Search

You may also like

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht
International Neiegkeeten

Task Force: Zousätzlech Bestëmmungen zu Lëtzebuerg wéinst der afrikanescher Schwéngspescht

Nodeems de Virus vun der afrikanescher Schwéngspäscht (PPA) un fënnef

Théâtre Le 10: De Programm vum Januar 2020
International Neiegkeeten

Théâtre Le 10: De Programm vum Januar 2020

Den Théâtre Le 10 an der Stad ass eng Plaz

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk
International Neiegkeeten

Déi „Sozial Fro“ am Mëttelpunkt vum Wahlprogramm bei déi Lénk

Leschten Donneschdeg huet déi Lénk fënnef Haaptmesuren aus hirem Wahlprogramm

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

D‘Nofolgerin vum Nikki Haley iwwerhëlt no 7 Méint den „eidele Stull“

D‘Kelly Craft ass déi UN-Ambassadrice vun den USA

Schonn den 23. Februar hat den Donald Trump via Twitter d‘Nominéierung vum Kelly Craft als amerikanesch UN-Ambassadrice nominéiert. Si war bis dohinner d‘US-Ambassadrice a Kanada.

Iert d‘Kelly Craft Ambassadrice a Kanada ginn ass, war si Geschäftsfra am Kentucky. Si ass d‘Fra vum Joe Craft, e Milliardär aus dem Kuelesecteur. Allebéid si se „Donateure“ vun de Republikaner. Si hunn de Wahlkampf 2016 mat ronn 1,3 Milliounen Euro ënnerstëtzt a waren an der trei Gäscht am Trump-Hotel zu Washington. Et ass also net wei wann e sech net géif kennen a vertrauen.

Fir liichten Onmutt a béide Lager hatt d‘Kelly Craft gesuergt, wéi si affirméiert huet, am Kontext vum Klimawandel hätte „béid Säite“ Recht. Trotz enger Rei „Bedenken“ ass d‘Kelly Craft vun den Demokraten am Senat bestätegt ginn. Déi sinn der Usiicht, datt et dem Kelly Craft un Erfahrung feelt an et zu Interessekonflikter komme kéint. Si ass deemno am US-Senat eppes „ëmstridden“.

D‘Kelly Craft gëtt zudeem déi éischt Ambassadrice op der UNO, déi virun hirem Mandat eng vun de grousse „Spenderinne“ vun de Republikaner war. Hire Mann ass zudeem de CEO vun „Alliance Coal“ (fréier MAPCO Coal) an zanter 2018 och de Virsëtzende vun der Handelskummer vum Staat Kentucky. Dat léisst déi spekulativ Fro zou, wiem seng Interessen d‘Ambassadrice wuel vertrëtt…

Si huet dann awer emol versprach dem Nikki Haley seng Aarbecht fortzesetzen a sech fir eng Reform vun der Institutioun „Vereenten Natiounen“ asetze wäert. Wat d‘Kelly Craft ënnert dem Begrëff „Reformen“ genee mengt ass net weider erläutert ginn. Hire Chef awer, deen huet et déck op d‘UN sëtzen a schéngt och vun den Ënnerorganisatiounen net wierklech iwwerzeegt. A suivre…

Foto: © US Embassy in Canada (Archiv)

Related topics Alliance Coal, Joe Craft, Kelly Craft, Republikaner, UN-Ambassadrice
Next post Previous post