Search

You may also like

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020
International Neiegkeeten

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020

Bei der sougenannter City Nature Challenge entdecken 200 Stied an

Wichtegkeet vu Visibilitéit fir Cyclisten an der däischterer Saison!
International Neiegkeeten

Wichtegkeet vu Visibilitéit fir Cyclisten an der däischterer Saison!

Zanter e puer Joer organiséiert ProVelo (fréier Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ) mat

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst
International Neiegkeeten

40 Joer Dakar: eng Geschicht a fënnef Joreszuelen zesummegefaasst

Et ass dee berühmtste Rallye am Motorsport: den Dakar. Dee

Kenia: Erwaarten Onroue fuerdere schonn eelef Doudeger

Kenia: Erwaarten Onroue fuerdere schonn eelef Doudeger

Nodeems ee Freidegowend kloer war, datt de Uhuru Kenyatta als President erëmgewielt ginn ass, huet et déi erwaarten Onroue ginn. Bei Ausernanersetzungen tëscht Manifestanten an der Police hunn op mannst eelef Mënschen hiert Liewe verluer. Och um Sonndeg ass d’Situatioun nach ugespaant, an d’Oppositioun hieft den Toun.

D’Gewalt ass bis elo begrenzt op veschidde Slums vun Nairobi an Héichbuerge vun der Oppositioun am Weste vum Land. Hei sinn d’Supporter vum Géigekandidat Raila Odinga mat Sténg op d’Police lassgaangen. Déi huet mat Tréinegas an automatesche Waffen d’Manifestanten ausenaner gedriwwen. Am Rescht vum Land war et wäitleefeg roueg bliwwen.

Eng Fra stierzt sech op de Buedem, wéi d’Police bei enger Manifestatioun vun Ënnerstëtzer vun der „Nationaler Super Allianz“ (NASA) an de Slums vu Mathare zu Naironi, haart duerchgräift (© Luis Tato/AFP)

„Mir loossen eis net aschüchteren, mir ginn net op“ huet um Samschdegmëtten den Johnson Muthama, ee vum Odinga senge Lieutenante gesot. D’Oppositioun huet säit en Dënschdeg d’Wahlresultat kontestéiert. Si ass iwwerzeegt datt hire Kandidat d’Wahle gewonnen huet a schwätzt vu Wahlbedruch.

Laut dem Bilan, deen d’AFP unhand vu Quelle bei der Police a Spidoler konnt zéien, si säit ee Freideg wéinstens eelef Mënsche gestuerwen. Néng Leit hunn d’Liewen an de Slums vu Mathare, Kibera an Kawangware verluer. Dorënner ee Meedche vun néng Joer, dat vun enger Kugel getraff ginn ass, op engem Balcon um véierte Stack vun engem Gebai. An de Grofschafte Kisumu a Siaya sinn zwee weider Doudeger ze bekloen.

Ouni Récksiicht

Am ganze sinn bis ewell 17 Leit, säit de Wahle vum Dënschdeg, ëmbruecht ginn. Dat an engem Land vun 48 Milliounen Awunner, déi nach déi schwéier Ausenanersetzungen no de Walen 2007, an Erënnerung hunn. D’Onroue vun 2007/8 waren déi schlëmmst am Kenia, zanter senger Onofhängegkeet vu Groussbritannien am Joer 1963.

D’Sécherheetskräften hunn den Opstand mat grousse Moyenen niddergeschloen. Dat och wann den Inneminister Fred Matiangi erkläert, datt d’Police keng disproportionéiert Gewalt géint d’Manifestanten ugewannt hätt.

E Fotograf vun AFP huet allerdéngs gesinn, wéi d’Police op Opstänneger, an der Nuecht vun ee Freideg op e Samschdeg, zu Kibera geschoss huet. D’ONG „Dokteren ouni Grenzen (MSF) huet matgedeelt, eleng an de Slums vu Mathare 54 Leit medezinesch versuergt ze hunn. Heirënner siwe Mënsche mat Schossverletzungen.

E Mann gëtt ewech gedroen, déi bei den Ausenanersetzunge mat der Police zu Kawangware, ee Slum vun Nairobi, verletzt ginn ass (© Patrick Meinhardt/AFP)

D’Schold um haarden duerchgräife vun de Polizisten, gëtt de Matiangi „kriminellen Elementer déi versicht hunn sech aus den Onrouen ee Virdeel ze verschafen, Geschäfter ausgeraumt an Proprietéiten zerstéiert hunn“. Den Inneminister verséchert, datt „d’Sécherheet am Rescht vum Land duerchgesat gëtt“.

London an d’EU gratuléieren

Um Samschdeg huet de briteschen Ausseminister Boris Johnson am engem Communiqué dem Kenyatta gratuléiert: „D’vereenegt Kinnekräich felicitéiert häerzlech de President Kenyatta fir seng Wiederwahl (…) Mir sti mat de Kenianer fir ëm déi ze traueren déi gestuerwe sinn a ruffen all déi op, déi den Afloss hunn, fir sech an dëse schwéieren Zäite fir Berouegung ze suergen“.

Och d’Frederica Mogherini, déi d’EU aussepolitesch representéiert huet dem Uhuru Keynatta gratuléiert erëmgewielt ginn ze sinn. Si rifft och d’Kenianer op vun der Gewalt Ofstand ze huelen. „All d’politesch Kräfte mussen elo no vir kucken an zesummeschaffen“ esou d’Mogherini am Communiqué.

Mat 54,27% vun de Stëmmen erëmgewielt, hat de Kenyatta, dee säit 2013 am Amt ass, um Freidegowend dem Raila Odinga (44,74%) d’Hand ausgestreckt. Dat an enger Ried un d’Natioun: „Mir mussen zesumme schaffen (…) mir mussen zesumme fir de Wuesstem vum Land suergen“. De Kenyatta hat d’Oppositioun och opgeruff vu Gewaltdoten ofzegesinn.

mam Nicolas Delaunay/AFP

Titelfoto: En Awunner vun de Slums vu Kibera hält ee Panneau mat „ Kee Raila, kee Fridden“ an d’Luucht. D’Oppositioun gëtt et sech net midd vu Wahlbedruch ze schwätzen an hir Unhänger etzen hire Protest mat Gewalt duerch ( Toni Karumba/AFP)

Related topics Afrika, Kenia
Next post Previous post