Search

You may also like

Kuerze Weekend fir d‘Politik
Neiegkeeten

Kuerze Weekend fir d‘Politik

Bei de Gesetzer déi um Samschdegmueren am Cercle op der

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren
Neiegkeeten

„Extinction Rebellion“ wëll eng Woch laang Berlin blockéieren

Si haten et ugekënnegt an zéien et voll duerch: d’Klimaaktiviste

Lëtzebuerger A400M an neier Missioun
Neiegkeeten

Lëtzebuerger A400M an neier Missioun

Nodeems déi Lëtzebuerger Arméi säin A400M iwwer sechs Deeg am

Kee glécklechen Dag fir d‘ADR

Kee glécklechen Dag fir d‘ADR

Et war wuel keng laang Dagesuerdnung, an awer huet sech d‘Sëtzung vun der Chamber bis an de fréien Owend higezunn. Et gouf eng Rei Motiounen, dräi Gesetzer an déi jo mëttlerweil gewinnt kontrovers Interventioune vun der ADR.

Déi ëffentlech Sëtzung hat mam Debat zur Motioun vun der ADR ugefaangen, déi vum Deputéierte Fernand Kartheiser agereecht ginn ass. D‘Intentioun vun der Motioun, huet sech drop bezunn, datt wann een en Ombudsmann fir d‘Kanner huet, et sënnvoll wier, och en Ombudsmann fir d‘Senioren ze schafen. Grondsätzlech, geet et der ADR drëms, de Seniore méi Liewensqualitéit ze bidden.

Iwwert den Ëmwee vun enger zentraler Ulafstell, statt wéi bis ewell eng helle Wull vu „Partner“ ze hunn, kéint een den eelere Mënschen d‘Liewen eppes méi einfach maachen. Och d‘Mobilitéit vun de Seniore kéint een duerch e besseren Zougang zum Service Adapto verbesseren. Donieft misst och méi medezinesch Fuerschung bedriwwe ginn, et wéilt ee jo den Alter gesond erliewen.

Bei der CSV hat een mam Prinzip vun der Motioun kee Problem, mee de Punkt mam Ombudsmann huet de Marc Spautz misse verwerfen. D‘Familljeministesch huet hirersäits drop higewisen, datt eis Senioren ee gudden Informatiounszougank hunn an et och weiderhin d‘Zil vun der Regierung ass, dëse Mënschen hir Autonomie esoulaang wéi méiglech ze erhalen. Méi Matsprooch wier zudeem an den Altersheemer virgesinn. Méi Detailer dozou gëtt et dann am nationale Geriatrie-Plang.

Méi Medeziner brauch eist Land

Nodeems dann D‘Motioun vun der ADR „klasséiert“ war, ass sech de Gesetzer zougewennt ginn. Beim éischte Gesetzprojet 7531, ass et drëms gaange festzehalen, datt d‘Medezinsstudenten elo op der Universitéit Lëtzebuerg, eng Spezialisatioun an der Onkologie an och an der Neurologie solle maache kënnen. Am Gesetz ass eng Erhéijung vun den Indemnitéite fir Medeziner a Formatioun enthalen. Dës Indemnitéit gëtt dann och un den Index gebonnen.

Am presente Gesetz gëtt och déi spezifesch Formatioun vum Allgemengmedeziner (Generaliste), déi bis ewell iwwert ee groussherzoglecht Reglement encadréiert ginn ass, festgehalen. Dëst Gesetz huet déi grouss Zoustëmmung vun der Chamber enthalen, leedeglech déi lénk hu sech beim Vott enthalen. D‘ADR, déi den Text ugeholl huet, ass awer nach emol op d‘Sproocheproblem agaangen, dee generell eise Gesondheetssystem géif belaaschten.

