Search

You may also like

Hikikomori – En Theaterstéck um 4. Mäerz an der Kulturfabrik
Neiegkeeten

Hikikomori – En Theaterstéck um 4. Mäerz an der Kulturfabrik

D’Wiener TheaterArche féiert en Donneschdeg, 4. Mäerz 2021 um 20

Donbass: Si hunn de russesche Bier erwächt
Neiegkeeten

Donbass: Si hunn de russesche Bier erwächt

Nodeems den EU-Kommissär fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Josep Borell Fontelles, der

USA: De Klimawandel bedreet d‘Wirtschaft
Neiegkeeten

USA: De Klimawandel bedreet d‘Wirtschaft

De Klimawandel huet schonn en Impakt op d‘US- an d‘Weltwirtschaft.

Keng seriéis politesch Äntwert op d‘Reprise

Beim OGBL ass een nawell eppes iwwert d‘Passivitéit vun der Regierung, am Kontext vun der konjunktureller Relance no der sanitärer Kris, veriergert

Keng seriéis politesch Äntwert op d‘Reprise

Wéi oft d‘OGBL-Presidentin Nora Back de politesch Verantwortlechen un d‘Häerz geluecht huet, dach endlech déi richteg Léieren aus de successive Krisen ze zéien, dat léisst an Zuelen esou net méi festhalen. Anersäits hunn déi politesch Verantwortlech jo aner Prioritéiten an Interesse wéi dat Gewerkschaftler hunn. An nee domat ass net de Bierger gemengt.

En Dënschdeg awer huet sech den Nationalvirstand vum OGBL nach emol mat eben dëse „Léiere“ befaasst. An esou gouf sech dann nach emol mat der Finanzkris 2008/9 beschäftegt, no där jo déi politesch Verantwortlech (déi vun haut ware schonn an der Chamber oder soss a Verantwortung) grouss Ännerungen ugekënnegt haten. Ausser engem Austeritéitsprogramm gouf et awer näischt.

Nee ganz am Géigendeel. Et gouf d‘Gonscht vun der Stonn genotzt vir de Sozialofbau an eng nei Dimensioun ze begleeden, ugefaange mat der Eradikatioun vu sozialen Errongenschaften (Index-Manipulatioun, Pensiounsreform, asw.) Versprach gouf eis d‘Prosperitéit a wéi et sech fir eis esou gehéiert, hu mir alleguerte brav matgemaach. Net emol méi d‘Fauscht an der Täsch hat hir Plaz.

An elo, wéi soll et mat der nach ëmmer virherrschender Pandemie – ouni den Optrëtt vum Variant-Delta hei ze ënnerschätzen – an dem villverspriechende Relance-Plang weidergoen? Sécher den Ament gëtt säitens der Regierung eng weider oder erneit Austeritéitsphas éischter ausgeschloss, an awer warnt d‘Nora Back viru „blannem Vertrauen“, well ëmmerhi steet eis nach eng Kris bevir.

Méi Gerechtegkeet wier en Ufank

Wann een der Presidentin vum OGBL gutt nogelauschtert huet, kënnt een zum Schluss, datt et keng reell politesch Äntwert huet. Erstaunlech, bemierkt d‘Nora Back, schliisslech hätte FMI, OECD an d‘EU-Kommissioun d‘Richtlinnen opgestallt. Wann esou ongläich „Partner“ zum Erstaune vu villen et ronn kréien, sech op eng Marschrichtung ze verstännegen, sollt d‘Regierung d‘Zeechen erkennen.

Et geet ëm esou Niewesächleches wéi d‘Wirtschaftsreprise, d‘Stäerkung vun der Kafkraaft a besser Investitiounen an d‘Energietransitioun, d‘Digitaliséierung, déi ökologesch Nohaltegkeet an eise Sozialsystem. Dat géif bedeiten, datt een endlech een eppes méi gerechte Steiersystem aféieren, wat dann awer nees net wierklech am Interessi vun eben den a Verantwortung stoende Politiker ass.

Nationalvirstand-OGBL© OGBL

Laut de gëschter genannten Zuelen, géif et zu Lëtzebuerg ronn 42.000 Millionären hunn, woubäi et erlaabt ze behaapten, datt wien a sengen eegene véier Mauere sëtzt, trotz dem Kredit wuel als Millionär matgezielt gëtt, wann natierlech och net all. Trotzdeem ass d‘OGBL-Fuerderung no enger Ierfschaftssteier, wéi der Indexéierung vum Steierbarème berechtegt. Mee kann dës Regierung dat?

Et dobäi irrelevant ze wëssen, wéi vill vun den 10% Residenten, déi 50% vum Patrimoine ënnert sech opgedeelt hunn, selwer am héijen Haus representéiert sinn oder sech representéiere loossen. Jiddefalls wäert et net dës Regierung sinn, déi sech wäert enger Steiergerechtegkeet, wéi se vum OGBL verstane gëtt, zouwennen. Ob emol wéilt een datt de Logementsminister Wunnenge baut…

Foto: © OGBL

Related topics Nora Back, OGBL, OGBL-Nationalvirstand, Relance, Steiergerechtegkeet
Next post Previous post