Adaptatioun vun de Mesuren am Beräich vun der Educatioun

Mam Vote vum Covid-Gesetz haut an der Chamber kënne mer, esou wéi a villen anere Beräicher vum ëffentleche Liewen, och endlech e grousse Schrëtt a Richtung Normalitéit fir eis Kanner an déi Jonk maachen.

No Echangë mat de Vertrieder vun allen Acteuren aus der Educatioun an de Responsabele vun der Inspection sanitaire, kënne mer vun e Méindeg un d’Mesuren an de Schoulen, an de Betreiungsstrukturen, mee och am ausserschoulesche Beräich lackeren. 

Dëst ass no genee zwee Joer Aschneidunge vum Alldag an de Schoulen an an de Betreiungsstrukturen eng Erliichterung fir eis alleguer.

*matgedeelt vum Educatiounsministère

Dernières nouvelles