Search

You may also like

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert
Business Neiegkeeten

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert

An Éisträich, mee och a Bayern hunn d‘Autoritéiten déi lescht

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?
Business Neiegkeeten

Wou sinn se, déi Fraen an der Chamber?

Säit enger gefillten Éiwegkeet gëtt am Land gefuerdert, datt et

dislike
Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht
Business Neiegkeeten

Biodiversitéit-Hotspot duerch Plastik verseucht

Wéi d‘Equipp vu Greenpeace Südostasien-Philippinnen et déi lescht Woch matgedeelt

Kee gutt Reklamm-Joer fir déi Lëtzebuerger Medien

Kee gutt Reklamm-Joer fir déi Lëtzebuerger Medien

Datt duerch den Afloss vun der sanitärer Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19 an den heimatter verbonnenen Etat de Kris, wirtschaftlech eng zolidd bei d‘Läffele géif ginn, dat dierft deene meeschte schonn Enn Mee opgefall sinn. D‘Wirtschaft huet méi lues gedréint a Reklamm maache war net déi éischt Prioritéit fir d‘Wirtschaftsacteuren.

Am Bericht vun „Espace Pub Asbl“ sinn d‘Zuelen, déi vun „Nielsen“ an engem Regierungsbeamte validéiert goufen entspriechend moer ausgefall. Den éischte Semester 2020 goufen zu Lëtzebuerg 56,75 Milliounen Euro an Reklammen „investéiert“, dat ass géintiwwer dem éischte Semester 2019 eng Baisse vu 24,5%. Et gouf der, ekonomesch betruecht, also richteg zolidd bei d‘Läffelen.

Interessant – och wann et sécherlech kaum bis guer keen Impakt op déi vun enger Asbl opgestallte Berechnung huet – Espace Pub Asbl behaapt a sengem Rapport déi offiziell Lëtzebuerger Medien, an hei och d‘Onlineplattformen ze berécksiichtegen. Dat stëmmt esou leider net, firwat een schonn déi ganz Prozedur eppes relativiséiere muss. Mee gutt, déi negligabel muss een net consideréieren.

Wann dann awer grouss Vergläicher mat eisen Nopere gemaach ginn, ouni datt sech net emol den Usaz vu enger Méi gemaach gëtt, ze iwwerpréiwen, wéi vill Publicitéit Lëtzebuerger Entreprisen a staatlech Verwaltungen am Internet (Facebook, Twitter, YouTube, asw.) gemaach gëtt, well dat jo awer vill Geld ass, dat heemesche Medie verluer geet, dierf een sech schonn eppes Froe stellen.

Dat och besonnesch, da wann aus den Zuelen ervirgeet, datt d‘Onlineplattformen allgemeng vill besser ewech komm sinn, a keng rout Zuele fir den éischte Semester 2020 ze verkënnegen hunn. Ansonste bleift festzehalen, datt den zweete Semester net versprécht wesentlech besser ze ginn, zemools och an den Entreprisen no bessere, méi direkte Weeër gesicht gëtt d‘Clienten ze erreechen.

Illustratioun: Mat gudde Reklammen ass wéi mat éierleche Mënschen… et gëtt se, mee se si ganz schwéier ze fannen. © Museums Victoria / unsplash

Next post Previous post