Search

You may also like

Fake News am Viséier
Neiegkeeten

Fake News am Viséier

D’Regierung hëlt sech de Fake News un. Sou schéngt et

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet
Neiegkeeten

CFL Jubiläum: 10. Dag vun der Gesondheet an der Sécherheet

Ënnert dem Motto „Sécherheet Liewen“ hat de Grupp CFL, am

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer
Neiegkeeten

Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer

Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech

Keng Verschäerfung vun der Maskeflicht

Wärend bei eisen Noperen eppes méi streng Reegelen zum droe vun der Mask am ëffentleche Raum agefouert an ëmgesat ginn, soll et bei eis am Land nach net zu esou drastesche Mesure kommen

Keng Verschäerfung vun der Maskeflicht

Datt et héich Zäit géif ginn, sech dëser onséileger – an deels vu gewësse Kreesser héchst kritesch bis ëmstridde – Covid19-Pandemie ze entleedegen, wäert wuel net ouni Impfstoff an eppes Verstand méiglech sinn. Beim Impfstoff dierf een zouversiichtlech sinn, datt deen enges daags fonnt gëtt, och wann sech deem nees Verschwierungstheoretiker a Kapitalinteresse wäerten entgéint stellen.

Bis et also esou wäit ass, muss sech u grondsätzlech Reegele gehale ginn an dat op engem passt oder eben och net. Reegelméisseg d‘Hänn wäschen / desinfizéieren, méiglechst Ofstand halen an eppes virun Nues a Mond, op Buff oder Mask, undoen. Jo et ass net wierklech agreabel, mee an der tëscht gëtt et scho ganz flott Masken, déi een als moudeschen Accessoire dierf unerkennen.

Stellt sech natierlech d‘Fro, bis wouhinner oder wéi wäit kann een d‘Maskeflicht dreiwen. An ville Länner ginn se mëttlerweil och am ëffentleche Raum, also op der Strooss zur Flicht. Wärend sech d‘Experten, d‘Virologen an d‘Epidemiologe schéngen drop ze accordéieren, datt esou eng Mask a geschlosse Raim sënnvoll ass, ginn d‘Meenunge beim ëffentleche Raum ganz wäit Ausenaner.

Fir den Ament verhält et sech dann och esou, datt weder d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert (LSAP), de Chef vun der Gesondheetsdirektioun, Dr. Jean-Claude Schmit nach soss ee Member vun der Regierung, op eng generaliséiert Maskeflicht zougräife wëll. Mee wann ee weess wéi „flexibel“ a kreativ d‘Kommunikatioun sech iwwert déi lescht Méint gestalt huet, muss domat gerechent ginn.

Esou eng Mesure awer, och wa se jee no Standpunkt duerchaus opportun erschéngt, kéint op eppes Widderstand stoussen, an d‘Politik huet et guer net gären, wann onpopulär Moossnamen sech an hir alldeeglech Selbstduerstellung amëschen. Zudeem hunn sech d‘Zuelen nees „berouegt“ och wann et richteg ass, datt de Beholl vun enger Minoritéit hei zäitweis ee negativen Impakt opgewisen huet.

An dorausser géif den intelligente Mënsch schlussfolgeren, datt wat d‘Grondreegele besser agehale ginn, ee sech gesellschaftlech solidaresch korrekt behëlt an säint derzou bäidréit, datt déi vulnerabel geschützt sinn, et manner fräiheetsaschränkend Moossname brauch. Onpopulär Decisioune sinn och oft eng Konsequenz vu enger schlechter Interpretatioun vun de perséinleche Fräiheeten…

Foto: Zu Bordeaux (Südfrankräich) huet de Buergermeeschter decidéiert an de Geschäftsstroossen an aneren ëffentleche Plazen, wou en héicht Mënschen-Opkommen ze verzeechnen ass, generell d‘Droe vun engem Nues-Mond-Schutz unzeuerdnen. Lëtzebuerg ass nach net esou wäit. © Clovis Wood / unsplash

Related topics Covid19, Covid19-Gesetz, ëffentleche Raum, Gesondheetsdirektioun, Gesondheetsministesch, Maskeflicht
Next post Previous post