Search

You may also like

Brexit: Et gëtt eng Zäit fir alles, also och fir sech Äddi ze soen…
Meenung

Brexit: Et gëtt eng Zäit fir alles, also och fir sech Äddi ze soen…

Et weess ee wierklech net méi wou een ufänke soll,

Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla
Meenung

Giel Gileten Akt III: Revendicatioun-Guerilla

De franséische President, Emmanuel Macron, knapps datt hien den enttäuschende

Wann engem d‘Spezialisten abhande kommen
Meenung

Wann engem d‘Spezialisten abhande kommen

Um Dënschdeg huet d‘Patronatsvereenegung FEDIL zesumme mat der Associatioun vun

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)

Keng Reklammen w.e.g. (Lieserbréif)

Op menger Bréifkëscht pecht e gielen Autocollant “Keng Reklammen w.e.g.”. Trotzdeem kréien ech reegelméisseg “kommerziell Informatiounen” agehäit.

Do ginn et Bliedercher vun Immobilienhändler, Pizza-Servicer, an, an, an. An esouguer och nach ëmmer déi ganz zweiwelhaft butzeg Ziedele vun de „Grand Voyant Medium“, déi sech domat erhoffe, wuel nees e neit Affer ze fannen…

Wann ech verschidde Geschäftsleit drop hiweisen, dass si w.e.g. d’Pechbild respektéiere solle, kréien ech oftmools gesot, dat wiere keng “Reklamme” mä „Informatioune“ fir d’Bierger. Ech duecht awer ëmmer ënner “Informatioun” wier dat ze verstoe wat ee Säitens der Gemeng, dem Staat, enger Partei, engem Club, enger Gewerkschaft asw. géif erhalen? Jiddefalls eppes wat sécher näischt mat engem Commerce ze dinn huet.

Reklammen

Dat Argument mat der “Informatioun” gëtt leider oft benotzt, nawell ganz gäre vun Immobilienhändler. Ass et da wierklech esou schwéier, fir de Wëlle vun deene Leit ze respektéieren, di keng Reklamme wëllen an dat dofir och kloer duerch d’Pechbild op hirer Bréifkëscht weisen?

Ech hu mir scho säit enger gudder Zäit virgeholl, di Geschäftsleit a Firme per Mail unzeschreiwen oder hinnen unzeruffen a matzedeele, w.e.g. d’Pechbild ze respektéieren. Ech hoffe, mat dësem Schreiwes nach weider Leit ze motivéieren, dat net méi einfach esou hinzehuelen a sech géint di Praxis ze wieren!

Johnny Theisen

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Related topics Bréifkëscht, Reklammen, Respekt
Next post Previous post