Passerell: Kee Kaddo fir Chrëschtdag?

Ma dann ënnerstëtzt eng Organisatioun, déi sech dofir asetzt, den Zougang zum Asylrecht an zu de Mënscherechter ze garantéieren!

Eppes Guddes ze doen, ass villäicht manner materialistesch, ma d’Gewëssen an déi Mënschen, déi dovunner profitéieren, wäerte sech freeën.

Wéi eng Aktivitéiten gi mat Ärer Spend ënnerstëtzt?

D’Organisatioun Passerell schafft mat ville Leit zesummen, déi aus dem Exil kommen. Déi Erfarungen, déi dës Mënschen an hiren Hierkonftslänner gemaach hunn, sinn dacks besonnesch traumatesch.

D’Passerell informéiert an ënnerstëtzt dës Persoune beschtméiglech am Kader vun hire Rechter an den noutwennege Verfare, déi gemaach musse ginn. Dozou gehéieren zemools d’Demanden op internationale Schutz an d’Verfaren zur Familljenzesummeféierung.

Dobäi läit de Fokus dacks op Mënschen, déi besonnesch vulnerabel sinn – dozou gehéiere Kanner an onbegleete Mannerjäreg, awer och Fraen, déi Affer vu Gewalt goufen.

Wat d’Organisatioun am Joer 2020 geleescht huet, kënnt Dir an dësem Rapport noliesen.

All weider Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles