Search

You may also like

Afghanistan – wat elo?
Money Neiegkeeten Sport

Afghanistan – wat elo?

D’Friddens- a Solidaritéitsplattform Lëtzebuerg (FSPL) ass zudéifst betraff vun deem

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht
Money Neiegkeeten Sport

Däitschland: Eltere kloe géint Impfflicht

Säit e Sonndeg gëllt bei eisen däitschen Noperen Impfflicht géint

De SYVICOL huet Fuerderungen
Money Neiegkeeten Sport

De SYVICOL huet Fuerderungen

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

money

Kee Publikum fir „Tokio 2020“

Gäscht aus dem Ausland hu souwisou schonn net dierfe kommen, elo kréien och déi Eenheemesch den Zougang zu den olympesche Spiller verwiert

Kee Publikum fir „Tokio 2020“

Pandemie hin oder hir, d‘olympesch Spiller musse stattfannen, esou wëll et eng Elite déi wuel net vun dëser Welt ass. Dobäi huet de japanesche Premierminister Yoshihide Suga missen, wéinst der Reprise vun den Infektiounen, op en neits den Etat de Kris fir Tokio erklären. Dëse gëllt vum 12. Juli bis den 22 August. Dat huet natierlech Konsequenzen.

Woubäi nach sollt preziséiert ginn, datt de japaneschen Etat de Kris kee Confinement bedeit. Hei ginn d‘Leit gebueden doheem ze bleiwen, a wierklech déi meescht halen sech drun. Gastronomie bleift zougänglech, just et dierf keen Alkohol verkaf, a kee Karaoke gesonge ginn. Zudeem muss éischter zou gemaach ginn. Vill Japaner fäerten, datt d‘Spiller ee Superspreader-Event sinn.

Tokyo2020

Vun de fir d‘Spiller verantwortlech IOC-Fonctionnairen an dem japaneschen olympesche Comité heescht awer weiderhin, datt absolut kee Risiko besteet. De Gesondheetsexpert vun der Regierung hat am Parlament dann awer gefuerdert, datt de Public ganz soll ausgeschloss ginn. Ausname sollt et just fir eng auserwielten Elite hunn, wéi Sponsoren an/oder wichteg Politiker. Klengt interessant.

Woubäi et geet jo ëm d‘Sportler an net ëm Sponsoren, Politiker oder Zuschauer. Dofir fannen dann déi fir d‘lescht Joer geplangte „Spiller“ den 23. Juli un an sollen den 8. August op en Enn goen. Da kommen d‘Spiller fir d‘Sportler mat spezifesche Besoinen. Dat alles wei elo gewosst ouni Publikum a wuel och nëmme mat ganz wéinege Privilegiéierten, well esouguer déi schéngen ze verzichten…

Et geet nëmmen ëm de Goss

Och bei ville Sportler mécht sech Onmutt breet. Et géifen der vill am léifsten drop verzichten, awer si ginn zolidd ënner Drock gesat (dat vun de Verbänn an och direkt vun den nationalen olympesche Comitéen). Deene meeschte mécht et näischt aus, just tëscht dem Zëmmer an dem fir all Sportaart virgesi Kampfarena dierfen ze zirkuléieren, dat natierlech ënner Observatioun, wéi preziséiert gëtt.

Tokyo2020

Den IOC-President Thomas Bach, dee gëschter zu Tokio ukomm ass, huet sech an eng Quarantaine – hei allerdéngs just dräi Deeg – am beschte 5-Stären Hotel vun der Plaz (déi japanesch Regierung iwwerhëlt d‘Note de Frais) beginn, a versteet de ganze Stress vun de Medien, der Politik a méi generell de Mënschen net. D‘Sportler hätten näischt ze fäerten, den IOC kann alles veräntwerten.

Déi deierst Spiller iwwerhaapt

Fir den Thomas Bach, ass et eng bequem Positioun aus där hien agéiere kann. Engersäits huet hien d‘Gewëssheet, datt schon fir d‘Gesiicht net ze verléieren, déi japanesch Regierung wäert kooperativ sinn. Anersäits kaschten esou Spiller (de Steierzueler) Milliarden, an dës si ganz besonnesch deier, well den urspréngleche Budget vu 7,5 Milliarden Euro, jo dee wäert wuel eppes iwwerschratt ginn.

Tokyo2020

Laut der japanescher Ekonomistin, Sayuri Shirai, vun der Keio-Universitéit, ass ersiichtlech, dat am urspréngleche Budget scho Käschten ënnerschloe goufen. Dat d‘Spiller hu missen ëm ee Joer verluecht ginn, dierft nach emol eng 4 Milliarden Euro un zousätzleche Käschte verursaacht hunn. De Volet „Moossnamen“ kascht mindestens 1 Milliard Euro. An et kënne keng Tickete verkaf ginn.

Zu de verstoppte Käschten, also därer wou net der Pandemie zouzeschloe sinn, gehéieren ënnert anerem d‘Maintenance vun den Infrastrukturen. Vun enger sougenannter käschteneffizienter Organisatioun ass ee wäit ewech. Wieren d‘Spiller dann nach ofgesot ginn, esou d‘Ekonomistin, hätt Japan weider Milliarden un Entschiedegungen un den IOC missen iwwerweisen.

mat indymedia/tyo

Related topics Etat de Kris, IOC, Japan, Olympesch Spiller, Pandemie, Politik, Sponsoren, Tokyo2020
Next post Previous post