Search

You may also like

Entspaante Gemengerotssëtzung zu Fréiseng
International Neiegkeeten WTF

Entspaante Gemengerotssëtzung zu Fréiseng

D‘Gemengerotssëtzung zu Fréiseng gëtt traditionell mat de schrëftleche Froe vu

Et soll iwwert de Gardiennage legiferéiert ginn
International Neiegkeeten WTF

Et soll iwwert de Gardiennage legiferéiert ginn

Datt et bezunn op d‘Aktivitéite vun de private Sécherheetsentreprise schonn

dislike
Presidentewal am Kenia annuléiert
International Neiegkeeten WTF

Presidentewal am Kenia annuléiert

Um Freideg huet den ieweschte Geriichtshaff am Kenia eng historesch

surprise

Katalounien: De Carles Puidgemont ënner Zuchzwang

Katalounien: De Carles Puidgemont ënner Zuchzwang

De katalanesche Separatisteleader Carles Puidgemont, zanter November am Bréisseler „Exil“, ass e Sonndeg opgefuerdert ginn zréck a Spuenien ze kommen, fir sech nees als President vun der autonomer Regioun Katalounien wielen ze loossen. Dat nodeems d‘Verfassungsgeriicht entscheet huet, datt hien am Ausland weder gewielt, nach vun do aus regéiere kann.

Elo wëll de Carles Puidgemont dann „an de nächste Stonnen“ bei der Justiz d‘Erlaabnes anhuelen, fir un der fir en Dënschdeg ugesate Sëtzung am Regionalparlament deelzehuelen. Da soll den Debat, de Vott an d‘Investitur vum neie President iwwert d‘Bühn goen, esou d‘Ukënnegung vum Josep Rull, e Parlamentarier vum Grupp „Zesumme fir Katalounien“ (JxCat).

D‘Verfassungsgeriicht, huet um Samschdegowend an enger Drénglechkeetssëtzung eestëmmeg beschloss, datt de Kandidat fir d‘Presidence, géint deen et en Haftbefehl gëtt, net „aus der Distanz“ ka gewielt ginn. Hie muss zréck kommen, sech der Police stellen, dann den Haftriichter bieden him ze erlaben un der Parlamentssëtzung dierfen deel ze huelen.

Vu Madrid ofgesat a mat engem Haftbefehl an den Exil „gezwongen“, war sech de Carles Puidgemont an déi wou him no stinn, sech nach bis gëschter sécher, datt hie via Videokonferenz oder mëttels Prokuratioun kéint gewielt ginn. A Virfeld hat de fréiere Journalist och ugebueden zréckzekommen, wann et d‘Garantie géif ginn, datt hien net verhaft gëtt.

De Josep Rull huet a senger Annonce net preziséiert, op den zukünftege President vu Katalounien elo bereet ass sech verhaften ze loossen. Gewosst ass awer, datt et och fir Madrid e gliddegt Eisen ass. De Carles Puidgemont ass den eenzege Kandidat fir d‘Presidence vun der autonomer Regioun, an eng „Erneierung“ wéi se vun der Zentralregierung erhofft war, gëtt et esou net.

A firwat net Katalounien ouni de Puidgemont?

Den Deputéierte vun der „Republikanescher Lénker vu Katalounien“ (ERC), Joan Tarda, huet an engem e Sonndeg verëffentlechten Interview gemengt, datt de Carles Puidgemont e bëssi Patriotismus kéint weisen, an unhuelen ersat ze ginn. „Et ass noutwenneg datt mir eng Regierung hunn. Wann een dofir de President Puidgemont muss afferen, dann ass deem eben esou“.

Erënnere mer eis awer nach, datt Katalounien, no senger Onofhängegkeetserklärung de 27. Oktober, vun der Zentralregierung ënner Momper gestallt gi war. De Premierminister Mariano Rajoy hat dann och däitlech gemaach, datt d‘Regioun seng Autonomie eréischt da kéint zréck kréien, wann et nees e Regionalparlament hätt, dat sech och Verfassungskonform behëlt.

„Mir kënnen et net riskéieren, déi grouss Victoire bei de Neiwahle vum 21. Dezember op d‘Spill ze setzen“, esou de Joan Tarda. „Op de Carles Puidgemont déi nächst Joer President ass oder och net, hie bleift ëmmer eise President a geet an d‘Geschicht an“. En Argument dat een esou duerchaus vertriede kann, mee och vun anere misst gedeelt ginn.

A genee hei gëtt et komplizéiert, well dem Carles Puidgemont seng Partei „Zesumme fir Katalounien“ (JxCat) huet ee Sonndeg kloer gestallt, datt si keen anere Kandidat wäert opstellen. „Et gëtt kee Plang B fir d‘Demokratie!“, esou de Eduard Pujol, Sprieche vu JxCat. „Et ass de Wëlle vum Vollek de Puidgemont ze wielen, a säi Recht als President ze siegéieren“.

De President vum katalanesche Parlament, Roger Torrent, dee ganz formell de Carles Puidgemont als Kandidat genannt huet, hat e Sonndeg net op d‘Entscheedung vum Verfassungsgeriicht reagéiert. Dat hat hien – an déi weider Membere vum Parlamentsbüro – allerdéngs gewarnt, datt et hinne kéint „schlecht ergoen“ wa se dem Verfassungsgeriicht net follegen.

Op et eng gescheit ass, säitens de Magistrate vum Verfassungsgeriicht, op dës Aart a Weis fir d‘Zentralregierung, an indirekt de Premierminister Mariano Rajoy, Partei ze ergräifen, dorunner zweiwelen awer elo och all déi, wou géint d‘Onofhängegkeet sinn. An eigentlech erhofft sech jiddereen datt nees Rou akéiert an d‘Justiz den Haftbefehl géint de Puidgemont ophieft.

mam Daniel Silva/AFP

Foto: Et hëlleft näischt. Fir President vu Katalounien ze ginn, muss de Carles Puidgemont zréck a Spuenien a sech der Justiz stellen. © Pau Barrena/AFP

Related topics Carles Puidgemont, Katalounien, Onofhängegkeet, Verfassung
Next post Previous post