Search

You may also like

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!
Neiegkeeten

Floumaart an der Stad Lëtzebuerg: Avis aux Amateurs“!

Vun Abrëll bis Oktober, organiséiert d‘Stad Lëtzebuerg all éischte Sonndeg

Endlech nees Bundesliga!
Neiegkeeten

Endlech nees Bundesliga!

Déi géintiwwer der FIFA an/oder UEFA net manner vu mafiéis

dislike
D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie
Neiegkeeten

D’AfD sëtzt elo am Bundestag – dobäi bedrohen se d’Demokratie

Se si Magistrate, Universitairen oder Bänker. Mee hannert hirem Profil

Héichwaasser: Keng Erklärung mee schonn eng Analys

Héichwaasser: Keng Erklärung mee schonn eng Analys

De Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) huet schonn eng provisoresch Analys vun den hydro-meteorologeschen Date vum 14. a 15. Juli ausgeschafft. Wéi en Zweck et huet, fir wien se bestëmmt ass…

Wann et richteg ass, datt et déi lescht Woch am ganze Land zolidd gereent huet, esou huet de Staarkreen net iwwerall deeselwechten Impakt. Zudeem huet een d‘Gefill bei der Lektür vun dëser wëssenschaftlecher Aarbecht, datt et net an éischte Linn ëm d‘Héichwaasser gaangen ass, mee eng statistesch Analyse vum Néierschlag am genannten Zäitraum ass. An dat och just emol Virleefeg.

An natierlech gëtt sech nees ob esou obsolet – well erwisenermoossen net den Tatsaachen ugepasst – Definitioune wéi „Joerhonnerthéichwaasser“ bezunn. Als Grondlag déngen déi op den zu Bieles an Uewerkuer (historesche) Miessstatiounen erhuewen Daten. Aus dëse geet ervir, datt et sech beim Onwieder vu leschter Woch ëm een exzeptionelle Phenomen handelt, deen et ëfters géif ginn.

Méi oft jiddefalls wéi all honnert Joer, well laut dem LIST hätt et (bal) all fofzeg Joer esou Wieder. Dat léist de Schluss zou, datt d‘Naturkatastroph näischt mat der Äerderwiermung an/oder engem eventuell tatsächlech bevirstoende Klimawandel kann ze dinn hunn. Woubäi d‘Analys ass jo nach virleefeg, an de politesche Kontext nach net ganz esou zum droe komm. Et gëtt also eng Zugab.

An den nächste Wochen a Méint, esou zumindest ass et geplangt, sollen nach weiderféierend, vill méi an d‘Déift goend Analyse gemaach ginn. Et handelt sech dobäi net ëm Informatiounen zu engem méigleche Klimawandel – also jiddefalls net direkt – mee et geet drëms en detailléierten Abléck an déi hydrologesch Prozesser vun dësem Wiederexzess ze erhalen. Et bleift interessant…

Ob et dann elo och eng Institutioun am Land huet, déi sech enger Analys vum Ëmgang mat de säitens der EFAS agereechte Warnunge beschäftegt, déi offensichtlech op der Grondlag vu méi frëndlechen Alternativen onberécksiichtegt bliwwe sinn? Dat dierft – bezunn op den entstanene Schued – méi Leit interesséieren, zemools sech d‘Virfäll jo och heefen.

Foto: Dat ganz Land huet um 14. a 15. Juli ee massiven Néierschlag missen erdroen, dat mat de bekannte Folgen. Et heescht wuel datt et Warnunge gouf a wuel och preventiv hätt kënnen eppes ënnerholl ginn, trotzdeem goufe keng Campinger a Risikogebidder evakuéiert, an esouguer op lokalem Niveau goufen d‘Leit aus den Haiser geholl, wou et eigentlech scho gedoe war. © Vero

Annex: LIST – Preliminaire Analyse vun den Iwwerschwemmunge vu Juli 2021 (fr)

Related topics Analys, Héichwaasser, Iwwerschwemmungen, Joerhonnerthéichwaasser, LISR, Staarkreen
Next post Previous post