Search

You may also like

Plastikstuten ofschafen: elo!
Neiegkeeten

Plastikstuten ofschafen: elo!

Datt Plastik net nëmmen d‘Ëmwelt verschandelt, mee mëttlerweil och d‘Gesondheet

surprise
Iwwerhieflechkeet ass net gäre gesinn (Analys)
Neiegkeeten

Iwwerhieflechkeet ass net gäre gesinn (Analys)

Nodeems sech d‘AMMD op de Schlips getruede gefillt hat, well

Fir de Fridden an der Welt
Neiegkeeten

Fir de Fridden an der Welt

Wëll de Verdeedegungsminister François Bausch (déi gréng) seng däitsch Homologin

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen

Kaydenz352: Mat Musek a positiver Energie um Wee no uewen

D’Liewen ass eng batter Realitéit, an entweder bleift een um Buedem leien oder et hëlt een d’Erausfuerderung un a baut op der Kombinatioun aus Succès a Réckschléi op. Dobäi ass et vläicht grad den Op an Of, deen eis de Wee virgëtt, esou wéi och beim Lëtzebuerger Artist Kay Weiland, besser bekannt als Kaydenz352. An enger Zäit vu 4 Wochen huet hien op de Soziale Medien déi Unzuel u Likes, Follower an Abonnente kritt, déi hien all Sekonn dozou motivéieren seng positiv – wibbeleg kéint een et och bezeechnen – Aart a Weis no baussen ze droen an d’Fans ze inspiréieren.

Schonn am Lycée konnt just d’Musek de Kay begeeschteren. Wéi soll een och op der Äerd eens ginn, wann een als Ausserierdeschen hei ausgesat ginn ass? Ugefaangen huet hie villes, dovunner zu Enn bruecht relativ wéineg. Mee d’Musek ass ëmmer bliwwen, wann och emol méi oder manner intensiv. Ganzer 10 Joer ass et hir, datt de Lëtzebuerger Artist am Studio vum Rapper Baseline seng éischt Schrëtt – deemools nach an däitscher Sprooch – am Toun Studio gemaach a schliisslech mat him den Duo Statement gegrënnt huet.

Kuerz Zäit méi spéit huet hie sech u seng Mammesprooch erugetaascht. D’Energie, déi am Ufank an de Battles verluere gaangen ass, konnt de Kay duerch d’Entdecke vun der Spiritualitéit zeréck gewannen. „Lues a lues kënnt de Puzzle zesummen“, ënnersträicht de faarwefroue Liewenskënschtler. Duerch Plattformen, wéi TikTok, Instagram a YouTube ass d’Rad schliisslech un d’Rulle komm.

Nodeems hien dem Rapper Skuto seng Nominéierung zur ABC-Rap-Challenge ugeholl an erfollegräich gemeeschtert huet, duerft et Bierg erop goen. A senge Lidder verschafft den Artist déi eege Vergaangenheet, beschreift seng momentan Visiounen a Pläng fir d’Zukunft. Mat riseger Motivatioun, a ganz ouni Drogen gi mëttlerweil net nëmmen Museksvideoen op YouTube verëffentlecht, mee och „positiv Vibes“ op TikTok verspreet. Mat Tätowéierunge bis un den Hals, engem faarweräichen a liefhaften Kleedungsstil, wéi och senger oppener an immens presenter Aart kann een hien net iwwersinn!

Ee weidere Virdeel: All Kommentar gëtt sech zu Häerze geholl a beäntwert. Doduerch hëlt säin Impakt op Jugendlecher, déi jo grad elo bei der Coronakris verstäerkt op de soziale Medien ënnerwee sinn, konstant zou. Mat Mouvementer wéi „So nee zu Weed“ oder aus aktuellem Ulooss „Hänn an d’Luucht, 5 Fanger héich, eist Zeeche fir Solidaritéit“ wëll hie säi Succès mat gudde Manéieren notzen.

„Ech sinn hei fir Liicht ze bréngen, ee modernen Prophet, den probéiert eng Differenz ze setzen an dëser Welt“, sou de Kay. Wat fir déi eng wuel konfus kléngt, fannen anerer faszinéierend an inspiréierend. Op wéi een Zuch Dir opsprangt, ass awer natierlech Iech selwer iwwerlooss. Hie perséinlech schéngt säi Wee fonnt ze hunn, op deem hie vu wonnerbare Mënschen begleet gëtt. Elo gëllt et um Ball ze bleiwen. Wann een an Zäit vu 4 Wochen dës Erfolleger erzile kann, wou wäert hie wuel a 4 Méint an doriwwer hinaus stoen?

Verfollege kënnt Dir dem Kaydenz352 säin Alldag a seng kreativ Oder op folgende Säiten:

Opmaacherfoto: © jaelcuriel

Related topics ABC-RAP-Challenge, Energie, Influencer, Instagram, Kaydenz352, Musék, Rap, Sozial Medien, Spiritualitéit, Tattoo, TikTok, Youtube
Next post Previous post