Search

You may also like

Editorial: Wann der zwee sech streiden…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wann der zwee sech streiden…

Dat déi „grouss“ Manifestatioune vun OGBL an LCGB, fir d’Rechter

4 Froen un d’Sea-Watch
Kultur Neiegkeeten

4 Froen un d’Sea-Watch

De Matt ass Matrous u Bord. Hien hëlleft d’Schëff vun

Naturpark Uewersauer: Erfreelech Neiegkeete vum Stauséi!
Kultur Neiegkeeten

Naturpark Uewersauer: Erfreelech Neiegkeete vum Stauséi!

Elo kann de Summer kommen: Mat neie Moossnamen am Transport,

Kee Relais pour la Vie 2020 duerch de Coronavirus

Kee Relais pour la Vie 2020 duerch de Coronavirus

Wéi d’Fondation Cancer elo leider matgedeelt huet wäert déi dësjäreg Editioun vum Relais pour la Vie wéinst dem Coronavirus net stattfannen. Eigentlech war d’Evenement mat guddem Zweck fir den 21. an 22. Mäerz 2020 an der Coque virgesinn.

All Joer zielt de Relais pour la Vie méi wéi 13.000 Participanten, déi sech solidaresch mat Kriibspatiente weisen a fir de gudden Zweck lafe wëllen. „Schwéieren Häerzens deele mir d’Ofso mat. Mee d’Gesondheet vun de Leefer, Partner, Benevollen a virun allem de Patienten, deenen hiert Immunsystem oft geschwächt ass, ass eis absolut Prioritéit“, erkläert d’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer.

An den nächsten Deeg wäert d’Fondation Cancer sech bei den Team-Cheffe mellen an déi noutwenneg Informatiounen zum Remboursement ginn. Den nächste Rendez-Vous ass fir 2021 virgesinn.

Opmaacherfoto: © Claude Piscitelli

Related topics Coque, Coronavirus, Fondation Cancer, Lucienne Thommes, Ofso, Relais pour la Vie, Remboursement
Next post Previous post