Search

You may also like

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang
Neiegkeeten

Den Trump verhale virsiichteg géintiwwer Pyongyang

„Mir wäerte gesinn“ esou déi ongewinnt verhale Reaktioun vum Donald

Wie léiere wëll, setzt sech dem Dout aus
Neiegkeeten

Wie léiere wëll, setzt sech dem Dout aus

An der afghanescher Haaptstad Kabul, huet et e Samschdeg en

Belschen F16 am Frankräich gecrasht
Neiegkeeten

Belschen F16 am Frankräich gecrasht

D‘Autoritéiten hu gëschter Owend bestätegt, datt et ee Juegdfliger vun

Kee soziale Getto op der Schanz!

Et huet wuel eng politesch gestäipte Logementskris, mee och d‘Bierger hunn zuweile komesch Naupen a Virstellunge wéi dës ze léisen ass

Kee soziale Getto op der Schanz!

Lëtzebuerg stécht esou déif an enger Logementskris, datt esouguer wann een d‘Moyen – a wuel och de politesche Courage – derzou hätt et Jore bréicht nees eppes Gläichgewiicht an dat Ganzt ze bréngen. Dobäi gëtt stänneg méi Asaz vun der ëffentlecher Hand, wéi och vun de Stied a Gemenge gefuerdert. Abordabele Logement a Sozialwunnenge solle gebaut ginn, esou d‘Fuerderung…

Eng Fuerderung déi an der Gemeng Bech op oppen Ouere gestouss ass. Virun zwee Joer schonn, hat hei de Buergermeeschter d‘Initiativ ergraff, fir zesumme mat der „Sozialer Immobilienagence“ (AIS) op der Schanz, um Standuert vun der aler Schoul e soziale Wunnengsbauprojet ze lancéieren. Dëse gouf den Awunner den 9. Juni eng éischte Kéier an enger Biergerversammlung virgestallt.

De Plang vum Buergermeeschter Camille Kohn, den Architekten an der AIS de Projet virstellen ze loossen an uschléissend d‘Awunner zu Wuert kommen ze loossen, deen ass sech net opgaangen. De Problem: d‘Bierger waren net komm fir sech eng Presentatioun unzekucken, mee fir Gëft a Gal ze versprëtzen. Verständlech, well ëmmerhin hunn 80% vun de Leit a Petitiounen dergéint gestëmmt.

Elo ass d‘Roserei manner géint d‘Beneficaire vun esou engem Logement geriicht – also a punkto Argumentatioun – mee et fäert een, datt mat dësem Wunnengsbauprojet den Duerfkär géif total verschandelt ginn. Eng Residence mat sechs Sozialwunnenge, wier ee vill ze vill grousse Projet fir esou ee klengt Duerf. Esou eppes misst a gréissere Stied an net um Duerf realiséiert ginn.

Bei der AIS ass ee weder vum Toun nach den Argumenter iwwerrascht. Wann d‘Leit vun engem Getto matten am Duerf schwätzen, da sinn d‘Wierder net zoufälleg gewielt. Et ass zudeem falsch behaapten ze wëllen, esou ee Projet géif eppes verschandelen. Et ass éischter eng Revalorisatioun, net nëmme wéinst der Spillplaz, déi derzou gehéiert. Kann de Buergermeeschter sech duerchsetzen?

Si loossen sech et eppes kaschten

Wann elo déi politesch Verantwortlech Acteuren dem Projet éischter positiv géinteniwwer stinn, esou hunn sech eppes iwwer honnert Bierger zesummegeschloss, fir ee Recours géint dësen an hiren Aen onméigleche Projet unzegoen. Dat ass eppes méi wéi d‘Hallschent vun den Erwuessene Schanzer, an déi hunn sech mam Affekot Georges Krieger ee Profi geleescht, fir alles ze stoppen.

Hie soll sech elo mam Recours fir d‘Annulatioun beschäftegen an et ass gewosst, datt seng Chance besser si wéi d‘Argumenter déi hien de Kolleege vu RTL virbruecht huet. Hinne géinteniwwer huet den Affekot den Duerfkär vun der Schanz, mat der Plëss verglach. Am Wuertlaut heescht et, datt et datselwecht wier, wéi wann de Fonds du Logement op der Plëss Sozialwunnenge baue géif.

Dat ass – frëndlech ausgedréckt – absolutte Brach a mat den Hoer erbäigezunn, an ob een elo eng al Schoul, déi jo net méi genotzt gëtt, als „ëffentlech Plaz“ mam Parvis vum Cercle, wou et jo awer och een historesche Volet huet, sollt vergläiche mussen, sief dohi gestallt. Et kéint ee „populistesch Juristerei“ derzou soen, woubäi och dat ze kuerz gebléckt wier. Hei geet jo emol ëm de Goss.

Besser ass d‘Argument, dat déi wou am Gemengerot sëtzen, also vum Buergermeeschter bis zum Conseiller, hiert Mandat esou auszefëllen, also déi Entscheedungen ze treffen hunn, déi vun den Awunner gewënscht sinn. An ee soziale Getto op der Schanz opzeriichten, ass definitiv kee Wonsch deen d‘Awunner vun der Gemeng Bech de lokale Politiker entgéint bruecht hunn. Wat heescht dat?

Eigentlech bedeit et net méi an net manner, wéi datt d‘Awunner vun der Schanz vun hire Politiker erwaarden sech géint d‘Regierungspolitik ze wennen. Déi wéineg versich zumindest den Androck ze hannerloossen, et wéilt een d‘Logementskris an de Grëff kréien, ginn esou vun der Populatioun verhënnert. Et dierf ee preziséieren, datt d‘Schanz keng Ausnam ass, vill Leit denken änlech…

Illustratioun: © Louis Etienne Foy / unsplash

Related topics al Schoul, Gemeng Bech, Getto, op der Schanz, Recours, Sozialwunnengen
Next post Previous post