Search

You may also like

Etüd zum Lockdown: Déi mental Gesondheet huet virun allem bei Jonke gelidden
International Neiegkeeten

Etüd zum Lockdown: Déi mental Gesondheet huet virun allem bei Jonke gelidden

Zesumme mat TNS Ilres huet de STATEC eng national Etüd

Landwirtschaftskummerwahlen: Hei sinn d’Resultater
International Neiegkeeten

Landwirtschaftskummerwahlen: Hei sinn d’Resultater

Bei den desjärege Landwirtschaftskummerwahlen si Landwirten, Wënzer a Gäertner net

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague
International Neiegkeeten

Greenpeace: Damp um Dach vun der Fabrik Orano zu La Hague

D’Aktiviste vu Greenpeace Frankräich hunn de 25. Januar moies ee

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York

Ëmmer méi Kanner gi mat mysteriéisen Entzündungen an d‘Spideeler ageliwwert an d‘Doktere gesinn en Zesummenhang mam Coronavirus. Ass et méiglecherweis de Kawasaki-Syndrom?

Covid19: Schlecht Nouvellen aus New York

Nodeems mir gëschter vun der Visiokonferenz vun de Membere vum US-Senat mam Immunolog, dem Dokter Anthony Fauci schonn op „betraffe“ Kanner higewisen haten, ass et elo den Andrew Cuomo, Gouverneur vum Bundesstaat New York, deen elo zolidd Alarm schléit. Eleng zu New York heefen sech zanter 14 Deeg an de Kannerspideeler nei Krankheetsbiller an Onrou kënnt op.

Laut den Dokteren, wier an deene wäit iwwer honnert Fäll déi aktuell bekannt sinn, eng Relatioun zur Covid19-Infektioun erkennbar. Béi dësem sougenannte multipellen Entzündungssyndrom, kann et sech ëm dat seele Kawasaki-Syndrom handelen, mee Gewëssheet gëtt et zu Stonn net. Geséchert ass datt dës Krankheet zwar immens geféierlech, mee an de meeschte Fäll behandelt ka ginn.

Wat ass dat?

De Kawasaki-Syndrom, benannt nom japanesche Kannerdokter Tomisaku Kawasaki ass eigentlech ee „mukokutaant Lymphknietsyndrom“ déi sech duerch eng Entzündung vun de vasculaire Gefässer ervirdeet, an oft och zu enger systemescher Entzündung vu villen Organer gläichzäiteg féiert. Et ass eng Krankheet, déi haaptsächlech kleng Kanner bis 5 Joer betrëfft. Haaptsächlech mee net nëmmen.

Zu New York, wou schonn dräi Kanner un de Folge vun dëser Krankheet verstuerwe sinn, gouf och ee Kand vun 9 Joer mat dëse Symptomer diagnostizéiert. Bei dësem Bouf, deem et den Ëmstänn entspriechend gutt geet an ausser Gefor ass, gouf och de Covid19-Virus nogewisen. Eng ganz Rei Tester goufe gemaach, an déi schéngen zimmlech Opschlossräich Informatiounen erginn ze hunn.

Méi Tester dréngend noutwenneg

Op der Kanner-Intensivstatioun vum Private Spidol-Grupp „Northwell Health“ sinn esou schon eng 40 Kanner behandelt ginn, hei awer ass et d‘Altersklass vun de 5 bis 15 järegen, déi am heefegste betraff ass. All dës Kanner haten entweder eng Akut Covid19-Entzündung oder si positiv op Anti-Kierper getest ginn. Wéi béid Krankheeten zesummepassen oder sech beaflossen, ass net gewosst.

Dëst „neit“ Krankheetsbild trëtt eréischt zanter 14 Deeg richteg siichtbar op, villes ass onbekannt an ee Lien tëscht Covid19 a Kawasaki léisst sech – well et nach ze wéineg Informatioune gëtt – esou net mat Sécherheet beweisen. Vun den 103 Kanner, wou den Diagnostik steet, waren zweedrëttel Covid19-positiv, beim leschten Drëttel sinn Antikierper nogewise ginn. 3 Kanner si gestuerwen…

Och an Europa

Et sinn awer net nëmmen d‘Kanner an Amerika betraff, esou hunn och Groussbritannien, Italien a Spuenien eng Zounam vum Kawasaki-Syndrom am Kontext vun der Covid19-Pandemie gemellt. Woubäi déi brittesch Gesondheetsautoritéiten hir Fäll als „atypesch“ beschreiwe well am Ufank oft dem Krankheetsbild en toxesche Schock Syndrom virausgeet. Zudeem passt den Alter net.

Wann de Kawasaki-Syndrom bis op wéineg Ausnamen, ëmmer Kanner ënner 5 Joer betraff huet, esou sinn et elo d‘Teenager, déi dës Symptomer – a Verbindung mam Covid19 – opweisen. Dat zeechent sech duerch extrem Bauchwéi, Iwwerginn an Duerchfall aus. Manner wéi 50% vun de Kanner haten Otemschwieregkeeten an d‘Bluttbild ass liicht anescht, an oft ass d‘Häerz betraff.

A Lëtzebuerg doranner?

Trotz widderhueltem Nofroe beim Gesondheetsministère an der Gesondheetsdirektioun, ass et net méiglech erauszefannen, op et esou Fäll bei eis ginn huet an ob een vun dëser Situatioun am Ausland weess. D‘Kannerklinik hirersäits verweist eis awer ëmmer nees op dës Autoritéiten. Elo ass net dovunner auszegoen, datt et esou Infektiounsfäll zu Lëtzebuerg gëtt, mee et wéist en gären.

Natierlech kann ee sech drop beruffen, datt et ganz seele virkënnt a proportional zur Populatioun am Land (am EU Vergläich) ass et wierklech méiglech, datt et bis ewell kee Fall ginn huet. Fir Elteren allerdéngs, déi hir Kanner nees sollen d‘Schoul schécken, kënnen dës Nouvellen aus dem Ausland, déi der Ausso „Kanner si kaum a wann nëmme liicht betraff“ widderspriechen, Angscht maachen.

mat indymedia/nyc/sfo/lon

Illustratioun: Kanner wiere manner vum Covid19 betraff, a wann, da wieren d‘Symptomer éischter „banal“ firwat et dann och berechtegt schéngt, d‘Kanner nees an d‘Schoul goen ze loossen. Elo gëtt et awer e puer wéineg Fäll, déi ufänken sech am Ausland ze heefen, déi drop hindeiten, datt et iwwert den Ëmwee vun enger Covid19-Infektioun zum Ausbroch vum Kawasaki-Syndrom komme kann. © Mladen Borisov / unsplash

Related topics Covid19, Kawasaki-Syndrom, mukokutaant Lymphknietsydrom, multipellen Entzündungssyndrom, toxesche Schock-Syndrom
Next post Previous post