Search

You may also like

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert
International Neiegkeeten

Erfollegräich Schnoffelnuesen: Ronn zwou Milliounen Euro Boergeld um Findel opgespuert

Wéi d’Douane an de Wirtschaftsministère matdeelen, hunn déi zwee Hollandse-Herder-Geldspierhënn

dislike
#Metoo, erkläert
International Neiegkeeten

#Metoo, erkläert

Deen een oder aneren vun iech huet et villäicht schonn

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben
International Neiegkeeten

Weltnierendag 2020 – Kleng Organer, grouss Aufgaben

Um haitegen Weltnierendag läit de Fokus op der Gesondheet vun

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot

Kausa George Floyd: All bedeelegt Polizisten ugeklot

Et huet laang, wéi esou oft ze laang, gedauert, mee elo steet et fest. De Generalprocureur vum US-Bundesstaat Minnesota huet nom Dout vum George Floyd géint déi mëttlerweil alle véier aus dem Déngscht entloosse Polizisten Uklo erhuewen. Och ass d‘Dot selwer elo als „2nd Degree Murder“ agestuuft ginn, firwat dem Derek Chauvin bei enger Verurteelung bis zu 40 Joer Prisong dreeën.

FloydDéi aner dräi „bedeelegt“ mussen sech wéinst Bäihëllef an Ustëftung zum Mord veräntweren. Eng Offiziell Stellungnam war zum Zäitpunkt vun der Berichterstattung nach net ze kréien, mee et soll an dësem Zesummenhang um haidegen Donneschdeg eng Pressekonferenz ginn, bei där den Detail wäert erläutert ginn. Firwat et an den USA an esou Fäll „laang“ dauert hate mir schonn erkläert.

Och zu den Ëmstänn déi zum Dout vum Afroamerikaner gefouert, ass esouwäit alles gesot ginn an den Ament heescht et fir Amerika sech nees an de Grëff ze kréien. An esou zimmlech alle Groussstied huet et Protester, Gewalt a Geraibers ginn, wat deels zum Asaz vun der Nationalgard gefouert huet. Leider ass den US-President keng Hëllef am Kontext vun der Deseskalatioun.

Floyd

Dat ass d‘Siicht vun den Amerikaner déi hannert dem Trump stinn…

Zu Bréissel huet den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borrell, d‘Policegewalt an den USA „bedauert“. Den däitschen Ausseminister Heiko Maas huet sengersäits Kritik um Ëmgang mat de Medie geüübt, dat awer elo och méi well Journaliste vun der Deutsche Welle (DW) widderholl zur Zilscheif vun duerchgeknallte Sécherheetskräfte gi waren a beschoss goufen.

Zu Lëtzebuerg üübt sech d‘Regierung an Zeréckhaltung, kee Statement, beschtefalls och hei just esou eppes wéi bedaueren. Dat wäert awer net ze hale sinn, scho muer Freideg kënnt et zu enger Demonstratioun virun der US-Ambassade, wat eigentlech wéinst der Covid19-Pandemie esou net zoulässeg wier. Op sech d‘Regierung erlabe kann, dat ze verhënneren, ass elo awer net gewosst.

Floyd

Dat ass d‘Siicht vun den Amerikaner déi hannert dem Trump stinn…

Gewosst ass, datt sech hei och politesch Acteuren a méiglecherweis esouguer Parteien, dem Protest wäerten uschléissen. Nodeems den US-President awer elo den Antifaschismus (Antifa) zur Terror-Organisatioun erkläert huet, déi nëmmen aus lénken Extremiste besteet déi d‘Demokratie bedreeën, dierft et net méi ubruecht sinn, sech erauszehalen a vun „Neutralitéit“ ze schwätzen.

Dobäi erwaart a fuerdert kee vun eiser Regierung an der Chamber, sech géint d‘Amerikaner als Vollek opzestellen, mee hir Positioun géintiwwer der Trump-Regierung ze verdäitlechen. Hei geet et net ëm „Amëschung an déi national Interesse vun den USA“. Et gëtt allerdéngs héich Zäit den ëmmer méi erkennbaren Drift zu enger autoritärer Politik a Fro ze stellen. Partner halen dat aus…

Floyd

Well dovunner auszegoen ass, datt eis Sécherheetsdéngschter hir gutt Bezéiungen zur Ambassade an den amerikanesche Sécherheetskräften net wäerten op d‘Spill setzen, ass et méiglech, datt et zu enger verstäerkter „Iwwerwaachung“ vun den Demonstrante komme kann. Dat war esou de Fall zu London an zu Berlin, ähnlech Informatiounen aus Frankräich loossen sech net bestätegen. Wien also net eppes op „digitale“ Schutz setzt, sollt ee puer Rotschléi behäerzegen. Dat ass iwwregens kee Verstouss géint Gesetzer an jiddereen dee sech um Protest bedeelegt, ass gebueden dat friddlech ze maachen.

mat indymedia/min

Foto: No iwwer eng Woch massivem Protest a nach méi Gewalt, sinn all d‘Polizisten, déi um déidlechen Iwwergrëff bedeelegt waren, elo an Untersuchungshaft an ugeklot. (v.l.n.r.) Tou Thao, Derek Chauvin, J.Alexander Kueng an Thomas Lane (Fotocredit/release: Henn.Co.Jail)

Related topics Antifa, Donald Trump, George Floyd, Opstand, Policegewalt, Protest
Next post Previous post