Search

You may also like

Vu Schueberfouer bis Festival de Wiltz: Kultur fält moer aus
International Meenung Neiegkeeten

Vu Schueberfouer bis Festival de Wiltz: Kultur fält moer aus

Duerch déi aktuell Pandemie an d’Decisioun vun der Regierung, datt

MamMuseeAndNatur – De Bësch a seng Bewunner spilleresch entdecken
International Meenung Neiegkeeten

MamMuseeAndNatur – De Bësch a seng Bewunner spilleresch entdecken

No schwierege Méint wärend an nom Confinement freeën sech besonnesch

Verfassungsreform: Kommen ADR an CSV sech nees méi no?
International Meenung Neiegkeeten

Verfassungsreform: Kommen ADR an CSV sech nees méi no?

Wann d‘Covid19-Pandemie nach ëmmer d‘Aktualitéit beherrscht, esou ass net, wéi

Fräiheet fir déi katalanesch politesch Prisonéier

Fräiheet fir déi katalanesch politesch Prisonéier

E Méindeg sinn schwéier Prisongsstrofe géint katalanesch politesch Leader verhaange ginn: déi Ugeklote sinn zesummen zu 100 Joer Prisong an 90 Joer Mandatsverbuet veruerteelt ginn! Dat ass e Verdikt deen dem Franco wierdeg wier… Hiert Verbriechen? Si hunn sech fir d‘Onofhängegkeet agesat an e Referendum organiséiert. Elo ass d‘Revendicatioun zugonschten der Selbstbestëmmung vun engem Vollek, an de friddlechen zivillen Ongehorsam géintiwwer Ongerechtegkeeten, en elementaart demokratescht Recht.

Dat Ganzt ass eng Condamnatioun zum Schluss vun engem ongerechten, partiellen an onéierleche Geriichtsprozess. E Prozess dee vum éischten Ament un eng Farce war. An dat hu mir net erfonnt. Déi spëttesch Attitude vum Tribunal, seng abusiv Taktik fir nëmmen d‘Versioun vun der Police, de Verbuet déi katalanesch Sprooch ze notzen an déi feindlech Haltunge géintiwwer den Ugekloten an hire Familljen, ass vun enger Dosen Observateuren denoncéiert ginn.

Et handelt sech ëm e Prozess géint Persounen déi säit zwee Joer agespaart sinn. Eng abusiv preventiv Detentioun déi gänzlech onberechtegt war. Mi sinn net déi eenzeg déi dës Abusen denoncéieren. Déi sinn och vun Organismen an Entitéiten, déi am Beräich vun de Mënscherechter schaffen – esou wéi den UN-Aarbechtsgrupp zur willkürlecher Detentioun, Amnesty International, International Trial Watch, den internationale Reseau EuroMedRights, déi international Federatioun vun de Mënscherechter an esouguer den europäesche Rot.

déi lénk veruerteelt dës sougenannte „Justiz“ an denoncéiert och d‘Ënnerstëtzung déi d‘EU dem Regimm vu Madrid an dëser Affär ginn huet.

Et ass net un déi lénk sech zum Statut vu Katalounien ze prononcéieren. Dës Decisioun mussen d‘Katalane souverän selwer huelen. De Opstand vun de Katalane geet wäit iwwert déi national Fro eraus: et ass den Echo op eng grouss Onzefriddenheet vun engem groussen deel vun der Bevëlkerung am spuenesche Staat, géintiwwer den autoritäre Politike vun de successive Regierungen zu Madrid.

Staark Mobilisatioune fannen den Ament a Katalounien statt, fir d‘Fräiheet vun de politesche Prisonéier ze fuerderen. Dat beispillsweis mat engem Generalstreik, dee schon fir dëse Freideg 18. Oktober annoncéiert gouf. Mir ënnerstëtzen och d‘Protestaktioun déi vun der katalanescher National-Assemblée (ANC) zu Lëtzebuerg e Samschdeg, 19. Oktober op der Clairefontainesplaz an der Stad Lëtzebuerg organiséiert gëtt.

Mir fuerderen d‘Fräiloossung vun de politesche katalanesche Prisonéier an d‘Amnestie vun de Veruerteelten. De Kampf vun de katalanescher Bevëlkerung, géint d‘Repressioun an déi autoritär Ausaartung ass och eisen!

Matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem franséischen Iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © Jim Roberts (via Twitter)

Related topics Carles Puidgemont, Geriichtsuerteel, Katalounien, Mariano Rajoy, Oriol Junqueras, Pedro Sanchez, Separatisten
Next post Previous post