Search

You may also like

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag

Et ass wuel ee vun de gemitterlechste kuriéise Feierdeeg: de

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung
Neiegkeeten

Vu chrëschtlecher Nächsteléift a Verantwortung

D‘Dammen aus dem Botzsecteur… si wiere systemrelevant gouf gesot, elo

Déi nei Nationalbibliothéik ass nach net fäerdeg, beandrockt awer elo schonn!
Neiegkeeten

Déi nei Nationalbibliothéik ass nach net fäerdeg, beandrockt awer elo schonn!

„Ass dat heite grouss!“, sot de François Bausch (déi gréng),

Keen „Eewee-Plastik“ zu Lëtzebuerg bis 2020

Ëmweltministesch ënnerstëtzt d‘Aktioun vun IMS-Lëtzebuerg

Keen „Eewee-Plastik“ zu Lëtzebuerg bis 2020

Si gesinn sech als Partner: den Ëmweltministère an „Inspiring More Sustainability“ (IMS) hunn sech en ambitiéist Zil gesat a wëlle bis 2020 den Eewee-Plastik zu Lëtzebuerg op „Null“ setzen. Zumindest an de 56 Entreprisen, déi Member vun IMS sinn an d‘Charta ënnerschriwwen hunn.

Esou sollen 145 Tonne Plastiksoffall agespuert ginn. An hei geet et net ëm iergendee Plastiksoffall. Gemengt ass alles wat fir den eemolege Gebrauch geduecht ass (dat geet vum Stréihallem, iwwert de Loftballon bis hin zur Verpackung) a bekanntlech eis Natur an Ëmwelt extreemst verknascht.

Lëtzebuerg

D‘Carole Dieschbourg (déi gréng) ënnerstëtzt dës Initiativ am Kontext vun enger sougenannter Kader-Konventioun, a verfollegt esou eng vun de Moossname wéi se am Koalitiounsprogramm festgehale ginn ass: „Schutz vun der Natur, erhale vun de Ressourcen an Offallvermeidung“.

Et dierf och drun erënnert ginn, datt d‘Ministesch mat hire Beamten un der Strategie „Null Offall Lëtzebuerg“ festhält. An hei kann d‘IMS eng droend Roll iwwerhuelen. Si begleeden Entreprisen an Institutiounen, déi ëmsteige wëllen a no akzeptabelen Alternative sichen. An dat klaapt ganz gutt.

E Beispill dat Interessen erwächt

Fir dëst Joer, well d‘IMS an déi 2. Phas vum Projet antrieden. Et soll sech dem Salariat ugeholl gi, mee och de Fournisseuren. Mat dëse Leit sollen nohalteg Léisungen ausgeschafft an ëmgesat ginn. Dat gëtt e richtegt Stéck Aarbecht, woubäi et esou wirtschaftlech wéi klimafrëndlech sollt sinn.

An dee ganze Projet huet den Interessi wäit iwwert eis Grenzen ewech erausgedroen. Esou hunn d‘Tschesche wéi och d‘Griichen de Projet fir sech entdeckt. Si géife gären d‘Charta vun der IMS iwwerhuelen an bei sech, an den Entreprisen an Organismen implementéieren. Ma dann awer lass…

Lëtzebuerg

Plastik, dat ass gewosst, bleift iwwer Joerhonnerten ewech e Problem, well en net vun der Natur „ofgebaut“ ka ginn. Bis zu 8,5 Milliounen Tonne Plastiksoffall géifen an d‘Weltmierer fléissen, esou d‘IMS a bis 2050 géif et méi Plastik am Waasser wéi Liewewiesen. Zäit eng ze ënnerhuelen.

IMS ass déi national Antenn vu CSR Europe, engem Veräin deem et wichteg ass, d‘Entreprise un hir sozial Verantwortung erunzeféieren. 48 Entreprisen an 42 national Organisatioune bedeelegen sech un der Plattform, déi vu sech behaapt iwwer 10.000 Entreprisen ze federéieren.

Foto: (v.l.n.r.) Carole Thomas, IMS a Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch © MECCD

Related topics Carole Dieschbourg, Eewee-Plastik, IMS, Inspiring More Sustainability, Nancy Thomas, Null Offall Lëtzebuerg
Next post Previous post