Search

You may also like

Der ASTA hire meteorologesche Bilan fir 2019
Neiegkeeten Stories

Der ASTA hire meteorologesche Bilan fir 2019

D‘Administratioun vun den technesche Servicer fir d‘Landwirtschaft (ASTA) huet ee

Firwat schreifs du?
Neiegkeeten Stories

Firwat schreifs du?

De Jean Bodry ass e lëtzebuergesche Blogger, deen iwwert alles schreift,

Algrange: 7. Salon vun de Frontalieren
Neiegkeeten Stories

Algrange: 7. Salon vun de Frontalieren

E Freideg huet direkt hannert eiser Grenz den OGBL mat

Keng Demokratie ouni Dialog

D‘ONGe sinn „d‘Waachhënn“ vun der Demokratie

Keng Demokratie ouni Dialog

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff affirméiert, datt d‘ONGen een essentielle Rôle als Waachhënn vun der Demokratie spillen. Hie Aarbecht ass esou essentiell, wéi déi vun der Press, wann eng Gesellschaft no demokratesche Prinzipie soll funktionéieren.

Passerell bedeelegt sech mat vollem Asaz un dëser wichteger Missioun an engagéiert sech fir d‘Promotioun vun de fundamentale Rechter, der Assistance fir vulnerabel Mënsche wéi och d‘Begleedung vu Migranten an/oder Refugiéeën an der Ausübung vun hire Rechter. Bis zu zéng Leit ginn all Dag vu Passerell op Rendez-vous empfaangen.

Wie sinn déi Leit a wéi eng Situatioune gëllt et ze léisen?

  • Do ass den elengerzéiende Mann mat sengem Fils, deen no enger Léisung sicht fir seng Fra an d‘Kanner, déi am Irak bliwwe sinn a Sécherheet ze bréngen. Dat ganzt Gefill näischt maachen ze kënnen, belaaschten de Mann an d‘Kand enorm; allebéid weisen se däitlech Zeeche vun enger Depressioun;
  • Eng Fra déi iwwert hir Vergewaltegung an hirem Ursprongsland bericht huet ass an d‘Gette gaangen, nodeem hir matgedeelt gouf, datt een hir net den ugefroten internationale Schutz gewäre kéint, wëll hir Geschicht net kredibel wier. Si leit ënner dem Fait datt hir net gegleeft gëtt an erkläert datt et immense Stress ausléist. Ëm esou méi datt si net als Affer unerkannt gëtt, wou hiren Aggressor ni wäert belaangt ginn;
  • En homosexuellen Asyl-Demandeur fäert nees u Polen ausgeliwwert ze ginn, wou eng 80 Stied sech ganz oppen homophob weisen. Si hunn LGBTIQ-Fräi Zonen ageriicht. D‘EU huet dëse Stied wuel d‘Subventioune gestrach, mee wierklech eppes ënnerhuele schéngt dann nees net méiglech;
  • Eng Damm, där den internationale Schutz gewäert ginn ass aus Eritrea kënnt, sicht no enger Léisung fir hiert zéng Joer jonkt Meedchen iwwert de Famillje-Regruppement nokommen ze loossen. De Problem: an der Regioun vum ethiopeschen Tigré ass Rapp a Klapp, an de Wee zur nächst geleeëner Lëtzebuerger Vertriedung aus Sécherheetsgrënn verspaart.

An dat sinn nëmmen e puer wéineg Beispiller vun den Tragedien, déi an de Raim vu Passerell all Dag op en neits berode musse ginn. Do koum dem ADR-Deputéierten seng parlamentaresch Fro 4429 schonn eppes ongeleeën. A senger Fro ënnerstellt de Politiker de Mataarbechter vu Passerell „Staatskritesch“ ze sinn, wat een duerchaus dierf als eng gewote Behaaptung opstellen.

Stëmmt Kritik um Gouvernement gëtt et jo virzuchsweis säitens der ADR. Dat heescht net, datt et och bei Passerell eng Rei Punkte gëtt, op déi een hiweise muss, fir dat sech d‘Saachen zum Bessere veränneren. Esou huet et – wann een da wëll pipeg sinn – eppes Kritik am Bezuch op d‘Ausféiere vun de Missiounen. Déi si kloer definéiert a sollten den zoustännegen Acteure bekannt sinn.

