Search

You may also like

Venezuela: Den Trump verschäerft den Toun
Fail International Neiegkeeten

Venezuela: Den Trump verschäerft den Toun

Eng militäresch Optioun géint de Venezuela gëtt vum amerikanesche President

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…
Fail International Neiegkeeten

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…

Zanter dem leschte Mëttwoch sinn 14 nei an 11 al

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer
Fail International Neiegkeeten

Politik: Paritéit mécht Sënn, mee den demokratesche Prozess steet driwwer

Fir d‘Femmes Socialistes schéngt d‘Welt vun Dag zu Dag besser

dislike

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Keng Jamaikakoalitioun fir eis däitsch Noperen

Et ass komm wéi et huet misse kommen. Déi sëlleche Sondéierungsgespréicher hate keng Hoffnung op eng méiglech Optioun duerchblécke gelooss. Véier Wochen an deene kee wierklech op deen aneren zougaangen ass.

Um spéide Sonndegowend huet d‘FDP d‘Koalitiounsverhandlungen ofgebrach. De Parteichef vun de Liberalen, Christian Lindner, huet no stonnelaange Gespréicher agesinn: „Et ass besser net ze regéieren, wéi falsch ze regéieren“. Um Vertraue wier ee gescheitert, zudeem hätt et keng gemeinsam Iddi gi fir d‘Land nei opzestellen, ze moderniséieren.

De Koalitiounsaccord deen um Sonndeg virgeluecht gi war, „!e Pabeier mat vill Widdersproch, oppe Froen a virprogramméierte Problemer“, huet et bei der Pressekonferenz eppes no Mëtternuecht säitens de FDP geheescht. De Christian Lindner stellt dann och nach fest: „De Geescht vum Sondéierungspabeier kënnen a wëlle mir net veräntwerten“.

Fir d‘Kanzlerin alles anescht wéi en zefriddestellenden Ausgang. D‘Angela Merkel (CDU) bedauert dann och de Réckzuch vun der FDP. Si hat un eng Eenegung gegleeft an muss sech elo mam Bundespresident Frank-Walter Steinmeier iwwert d‘Situatioun ënnerhalen. Hien ass elo an der Verantwortung, sollt et zu Neiwahle kommen.

Jamaikakoalitioun

No de gescheiterte Sondéierungsgespréicher huet d‘Kanzlerin sech den Tatsaache misse stellen. Si muss elo dem Bundespresident beriichten an dee wäert mussen Neiwahlen ausruffen. © Tobias Schwarz/AFP

De bayresche Ministerpresident Horst Seehofer (CSU) bedauert och den Ausgang vun de Sondéierungsgespréicher: „Et ass schued datt et um Enn net gelongen ass, dat zu Enn ze brénge wat zum gräifen no war“. Anscheinend wier ee bei der CSU esouguer bereet gewiescht sech an der Migratiounsfro kulant ze ginn.

Gréng Kritik, sozialistesch Verweigerung

Bei de grénge vill Kritik géintiwwer der FDP: „E Bündnis hätt kënnen zustane kommen“ esou d‘Fraktiounscheffin Katrin Göring-Eckard. Si werft de liberalen e Mangel u Verantwortung vir. Et hätt bei den Haaptthemen: Klimaschutz, Landwirtschaft a Migratioun, um Enn méi no beienaner geleeë wéi ze erhoffe war.

An de Parteichef leet nach eng Schëpp no. Déi gréng wiere bis zu der leschter Sekonn bereet gewiescht eng Koalitioun ze bilden. „E Partner hat déi Bereetschaft net“, esou den Cem Özdemir, dee mengt, datt d‘FDP schonn ugangs de Verhandlungen erkenne gelooss hat, datt et näischt géif ginn. Dobäi wieren déi gréng bei villen Themen iwwert hire Schied gesprongen.

Fir d‘Sozialisten ass den Ausgang vun de Koalitiounsverhandlungen näischt zu deem ee sech mat Kritik äussere kann. Et wier ze erwaarde gewiescht, an duerch de Réckzuch vun de liberale géif sech fir d‘SPD näischt änneren. Si hunn hir Léier aus der grousser Koalitioun (GroKo) gezunn, si vum Wieler entspriechend verwarnt ginn, an stinn de Schwaarzen net zur Verfügung.

Déi däitsch Industrie- an Handelskummer (DIHK) ass hirersäits net nëmmen onzefridde mam Ausgang, mee och besuergt iwwert d‘Signalwierkung vum Scheiteren. Den DIHK-Chef Eric Schweitzer ass enttäuscht: „Et ass hei eng Chsance verpasst ginn ideologesch Grenzen ze iwwerwannen an der Saach gerecht Léisungen ze fannen“.

Beim Handwierk (ZDH) ass een och net erfreet. Den ZDH-President Hans-Peter Wollseifer: „Domatter hunn d‘Parteien Däitschland e Bierendéngscht erwisen. Et werft kee gutt Liicht op d‘Parteien a leescht deene Kräfte virschub, déi d‘Funktionsfäegkeet vun eisem politesche System a Fro stellen“.

Quellen: Phoenix, Tagesthemen, Deutschlandfunk

Foto: Den FDP-Chef Christian Lindner huet de Medien seng Siicht duergeluecht a sech däitlech vun der Koalitioun distanzéiert. © Odd Andersen/AFP

Related topics Angela Merkel, Cem Özdemir, Christian Lindner, Däitschland, Horst Seehofer, Jamaikakoalitioun
Next post Previous post