Search

You may also like

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge fanne keen Enn
International Neiegkeeten

Däitschland: Koalitiounsverhandlunge fanne keen Enn

Bei eisen däitschen Nopere stiechen déi als „Jamaika-Sondéierungsronn“ genannte Koalitiounsgespréicher

Den ACL begréisst d’Vania Henry an der Ekipp vun der Direktioun
International Neiegkeeten

Den ACL begréisst d’Vania Henry an der Ekipp vun der Direktioun

De Lëtzebuerger Automobilclub (ACL) ass frou d’Vania Henry a senger

Pelzegen Held: Der Rat Magawa hir erfollegräich Sich no Landminnen
International Neiegkeeten

Pelzegen Held: Der Rat Magawa hir erfollegräich Sich no Landminnen

Alt erëm muss een zouginn, datt d’Raten hire schlechte Ruff

Geständnes no Brandstëftung an der Kathedral vun Nantes

Geständnes no Brandstëftung an der Kathedral vun Nantes

Nom Feier an der Kathedral hat et séier de Verdacht ginn, datt hei nogehollef ginn ass, firwat de Procureur entspriechend Ermëttlungen an d‘Wee geleet hat. D‘Police hat dann och séier eng der Brandstëftung verdächteg Persoun festgeholl, dës dann awer nees goe gelooss.

Beim Verdächtegen handelt et sech ëm en 39 järege Mann aus Ruanda, deen zanter bal fënnef Joer als „Altor-Dénger“ an der Por täteg war. Hie war verantwortlech fir d‘Op- an Zouschléisse vun der Kathedral an hat esou liichten Zougang zum Gebai. D‘Police hat zudeem séier festgestallt, datt et keng Effraktioun ginn hat, firwat de Mann dann och séier an de Fokus vun der Enquête gerode war.

Hie war leschte Sonndeg befrot ginn, a konnt scheinbar de Verdacht iwwerzeegend vu sech weisen, firwat hien dann och nees konnt heemgoen. Gëschter dunn awer war Schluss an d‘Police huet de Mann um Samschdegmueren op en Neits verhaft. Bei der Interrogatioun huet dësen dann endlech seng Schold agestanen, a zouginn d‘Feier op den dräi Plazen an der Kathedral geluecht ze hunn.

De Procureur vu Nantes, Pierre Sennès huet säi Placement an Detentioun ugeuerdent. Aus dem Communiqué vum Parquet: „Déi éischt Resultater, déi vum zentrale Laboratoire vun der Police-Prefektur matgedeelt goufen, privilegiéieren déi kriminell Pist. Beim presenten Delikt muss den Delinquent mat enger Prisongsstrof vun 10 Joer, an enger Geldstrof vun 150.000 Euro rechnen“.

Fir de Rektor vun der Kathedral, de Paschtouer Hubert Champenois eng onverständlech dot vun dësem Refugié, déi iwwert déi ganz Joren zouverlässeg a loyal matgeschafft huet. De Schued ass immens a villes vun deem wat d‘Feier zerstéiert huet, ass onwidderrufflech verluer. Esou d‘Uergel an eng Molerei vum Hippolyte Flandrin. D‘Renovatioun wäert sech iwwer dräi Joer hinzéien.

mat indymedia/par

Illustratioun: D‘Kathedral vun Nantes, déi den Apostele Pier a Pol gewidmet ass, ass eng vun de Pärelen, déi d‘Spéitgotik ervirbruecht huet. An de 70er Joren hat den Daachstull gebrannt, mee et konnte sengerzäit d‘Uergel a vill wäertvoll Konschtgéigestänn gerett ginn. © Simon Pallard / unsplash

Related topics Benevolat, Brandstëftung, Kathedral, Nantes, Verhaftung
Next post Previous post