Flächendeckende Covid19-Test geet an d‘Verlängerung

Wann d‘Regierung beim éischte Worf zum flächendeckenden Test (Large Scale Testing) eng Rei Tricken uwenne konnt, fir dëse Programm ouni d‘Zoustëmmung vun der Chamber kënnen ëmzesetzen, esou geet sech dat bei der Verlängerung net méi op. Déi gëtt mat eppes iwwer 60 Milliounen Euro ze deier, fir op d‘Zoustëmmung vun den Deputéierten ze verzichten. Dofir huet d‘Regierung da gëschter ee Gesetz (7628) virgeluecht.

De Rapporter Mars „Mr. Covid“ di Bartolomeo hat séier den Tour vun der Fro gemaach, a wann een emol kuerz vun der Interventioun säitens dem Deputéierte Jeff Engelen (ADR) ofgesäit, dee selwer net iwwerzeegt ass, datt Testen eppes bréngt, firwat hien do net matmécht, da kann ee behaapten, datt all déi aner, dëse Programm net nëmmen ënnerstëtzen, mee selwer dorunner deelhuelen.

De Sven Clement (Piraten) huet an dësem Kontext eng Motioun virgeluecht, an där d‘Regierung opgefuerdert gëtt, den Touristen an de Lëtzebuerger déi aus der Vakanz heemkommen, och esou en Test zäitno unzebidden. Och dësen Test soll natierlech gratis sinn. D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet dës Iddi begréisst an och soss, waren déi Deputéiert dësem Prinzip ganz opgeschloss, firwat d‘Motioun dann och eestëmmeg ugeholl ginn ass.

DagEt hat hei dann awer och ee puer Mësstéin ginn. Esou hat de Georges Mischo (CSV) agewennt, datt et jo awer op vill Plazen am Gesondheetsministère géif haperen. De Gesetzprojet wier zudeem nees um lescht Stëppel virgeluecht ginn, an et géif Zäit sech dat mat der digitaler Tracing-App nach emol ze iwwerleeën. An dësem Punkt steet d‘CSV awer zimmlech eleng a verloossen do… Elo muss een dann awer nach d‘Leit iwwerzeegt kréien sech testen ze loossen. 20% huelen d‘Aluedung un, an dat geet net wierklech duer.

Datt eist Getest och zu vill Gedauschs am Ausland gesuergt huet, firwat mir elo „d‘Gefor“ gi wieren ass faktesch absolutte Blödsinn. Lëtzebuerg ass Beispillhaft an hält sech un déi international Recommandatiounen. Géifen eis Frënn a Partner, sech och méi Tester vergënnen, wieren se wuel besser op déi zweet Well virbereet. De Sënn an Zweck, wéi och déi richteg Analys vun den Zuelen, muss dann awer nach erkläert ginn. En Optrag fir de Jean Asselborn an de Guty Grass, President vum Benelux-Büro.

Méi Proffe fir eis Lycéeën

Beim leschte Gesetz (7576) – datt sech vill Leit scho fir 2019 erhofft haten – ass et drëms gaangen d‘Situatioun vun de Professer-Kandidaten déi als „sursitaire“ bezeechent ginn ze berengegen. Et ass eng laangjäreg Fuerderung där gëschter Rechnung gedroe ginn ass, an esou huet d‘Gesetz och séier d‘Zoustëmmung vun der Chamber kritt. Zudeem dierf behaapten, datt mat dësem Gesetz och nees un der Attraktivitéitsschrauf gedréint konnt ginn.

Fir haut hunn se sech an der Chamber en Orientatioun-Debat zum Aktivitéitsbericht aus dem Joer 2018 vum Ombudsmann virgeholl, mee et soll och iwwert temporär Hëllefe fir den Eenzelhandel berode ginn. En Donneschdeg ginn datt d‘Amendementer zum leschte Covid19-Gesetz diskutéiert a mat de Stëmme vun der Regierungsmajoritéit duerchgewonk.

Foto: © Chamber/flickr

Related topics Chamber, Large Scale Testing, Medezinstudenten, Professeren, Uni.lu
Next post Previous post