Search

You may also like

Naturschutzgebitt a Vulleberéngungsstatioun: D’Schlammwiss a Coronazäiten
Meenung Neiegkeeten

Naturschutzgebitt a Vulleberéngungsstatioun: D’Schlammwiss a Coronazäiten

Bedéngt duerch d’Coronapandemie kënne momentan weder geféiert Wanderungen duerch d’Schlammwiss,

Weltwirtschaftsforum: Kee kann sech selwer esou luewe wéi den Donald Trump
Meenung Neiegkeeten

Weltwirtschaftsforum: Kee kann sech selwer esou luewe wéi den Donald Trump

Si hunn him d‘Erëffnungsried iwwerlooss an den Donald Trump huet

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!
Meenung Neiegkeeten

The Disliked – Release Party vu „Reggae Rescue“!

Reggae-Fans opgepasst! D’Lëtzebuerger Band The Disliked invitéiert ganz houfreg op

Einfach waarde bis Gras driwwer gewuess ass (Kommentar)

Sexuelle Mëssbrauch duerch déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg relativiséiert sech...

Einfach waarde bis Gras driwwer gewuess ass (Kommentar)

Datt déi kathoulesch Kierch sech zu Lëtzebuerg net muss un ierdesch Gesetzer halen ass dat eent, datt si sech „selwer“ Kontrolléiert dat anert. E Freideg war de Generalvikar Patrick Muller am RTL-Journal zu Besuch, wou hien och op de Bistum-Communiqué agaangen ass.

An dësem ass et ëm de Joresbericht vun der Kontaktstell fir Mëssbrauchsaffer vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg gaangen. Dëse Bericht vun 2020, aus deem géif ervirgoen – et kann sech jo nëmmen op dem Kierchemann seng Ausso, an dat wat d‘Internetsäit vum Bistum hiergëtt bezéien, well esou transparent, datt de Rapport „ëffentlech“ wier, sinn eis kannerléiwend Kierchemänner dann awer net. Ob sech tatsächlech am Joer 2020 nëmmen 2 Affer solle bei der Kontaktstell gemellt hunn?

Jiddefalls geet aus dem Communiqué ervir, datt de Generalvikar all gemellte Fäll un de Procureur weidergeleet huet. Den dierft de Problem hunn, datt eng realistesch Enquête zu Virfäll aus dem Zäitraum 1960-69 kaum méiglech ass an d‘Faite – esou wëll et d‘Gesetz – längst verjäert sinn. Zudeem sinn d‘Täter schonn dout oder zumindest ural. D‘Geriichtsbarkeet geet folgerichteg nees un déi kathoulesch Kierch zeréck, déi selbstverständlech all dës Dote ganz streng bestrooft.

Esou heescht et do: „Nom Ofschloss vun engem am Optrag vun der réimescher Kongregatioun fir d‘Glawensléier gefouerten administrative Strofprozess, huet den Äerzbëschof engem Paschtouer dauerhaft verbueden, de paschtouerlechen Déngscht ëffentlech auszeüben, esou wéi sech eleng mat mannerjäregen opzehalen“. Et schéngt also, wéi wann de Kardinol Jean-Claude Hollerich vun de pedophillen Tendenze vum Kierchemann iwwerzeegt ass. An awer hält hien d‘Hand driwwer?

Weider heescht et datt „Leeschtungen an Unerkennung vum Leed, dat Affer vu sexueller Gewalt am Beräich vun der Kierch zougefüügt gouf, goufen an dräi Fäll ausbezuelt. Et handelt sech dobäi ëm Fäll déi an der Joren 2018 an 2019 gemellt goufen“. Vill Geld gëtt et keent, et handelt sech heibäi ëm en éischter symbolesche Gest, well den Affer géif et jo schonn duer goen, datt hiren Doleance Rechnung gedroe gouf. Datt d‘Täter selwer ni (wierklech) zu Rechenschaft gezu ginn, also ee Fakt?

kathoulesch Kierch

Am Marieland Lëtzebuerg jiddefalls, mussen sech Kierchemänner ob hirer ierdesche Verbriechen och an Zukunft keng gréisser Suerge maachen. Schlëmmstefalls gëtt – esou de Communiqué – den Täter aus der „Ëffentlechkeet“ geholl, an esoulaang wéi nach eng Opsiichtspersoun bei Hand ass, dierf da nees weider mat Kanner interagéiert ginn. Fir de Generalvikar Patrick Muller, deen d‘Kanner och soll besonnesch léif hunn, ass den Dossier vum Belairer Paschtouer domadder zou.

Och den zivilrechtleche Volet vun dësem Virfall aus dem Joer 2008 (Den deemools 52 järegen hat ee véierzéngjärege Bouf op enger Pilgerrees vergewaltegt) ass ofgeschloss. De Patrick Muller ass also mat sech, senger Här an der réimesch-kathoulescher Kierch am Rengen. Déi geréngfügeg Verfeelungen – vu datt d‘Rapporten am eegenen Haus erstallt an net der Ëffentlechkeet zougänglech sinn – vun de Kierchemänner zu Lëtzebuerg, betreffen Eenzelfäll a stellen d‘Ausnam duer.

Illustratioun: Ee Sproch, deen dem Jean-Claude Hollerich seng Salariéeën zuweilen eppes ze vill wuertwiertlech huelen. Woubäi, streng geholl wier och bei eis zu Lëtzebuerg d‘Pedophilie ee Verbriechen. Et muss een et allerdéngs zäiteg zur Uklo bréngen an sech op ee verstéierend an laang unhalend Verfaren astellen, an den Ausgang ass ëmmer ongewëss. Dat huet vill domadder ze dinn, datt et kaum Riichter am Land gëtt, déi d‘Wuert vun der Kierch an Zweiwel zéien. © Rod Long / unsplash

Related topics Generalvikar, Jean-Claude Hollerich, Kardinol, kathoulesch Kierch, Patrick Müller, Pedophilie
Next post Previous post