Search

You may also like

Konschthal Esch: E Meeschterwierk mat atypeschem Charakter
International Neiegkeeten

Konschthal Esch: E Meeschterwierk mat atypeschem Charakter

D‘Konschthal zu Esch-Uelzecht ass méi, wéi eng Ausstellung. Et ass

Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021
International Neiegkeeten

Den Ëmweltministère invitéiert op den 1. Ëmweltdag 2021

Dësen Donneschden 29. Abrëll 2021 invitéiert de Ministère fir Ëmwelt,

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou
International Neiegkeeten

„Sputnik-V“: Den Zar léisst de Vaccin zou

Déi ganz Welt ass op der Sich no engem Vaccin

Haut ass den internationalen Dag vun der Katastrophenvirbeugung

Haut ass den internationalen Dag vun der Katastrophenvirbeugung

D‘Vereenten Natiounen hunn am Joer 2009 beschloss, den 13. Oktober zum internationale Dag vun der Katastrophenvirbeugung auszeruffen. Zemools d‘Zuel vun den Naturkatastrophen ass an de leschte Joren an d‘Luucht gaangen. D‘Ursaach dofir ass wuel de Klimawandel.

Katastrophë si schwéier Ereegnesser, déi vill Mënsche gläichzäiteg treffen. Och Déieren an d‘Ëmwelt sinn dovunner betraff. Dobäi sinn d‘Dimensioune vun de Schiet esou enorm, datt se net lokal oder regional behuewe kënne ginn. An de meeschte Fäll ass Hëllef vun ausserhalb néideg fir d‘Situatioun nees eenegermoossen an de Grëff ze kréien.

Zu de bekanntsten Naturkatastrophë gehéieren ënnert anerem Iwwerschwemmungen, Stierm, Äerdbiewen, Dréchent a Vulkanausbréch. Technesch Katastrophen – de Begrëff seet et schonn – sinn éischter grouss Explosiounen, Zuchonglécker, Fligeraccidenter, Stroumausfäll oder radioaktiv Verseuchungen. Och Ausfäll vu wichtegen Infrastrukturen, wéi Spideeler oder Terrorattacke kënnen zu technesche Katastrophë gehéieren.

Well dës Katastrophë meeschtens vill Affer fuerderen, schafft déi national an international Politik dorunner, extrem Ereegnesser ze verhënneren oder d‘Auswierkunge vun dësen ze miniméieren.

Katastrophenvirbeugung
© Vereenten Natiounen

D’Virbereedung op e Katastrophefall

Den internationalen Dag zur Katastrophenvirbeugung geet zeréck op eng Initiativ vun de Vereenten Natiounen am Dezember 1989. D‘Weltorganisatioun fir Meteorologie (WMO) huet Enn August ee Rapport verëffentlecht, dee weltwäit Katastrophenvirfäll aus de Joren 1970 bis 2019 statistesch auswäert.

Doranner steet, datt op mannst zéng Persounen hiert Liewe verluer hunn, wann de Staatsnoutstand ausgeruff an international Hëllef ugefrot ginn ass. Tëscht deem ganzen Zäitraum sinn iwwer 22.000 Ereegnesser registréiert ginn, wouvu méi wéi 11.000 Fäll naturbedéngt Katastrophë waren.

Fest steet och, datt d‘Zuel vun den Wiederkatastrophen geklommen ass. Reen a staark Stierm fuerderen sou munch Affer. Dobäi muss net gesot ginn, datt och de finanzielle Schued schwéier ass. An Europa sinn et zemools Hëtzten, déi zu de meeschten Doudesaffer féieren. Mënschlecht Handelen dréit leider dozou bäi Naturkatastrophen ze verschäerfen, mee och hei spille vill ënnerschiddlech Faktoren eng Roll.

Betrëfft d‘Katastroph ee bewunnte Gebitt oder net? Funktionéieren d‘Warnsystemer? Gëtt et een Noutfallplang? Dacks entscheet d‘Äntwert op dës Froen ob Mënschen zu Schued kommen an och wéi vill materielle Schued entsteet.

Fir eng besser Virsuerg hunn d‘Vereenten Natiounen de „Sendai Rahmenwerk für Katastrophenvorsorge 2015 -2030“ gestëmmt. D‘Zil vun dësem Plang ass et, bestoend Risiken ze vermeiden oder ze verhënneren sou wéi d‘Widderstandsfäegkeet der Bevëlkerung géigeniwwer vu Katastrophen ze verstäerken.

Weider Punkten vun der Strategie sinn d‘Virbereedung op e Katastrophefall besser ze preparéieren, Handlungsprioritéiten, Institutioune vun der Katastrophevirsuerg, Rehabilitatioun an international Zesummenaarbecht a global Partnerschaft.

Dobäi läit de Fokus an den nächste 15 Joer op der Reduzéierung vu Mënscheverloschter, Existenzgrondlagen an enger stabiller Gesondheet sou wéi wirtschaftleche, sozialen, kulturellen an ökologeschen Verméigenswäerter vu Mënschen a Gemeinschaften.

Déi ganz Strategie kann HEI gelies ginn.

Opmaacherbild: © Noaa Sg / unsplash

Related topics Äerdbiewen, Dréchent, Fligeraccident, internationalen Dag vun der Katastrophenvirbeugung, Iwwerschwemmungen, Klimawandel, Naturkatastroph, Virbereedung, Vulkanausbroch, Weltorganisatioun fir Meteorologie, Zuchongléck
Next post Previous post