Search

You may also like

USA: No de Walen, schéckt den US-President säi Justizminister op d‘Schëff
International Neiegkeeten

USA: No de Walen, schéckt den US-President säi Justizminister op d‘Schëff

E Mëttwoch, nëmmen e puer Stonnen no de Walen, huet

Monica Semedo: „D’Zäit vum Schweigen ass eriwwer!“
International Neiegkeeten

Monica Semedo: „D’Zäit vum Schweigen ass eriwwer!“

Am Kader vun den Demonstratioune géint Rassismus huet elo och

E Bild vum Winston Churchill ze verkafe bei Christie’s
International Neiegkeeten

E Bild vum Winston Churchill ze verkafe bei Christie’s

Hie war ee Staatsmann, dee Geschicht geschriwwen huet, dee grousse

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?

Kawasaki-Syndrom: Alles nëmmen hallef esou schlëmm?

E Freideg stierft am Frankräich ee Kand vun 9 Joer un enger Pathologie, déi vun den Dokteren als „symptomgläich“ mam Kawasaki-Syndrom bezeechent gëtt. Laut der Gesondheetsdirektioun huet et an de leschte Wochen eng 125 Signalementer ginn, déi op dës u sech seele Krankheet hiweisen.

Nodeems mir ee Freideg op eng Verbindung tëscht Covid19 a Kawasaki-Syndrom higewisen haten, nodeems de New Yorker Gouverneur Andrew Cuomo Alarm geschloen hat, ass eis nees virgeworf gi Panik ausléisen ze wëllen. Laut dem US-Zenter fir Krankheetspreventioun a -kontroll (CDC) hat et am Joer 2000, ronn 4.200 Fäll ginn. D‘Krankheet ass zanter 1967 bekannt. An den USA variéiert den Taux jee no Populatioun a Joer, tëscht 9 bis 19 Pathologie pro 100.000 Kanner ënner 5 Joer.

Hei wollt eis am Virfeld zur Verëffentlechung vum Artikel, weder de Gesondheetsministère nach d‘Gesondheetsdirektioun, jo net emol d‘Kannerklinik hiren Avis, zu engem méigleche Lien, tëscht Covid19 a dëser seelener Kannerkrankheet ginn. D‘Krankheet ass seelen awer net onbekannt, déi ass éischter „gutt“ erfuerscht an och an den allermeeschte Fäll ze heelen. Eigentlech trëfft dëse Syndrom Kanner am Alter tëscht 0 a 5 Joer. Elo mam Covid19, sinn och Teenager seriéis betraff.

Zu New York sinn dräi Teenager, bei deenen de Covid19-Virus nogewise gouf, un de Folge vum Kawasaki-Syndrom verstuerwen. E Freideg, ass dann elo och ee Kand vun 9 Joer am Frankräich un dëser Pathologie gestuerwen. Iwwert eis Paräisser Kollege, konnte mir eis mam pediatresche Spidol „Robert Debréa Verbindung setzen. Hei gouf eis confirméiert, datt de Kawasaki-Syndrom ganz seelen optrëtt, an et am Frankräich héchsten 3 bis 4 Fäll gëtt. Dat war allerdéngs virum Covid19.

E Rätsel dat muss geléist ginn

An der tëscht géif all zwee bis dräi Deeg en neie Fall gemellt ginn, an hei wier och net déi üblech Alterstranche betraff. All dës Patienten si positiv op de Coronavirus getest ginn, a festgestallt gouf hei och, datt dës Kanner all asymptotesch waren. Et wier nach vill ze fréi, sech drop festzeleeën, datt de Syndrom esou eppes wéi eng „Niewewierkung“ vun der Infektiounskrankheet ass. Dofir géif et den Ament einfach net genuch Fäll. Et wieren awer Fuerscher elo mat enger Etüd beschäftegt.

Datt een sech keng Erklärung aus dem Handgelenk rësele kann, dierft jo um Beispill vum Covid19 jidderengem ersiichtlech sinn. Bei eise franséischen Noperen, ass de medezinesche Corps dann och net eréischt zanter dem Dout vun dësem Kand alertéiert. Hei gëtt elo ganz intensiv no engem Lien tëscht béide Pathologie gesicht. „Mir brauchen Äntwerten, fir eng besser Iwwernam vun de Kanner mat dëse Symptomer sécherzestellen. Eigentlech heelbar, mee a Verbindung mam Virus e Problem“.

Fir den Ament steet fest dat d‘Relatioun mat der Pandemie net méi ausgeschloss ka ginn, och wann et zur Stonn net méiglech ass, d‘Zesummespill vu béide Pathologien ze erklären. Et ass awer elo net fir dat op déi liicht Schëller ze huelen, well et nach ëmmer verhältnesméisseg wéineg Fäll gëtt. Mat de Reprise vum Schoulunterrecht, muss ee vu méi Neiinfektioune bei de Kanner ausgoen a wann et och schéngt erwisen ze sinn, datt déi wéineg Symptomer kréien, esou heescht awer uecht doen.

mat indymedia/par

Illustratioun: © Ayanna Johnson / unsplash

Related topics Covid19, Frankräich, Kanner, Kawasaki-Syndrom, Pathologie
Next post Previous post