Search

You may also like

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
Neiegkeeten

Fir de Referendum a Katalounien

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!
Neiegkeeten

Fir dëse Lëtzebuergesch-Quiz brauchs du Nerven aus Stol!

[onionbuzz quiz-id=191][/onionbuzz] Wéi all Freide presentéiere mer och haut eisen

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck
Neiegkeeten

Spärung vun der Opfaart a Sortie Echangeur Helfenterbréck

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt muer mam Reamenagement vun der N34

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump ënnerstëtzt d'Isolatioun vum Katar

Katar-Kris: Den Drock klëmmt

Den Donald Trump huet gëschter d’Länner aus der Golfregioun zur Eenheet opgeruff. Dat nodeems eng ganz Rei Staaten dem Katar de Réck gedréint an domadder eng gréisser Kris an der Regioun ausgeléist hunn. Nach am Moien hat den amerikanesche President d’Isolatioun vum Emirat ënnerstëtzt, an deem d’USA och ee strategesch wichtege Stëtzpunkt hunn.

Den Trump ënnersträicht an engem Telefonsgespréich mam Kinnek Salmane vu Saudi-Arabien „datt ee vereenegte Kooperatiounsrot vum Golf (GCC) kruzial ass fir den Terrorismus ze iwwerwannen an d’Stabilitéit an der Regioun ze promouvéieren“. De Kinnek huet, zesumme mat aner Länner, och entscheet, déi diplomatesch Relatiounen zum Katar ofzebriechen. Eng Entscheedung déi dorobber fousst, datt de Katar „den Terrorismus ënnerstëtzt“.

Informateschen Ugrëff

Déi zwee Staatscheffe hunn „déi essentiell Objektiver beschwat, fir de Finanzement vun terroristeschen Organisatiounen an d’Promotioun vum Extremismus vun all Land an der Regioun ze verhënneren“ ouni de Katar och nëmmen ee mol ze ernimmen, esou de Communiqué aus dem Wäissen Haus.

CNN wollt iwwerdeems um Dënschdegowend wëssen, datt russesch Internetpiraten d’Auteure vun engem informateschen Ugrëff op déi offiziell Presseagence vum Katar, Enn Mee, solle gewiescht sinn. CNN berifft sech hei op Enquêteure vum FBI déi de Katar bei der Opklärung ënnerstëtzen. Esou soll et Zil vu Russland sinn, Reiwungen tëscht den USA a sengen Alliéierten ze provozéieren.

Vum Gas op d’Brems

Déi berouegend Wieder vum Donald Trump stinn allerdéngs am krasse Widdersproch zu sengen Tweets, déi hien nach moies uechtert d’Welt geschéckt hat. Dës hate fir schlecht Stëmmung tëscht dem Katar an den USA gesuergt. Op Twitter hat den amerikanesche President duerchblécke gelooss, datt hien d’Isolatioun vum Emirat ënnerstëtzt, wëll deen den Extremismus géif finanzéieren.

Esou huet den Trump am Tweet geschriwwen, datt d’Isolatioun vum Katar „den Ufank vum Enn vum Horror vum Terrorismus“ géint bedeiten a weider „all Elementer déiten op de Katar“ am Bezuch op de Finanzement vum reliéisen Extremismus. Hien huet och ee Lien etabléiert, tëscht senger Ried zu Ryad an der Entscheedung den Emirat ze isoléieren: „Während menger rezenter Rees an de mëttleren Osten hunn ech affirméiert, datt de Finanzement vun der radikaler Ideologie muss ophalen. D’Dirigenten hate mam Fanger op de Katar gewisen. A kuckt do!“

D’Entscheedung um Méindeg vu Saudi-Arabien, Bahrain, de Vereenegten Emirater, Egypten an Jemen déi diplomatesch Relatioune mam Katar opzebriechen hunn eng schwéier Kris an der Regioun ausgeléist. Si huet eng Ënnerbriechung vun de Flich, d’Schléissung vun de maritimen a terrestresche Grenze mam Katar zur folleg. Gläichfalls ass ee Fluchverbuet fir déi kataresch Fluchgesellschaften an ee Reesverbuet ausgeschwat ginn.

Och Jordanien huet eng Reduzéierung vu senger diplomatescher Präsenz an d’Anzéie vun der Lizenz fir déi kataresch Tëlee „Al Jazeera“ op sengem Territoire ugekënnegt. Mauretanien huet sengersäits och déi diplomatesch Verbindunge ma Katar op Äis geluecht, esou hir offiziell Presseagence.

Mediatioun

Géinteniwwer dëser immenser Kris huet de Kuwait eng Mediatioun ageleet an den Emir Sabah Al-Ahmad Al-Sabah ass fir eng Entrevue mam Kinnek Salmane zu Jeddah ukomm. Och de Katar appelléiert fir en „éierlechen an oppenen Dialog“ nodeems se an enger éischter Reaktioun hirer Roserei fräie Laf gelooss haten.

Op Al Jazeera huet de Chef vun de katarescher Diplomatie, de Scheich Mohamed ben Abderrahmane Al-Thani verséchert, datt et säitens sengem Land keng „Steigerung“ géif ginn an erënnert un de „strategesche“ Charakter vu senge Bezéiunge mat den USA. Och op der BBC huet den Diplomat gesot, datt „et gëtt keen Element wat beweist, datt de Katar radikal islamistesch Kreesser géif ënnerstëtzen“.

D’Welt steet allerdéngs virun der gréisster Kris an der Regioun säit der Gebuert vum GCC 1981. De saudesche Kinnek huet dann och en Telefonsgespréich mam tierkesche President Recep Tayyip Erdogan gefouert, deen am Uschloss gemengt huet „d’Sanktioune géint de Katar si schlecht“.

Op där aner Säit hu sech den Emir vum Katar, de Scheich Tamim ben Hamad Al-Thani, an de franséische President Emmanuel Macron um Telefon ënnerhalen. De Macron rifft dann och zur Eenheet vun de Länner an der Golfregioun op a seet sech bereet „all Initiativ déi enger Berouegung notzen“ ze ënnerstëtzen. Och de russesche President Vladimir Putin soll den Emir vum Katar gebieden hunn d’Kris iwwert „de Wee vum Dialog“ ze léisen.

Aus strategescher Siicht

An deem den Trump den Toun gehuewen hat, huet hien Zweiwel iwwert d’Zukunft vun der gréisster militärescher „Airbase“ déi d’USA bei Doha ënnerhalen, opkomme gelooss. Hei sinn ronn 10.000 amerikanesch Zaldote stationéiert. Et ass och de Sëtz vum Militärkommando dee sech ëm de mëttleren Oste këmmert.

D’Basis vun Al-Udeid ass kruzial fir de Kampf géint den islamesche Staat (IS) a Syrien an am Irak, dee vun den USA geleet gëtt. Net ze vergiessen, datt de Katar ee Member vun der Koalitioun ass. Säitens dem Pentagon ass matgedeelt ginn, datt déi militäresch Operatiounen net vun der Kris betraff sinn.

Mëttlerweil suergt d’Kris och zu Lëtzebuerg fir Diskussiounen.

mam Ian Timberlake an David Harding (AFP)

Update 11.15: Verweis op Lëtzebuerg agebaut

Related topics Bahrain, Donald Trump, Egypten, Emmanuel Macron, IS, Jemen, Katar, Saudi-Arabien, Terrorismus, Vereenegt Emirater, Vladimir Putin
Next post Previous post