Search

You may also like

money
Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer
International Neiegkeeten

Ze halal, ze wéineg Wäin: Dowéinst huet dëst Geschäft a Frankräich seng Pacht verluer

Eng Epicerie déi weder Alkohol nach Schwéngefleesch verkeeft, awer seng

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen
International Neiegkeeten

Kalifornien: D‘Wéngerte vu Napa a Sonoma am Feier ënnergaangen

Matten an de Ruinen déi nach dämpen, Fässer déi verkuelt

De Blankenberg Express gëtt vermësst
International Neiegkeeten

De Blankenberg Express gëtt vermësst

De G.A.R.(Groupement des Amis du Rail) hat am Juli eng

Feier an der Kathedral vu Nantes

De Schued ass immens, de Verdacht datt d‘Feier absichtlech geluecht gouf verhäert sech

Feier an der Kathedral vu Nantes

Et war ee Groussasaz deen direkt Erënnerungen un de Brand an der „Notre Dame“ zu Paräis ausgeléist huet. Honnerte Pompjeeën hunn an de fréier Mueresstonnen e Samschdeg zu Nantes Onméigleches leeschte missen, fir d‘Kathedral „Saint-Pierre et Saint-Paul“ ze retten.

Wärend de President Emmanuel Macron beim EU-Finanzsommet zu Bréissel festsëtzt an esou just iwwer Twitter matdeele kann, datt seng Gedanke bei de Bierger vun Nantes sinn, huet den neie Premier Jean Castex säi Programm ëmgeschmass, sech den Inneminister an d‘Kulturministesch gegraff fir sech mat eegenen Aen op der Plaz e Bild vun dëser Katastroph ze maachen.

KathedralGéintiwwer de Medien huet sech de franséische Premier éischter zougeknäppt gewisen. Hie wier komm fir den Awunner seng Solidaritéit auszedrécken an de Pompjeeë, fir hiren erfollegräichen Asaz e grousse Merci ze soen. Natierlech wëll hien, wéi och déi zwee Minister déi hien hei begleet hunn wëssen a verstoe wat sech bannent der Kathedral zougedroen huet. Si sinn do net eleng…

Tatsächlech stellen sech vill Froen op déi d‘Ermëttlungen, déi vum Procureur vun Nantes ageleet goufen, sollen Äntwerte bréngen. De Procureur Pierre Sennès huet mëttlerweil kënne bestätegen, datt d‘Feier op dräi verschidde Plazen zimmlech zäitgläich ausgebrach ass, wann ëmmer en Hiwäis op Brandstëftung ass. Dat Ganzt muss natierlech nach vun der Enquête bestätegt ginn.

KathedralFir d‘Ermëttlungen si Spezialiste vu Paräis erbäigeruff ginn. Hir Missioun ass et erauszefannen, wéi de Brand entstanen ass a sech d‘Feier dann ausgebreet huet. Et mécht zur Stonn wéineg Sënn sech a Spekulatiounen ze verléieren, esou de Procureur, deen ëm eppes Gedold gebueden huet. Den Ament misst ee begréissen, datt d‘Pompjeeë séier op der Plaz ware an dat schlëmmst verhënnert hunn.

D‘Feier ass kuerz virun 8 Auer moies gemellt ginn, an am spéide Virmëtteg haten d‘Männer vum Generol Laurent Ferlay, Chef vun de Pompjeeën am Departement „Loire-Atlantique“ de Brand ënner Kontroll. Trotz dem séieren agräifen ass de Schued un der Kathedral enorm. Déi grouss Uergel ass vollstänneg ofgebrannt. Et ass zudeem eng vun de Plaze wou d‘Feier lassgaangen ass.

Kathedral

D‘Feier ass nach net richteg aus an d‘Ermëttlunge fänken eréischt un. Kee Grond fir déi eppes faschistesch a friemefeindlech orientéiert Politiker (hei den Deputéierte vum rietsextreme Veräin „Debout la France“) mam Fanger op d‘Auslänner ze weisen. Am Internet hetzen a stëppelen ass wichteg wann ee wëll am Gespréich bleiwen.

Biller déi bannent der Kathedral vun de Pompjeeë gemaach goufen, weise wéi ee Schued d‘Feier ugeriicht huet. D‘Plattform op där d‘Uergel gestanen ass, huet misse geséchert ginn, d‘Mauerwierk ass vum Brand geschwäerzt, de Chouer wuel net méi retten an och vill onersetzlech Molereie sinn net méi ze retten. Och d‘Glas vun der Rosette un der Haaptfassad ass onwidderrufflech zerstéiert.

D‘Kathedral vun Nantes, déi den Apostele Pier a Pol gewidmet ass, gehéiert zu de Schätz an ass mat dat bedeitendst wat der Spéitgotik zougeschriwwe gëtt. De bau huet ëm 1450 ugefaangen a sech iwwert e puer Joerhonnerten higezunn. Virun engem hallwe Joerhonnert hat den Daachstull gebrannt, a sengerzäit huet et 13 Joer gebraucht, den Uert nees fir de Public opzemaachen.

mat indymedia/lil

Fotomontage: D‘Uergel aus dem 17. Joerhonnert ass endgülteg zerstéiert. Si hat déi franséisch Revolutioun an den zweete Weltkrich iwwerstanen. Och beim Brand am Daachstull vu viru bal 50 war dëst eemolegt „Instrument“ net beschiedegt ginn. Eng vun den dräi Brandstartplazen ass och ausgerechent bei der Uergel festgestallt ginn. © Hernan de Valle

Related topics Brandstëftung, Feier, Frankräich, Kathedral, Nantes
Next post Previous post