Search

You may also like

Keen Huawei 5G-Netzwierk fir Groussbritannien
Kultur Neiegkeeten

Keen Huawei 5G-Netzwierk fir Groussbritannien

Wéi de brittesche Medieminister Oliver Dowden et gëschter ëffentlech gemaach

Covid19 a Mobbing: Wann et aus dem Rudder leeft…
Kultur Neiegkeeten

Covid19 a Mobbing: Wann et aus dem Rudder leeft…

Zanter iwwer zéng Joer setzt sech „Mobbing Asbl“ géint d‘Belästegung

Nei Biller vum Prënz Charles – 3 Generatioune vereent
Kultur Neiegkeeten

Nei Biller vum Prënz Charles – 3 Generatioune vereent

Nodeems den Prënz Charles um 10. Mee 2020 déi groussherzoglech

De Cube 521 presentéiert: Kayhan Kalhor

De Cube 521 presentéiert: Kayhan Kalhor

De persesche Meeschter Kayhan Kalhor bitt, e Freiden, den 13. November 2020 um 20 Auer, zesumme mam hollännesche Barock-Jazz-Trio vu Rembrandt Frerichs, eng beispilllos musikalesch Verschmëlzung vu Kulturen a Klangepochen am Cube 521 un.

De Kalhor gouf am Laf vu senger Carrière fir dräi Grammyen nominéiert. 2017 huet hien d’Auszeechnung mam Silk Road Ensemble gewonnen an 2019 de WOMEX Artist Award. De Kayhan Kalhor ass en international renomméierten, Grammy-präméierte Groussmeeschter vun der Kamantsche (iranesch Stachelgei) an der Setar (Langhalslaute), deen duerch seng villfälteg musikalesch Kollaboratiounen déi persesch Musek global bekannt gemaach huet. Hien huet als Solist mat verschiddene Ensembele Welttournéeën hannert sech bruecht, ënnert anerem mat den New Yorker Philharmoniker.

Ausserdeem huet hien dee ganz renomméiert Ensembelen „Dastan“ a „Masters of Persian Music“ matgegrënnt. Zesumme mam Rembrandt Frerichs Trio, en erfollegräicht Trio aus Holland, wat zäitgenëssesche Jazz op barocken Instrumenter spillt, garantéiert de Groussmeeschter en aussergewéinlecht musikalescht Erliefnis.

Erwuessener 25 €
Cube Card : 20 €
< 26 Jahren : 12 €
D’ Kaartenreservéierung ass obligatoresch.
Tel: + 352 521 521 / info@cube521.lu
Weider Informatioune fannt Dir hei: www.cube521.lu

Foto: Piranha Arts

Related topics Concert, Cube 521, Kamantsche, Kayhan Kalhor, Rembrandt Frerichs, Setar
Next post Previous post