Et handelt sech dobäi ëm:

  • Informatiounen zu de Rechter a Flichten;
  • Fundamental Rechter;
  • Opdecke vu Vulnerabilitéiten;
  • Schutz vum Famillje-Lien an der Exil-Situatioun;
  • Sozialiséierungsprojeten;
  • Sensibiliséierungsprojeten.

D‘Aarbecht vu Passerell berout also op den demokratesche Prinzipie vun eiser Gesellschaft, der Rechtsstaatlechkeet an dem Respekt vun de Grondrechter, der mënschlecher Würd an dem Schutz vun der Rechter vu vulnerabele Persounen. All Dag erliewen d‘Mataarbechter vu Passerell duerch d‘Geschichten déi hinnen zougedroe ginn, wéi schlecht et ëm d‘Rechter an d‘Fräiheet bestallt ass.

Et ass also net esou, wéi et hei iwwert den Ëmwee vun der parlamentarescher Fro versicht gëtt duerzestellen, ee mat der Regierung géif am Sträit leien. Bei Passerell ass sech bewosst, wéi ee Stellewäert Meenungsfräiheet huet, a wéini Kritik ubruecht ass. Zudeem ass Kritik – wann se da konstruktiv a gutt argumentéiert ass – déi beschte Basis fir eng Concertatioun ze erméiglechen.

Mam gudde Beispill virgoen

Wann eis eppes un de Mënscherechter geleeën ass, muss et och méiglech sinn déi demokratesch Prinzipie stänneg verbesseren an upassen. Et ass ee gehale stänneg en A op d‘Evenementer ze kucken, déi an der Marge vun eiser Gesellschaft stattfannen, wa en effektive Schutz vun de Mënscherechter soll garantéiert ginn. Lëtzebuerg als Grënnungsmember vun der EU a Kandidat fir ee Sëtz am UN-Mënscherechtsrot, muss beispillhaft sinn an eng Virreiderroll spillen.

Zu Lëtzebuerg droen déi an den Associatiounen engagéiert Bierger zur stänneger Verbesserung vum demokratesche Liewe bäi. D‘Demokratie hänkt esou och vum Asaz vun all eenzele Bierger of, fir d‘Wäert an d‘Prinzipie vun der Demokratie ze erhalen an evoluéieren ze doen.

Andeems ee Staat oder eng Regierung eng engagéiert an aktiv Zivilgesellschaft fërdert, schwächt si sech net. Ganz am Géigendeel. Et dréit zu enger evolutiver Dynamik bäi. Aus dësem einfache Grond ass Passerell ganz zefridden iwwert de bestoenden Austausch mam Minister Jean Asselborn. Hien hätt en oppent Ouer a wier Opmierksam wat d‘Zivilgesellschaft ze Leeschten am Stand ass.

Fir sech dann awer „fräi“ ausdrécken ze kënnen, eventuell Interessekonflikter oder Aflossnam ausschléissen ze kënnen, muss Passerell seng Onofhängegkeet schützen. Dat notamment iwwert den Ëmwee vun engem gudden Equiliber am Kontext vum Finanzement. An dësem Kontext an nees bezunn op dem ADR-Deputéierten seng Fro, hei eppes zu de Ressource vu Passerell:

  • De globale Budget fir 2020 huet 130.000 Euro ausgemaach;
  • 41% vum Budget, kritt Passerell vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, fir kloer definéiert Projeten an Aktivitéiten;
  • 25% vum Budget gëtt iwwert de Mäzenat realiséiert;
  • 24% vum Budget goufen iwwert déi direkt Collecte an den Engagement vu Privatleit assuréiert;
  • 5% ginn als „institutionaliséierte Finanzement“ ausgewisen: 1.500 Euro gouf et säitens dem Justizministère an der Stad Lëtzebuerg, dat fir punktuell Evenementer;
  • 5% sinn eege Finanzéierung.

D‘Geld fält bekanntlech net vum Himmel, firwat eppes Transparenz scho sënnvoll ass. Et ass Geld dat och gebraucht gëtt fir d‘Employéeën an d‘Stagiairen ze bezuelen. An dësem Kontext weise mir nach emol kuerz drop hinn, datt ee Sonndeg 20. Juni de Weltdag vum Refugié ass. Wien déi gutt a wichteg Aarbecht vu Passerell ënnerstëtze wëll, kann dat maachen, mat engem Don op de Kont:

CCPLLULL – LU54 1111 7043 2710 000

Annex: Aktivitéitsbericht Passerell 2020

Related topics Asylpolitik, Mënscherechter, Passerell
Next post Previous post