Search

You may also like

RTL Gold, deen neie Webradio zu Lëtzebuerg
Kultur Neiegkeeten

RTL Gold, deen neie Webradio zu Lëtzebuerg

Den neie Webradio RTL Gold zu Lëtzebuerg, riicht sech an

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!
Kultur Neiegkeeten

CFL: 29 nei Kontrolleure sinn zougelooss ginn!

Gëschter Moien huet den Transportminister François Bausch 29 neie Kontrolleure

Privatiséiert Sécherheet: „illegal an onnëtz“
Kultur Neiegkeeten

Privatiséiert Sécherheet: „illegal an onnëtz“

De Programm „schwaarz Sheriffer“ vun der Stad Lëtzebuerg, schéngt sech

150 Joer Kavalkad Zu Dikrech

150 Joer Kavalkad Zu Dikrech

Den 23. Februar ass et nees esouwäit: pénktlech um 14.30 Auer start déi 41. Editioun vun der Dikrecher Kavalkad. Eng Editioun, déi de virechte gläicht an awer eng ganz besonnesch ass.

2020 ass deemno ee ganz besonnescht Joer fir d‘Frënn vun dëser 5. Joreszäit, wou den Uz, de Witz an d‘Ironie den Toun uginn. Firwat? Ma et ass den 150 Joresdag vun der Kavalkad an dëser klenger Sauerstad, wou 1870 den éischte Karnevalsëmzuch organiséiert gouf.

Et ass also ee Jubiläum, an esou e besonneschen Dag verlaangt no besonnesche Moossnamen. D‘Eselen aus der Sauerstad Dikrech Asbl hu sech zu dësem Ulass e Lidd „mam Esel un der Spëtzt“ komponéieren a produzéiere gelooss, an ee Buch mat 500 Säiten a 675 Biller gouf och gedréckt. Heiranner fënnt een dei ganz Geschicht vun de Karnevalsëmzich vun Dikrech.

Kavalkad

Dëst Buch gëtt den 20. Februar am Haus vun der Kultur virgestallt, wou dann och eng Ausstellung mat villen interessanten Artefakten a Biller ugebuede gëtt. Am Kontext vum Jubiläum gëtt dann och den 20. Juni den éischten „Summernuecht-Fuesbal“ mat den Dompiraten an der aler Seeërei fir d‘Frënn vun der Fuesent organiséiert. Wéi ee gesäit, d‘Eselen hunn sech eng virgeholl…

Vu wat een eppes weess a wouriwwer ee beriichte sollt

Dëst Joer maachen d‘Haaptsponsore vun der Kavalkad op engem Won virum eigentlechen Ëmzuch den Optakt. Hei gi vill Leckereie, wéi och Béier a Schampes gereecht, firwat et sech lount zäiteg op der richteger Plaz ze stoen. Den „Intermezzo“ tëscht dem Sponsore-Won an dem eigentlechen Ëmzuch gëtt vun der Marching Band „Luma“ assuréiert, esou datt engem net wäert langweileg sinn.

Wat d‘Streck vum Ëmzuch betrëfft, esou féiert déi vun der Gilsdrefer-Strooss, duerch d‘Fielsser-Strooss iwwert d‘Strooss Alexis Heck, d‘Esplanad, d‘Wëllem-Plaz, d‘Strooss Stavelot an d‘Garer-Strooss bis ebe bei d‘Gar vun Dikrech. Dat sinn eng 2 Kilometer, an déi 58 Gruppen dierften hei en ament brauchen. Schliisslech gi bis zu 6 Tonne Kamellen a vill anert Geschir un de Public verdeelt.

De leschte Won sollt da géint 17. 30 Auer bei der aler Seeërei ukomm sinn, wou et da géint eng 19 Auer zur Präisiwwerreechung kënnt. Fir déi beschte Gruppe gëtt esou e Präisgeld am Gesamtwäert vun 5.475 Euro ausbezuelt. Heibäi dierft dann esou lues awer sécher, och deen eppes méi fiichten Deel vun der Kavalkad agelaut ginn. Woubäi de „kulturelle“ Programm ganz Dikrech betrëfft…

Esou eppes kriss de net geschenkt, et muss sech ugestrengt ginn

D‘Organisatioun vun dëse sämtleche Festivitéiten, d‘Lidd, d‘Buch an d‘Ausstellung, dat ka sech jo jidderee gutt virstellen, huet natierlech och ee Präis. Eleng vir den Ëmzuch hunn d‘Eselen aus der Sauerstad Dikrech Asbl eng 120.000 Euro agerechent. Onkäschten déi den ESB engersäits iwwert d‘Sponsoren, anersäits iwwert den Entréesticket (mat Gratistombola) ze decke versicht.

Kavalkad

De Sonndeg 23. Februar gëtt et an der Sauerstad ab 13 Auer Animatioun. Op der Kluuster leet vun 13 bis 18 Auer den DJ Paul op. Am Stadzentrum ass et den DJ Maji, dee vu 16 bis 22 Auer fir Stëmmung wäert suergen. Et muss een sech deemno net nom Ëmzuch verfuussen, woubäi et jo och nach an der aler Seeërei en zolitte Bal gëtt, wou da bis déif an d‘Nuecht era gefeiert ka ginn.

All weider Informatioune fannt dir wéi gewinnt op www.cavalcade.lu an/oder op der Facebooksäit vun den Eselen aus der Sauerstad Dikrech Asbl

Foto: © Daniel Fazio / unsplash

Related topics Dikrech, ESD, Eselen aus der Sauerstad Dikrech Asbl, Fuesent, Kavalkad
Next post Previous post