Search

You may also like

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung
International Neiegkeeten Sport

De Beetebuerger Laf am Zeeche vun der Erënnerung

Organiséiert vu „Spiridon 08 “, ass de Beetebuerger Laf de

What the Fakt – Haut ass Dag vum Adventskalenner!
International Neiegkeeten Sport

What the Fakt – Haut ass Dag vum Adventskalenner!

Wien hätt et gewonnert, datt um éischten Dezemberdag déi éischt

Editorial: Eng nei „al“ Regierung
International Neiegkeeten Sport

Editorial: Eng nei „al“ Regierung

Ech ginn net dervunner aus, datt et ee ginn huet,

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen

Méi wéi 6.500 Aarbechter si beim Bau vum Katar Stadion gestuerwen

Bei dësen Zuele kéint ee sech iwwerginn. Engem Rapport vun „The Guardian“ no, sinn op mannst 6.500 Aarbechter aus Indien, dem Pakistan, Nepal, Bangladesch a Sri Lanka wärend dem Bau vum Stadion zu Katar gestuerwen. An dat an engem Zäitraum vun 10 Joer – zënter datt d’Coupe du Monde 2022 un de Katar iwwerdroe ginn ass.

Dës Resultater, déi an offizielle Regierungsdokumenter fonnt gi sinn, kommen zum Schluss, datt säit 10 Joer duerchschnëttlech 12 Mënsche pro Woch verstuerwe sinn. Déi englesch Zeitung, ass sech bal sécher, datt Donkelziffer nach méi héich ass, well d’Resultater sech nëmmen op déi fënnef genannte Länner bezéien.

Nodeems d’Land am Noen Osten d’Coupe du Monde 2022 iwwerdroe kritt huet, hunn si eng grouss Unzuel vu „bëllegen Aarbechter“ aus wéineg entwéckelte Länner abestallt, fir beim Opbau vun der Infrastruktur ze hëllefen.

Soubal si ukomm sinn, hunn d’Migrante séier erkannt, datt si d’Fräiheet entzu kréien. Sou wéi de Ghal Singh Rai: Hien huet méi wéi 1.000 Euro bezuelt, fir beim Projet dobäi ze sinn – eng Woch no senger Arrivée huet hien sech d’Liewe geholl.

Katar Stadiontheguardian.com

An d’Erklärung vum räiche Land?

Dës Doudesfäll sinn op natierlech Ursaachen zeréck ze féieren. Eng abscheilech Rechtfäerdegung, wëll ënnert der erdréckender Hëtzt an drasteschen Aarbechtszäiten, sinn der bestëmmt ganz vill un schlechte Bedéngungen an Erschëpfung gestuerwen. Ee Rapport vun der UN beseet, datt d’Aarbechter op mannst wärend véier Méint ënnert dësen onmënschleche Konditioune geschafft hunn.

„Mir hunn de Katar gefrot, fir e Gesetz auszeschaffen, wat eng ëmfaassend Autopsie bei plëtzlechen oder onerklärlechen Doudesfäll virschreift, an datt all Desertifikatioun eng medezinesch Erklärung vun der Persoun enthält“, huet d’Hiba Zayadin vun Human Rights erkläert. Eng Ufro vun der katarescher Regierung, déi wäit dovunner ewech ass, en Dialog unzebidden, erschwéiert och weiderhin den Zougang zu den Zuelen an Informatiounen zu dëser ellener Affär.

Katar Stadiontheguardian.com

D’FIFA ass iwwert dat bedauerlecht Manöver vum klengen, awer räiche Land roueg. An dat ass leider keng Iwwerraschung. „Mat extrem héije Sécherheetsmoossnamen ass d’Accidents-Gefor beim Opbau vun der Infrastruktur fir d’Weltmeeschterschaft am Verglach zu anere Länner zimlech geréng.“

Wéi gesot, do gëtt et engem schlecht!

Text vum Tendai Michot / mental.lu

Opmaacherbild: Leo Dosdal / Unsplash

Related topics Bauaarbechter, bëlleg Aarbechter, Chantier, Doudeger, Dout um Bau, FIFA, Katar Stadion, The Guardian
Next post Previous post