martin Kox, Pim Knaff, Tom Favaro, Very Spautz
Next post Previous post