Search

You may also like

surprise
Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat
Neiegkeeten

Grousse „Kino“ virum Landwirtschaftsministère fir de Verbuet vum Glyphosat

Well se sech zu Bréissel um 27. an 28. November

Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill Béier-Adventskalenner 2020

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

De Fausti huet eis verlooss
Neiegkeeten

De Fausti huet eis verlooss

Am Alter vu grad emol 80 Joer ass de Faustino

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder

D’Ausweidung vun den Naturschutzgebidder ass eent vun de wichtegsten Instrumenter vum nationalen an internationalen Naturschutz. An der Reegel fënnt een hei eenzegaarteg Elementer vun der Biodiversitéit vun enger Regioun erëm, sief et bedreet Aarten oder seelen Liewensraim. Per Gesetz sinn Naturschutzgebidder kloer definéiert Zonen, an deenen d’Notzung per Gesetz gereegelt gëtt.

Zu Lëtzebuerg ënnerscheede mir tëscht nationalen Naturschutzgebidder, déi éischter kleng, dofir awer mat strenge rechtlechen Oploe verbonne sinn, an europäesch geschützte Gebidder, déi mir och Natura 2000 nennen. Heibäi sinn d’Gebidder zwar méi grouss, kommen awer mat der rechtlecher Festsetzung vun den Naturschutzziler aus.

Am Grand-Duché ginn et momentan 60 ausgewisen national Naturschutzgebidder. Ganzer 8.116 Hektar (knapp 3% vun der Landesfläch) sinn domat geschützt. Dat éischt protegéiert Gebitt bei eis am Land ass am Joer 1987 festgeluecht ginn. Dem nationale Plang no sollen nach weider 75 Zonen ausgewise ginn.

Naturschutzgebidder

(v.l.n.r.) Edith Jeitz, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Konsdref; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Joé Nilles, Buergermeeschter vun der Gemeng Bäerdref © MECDD

Bis viru kuerzem huet keng eenheetlech Kennzeechnung vun den nationalen Naturschutzgebidder zu Lëtzebuerg existéiert. Mat der wuessender Bevëlkerung an de steigenden Zuelen un Touristen ass am Grand-Duché den Drock op naturbeloosse Landschaften an hir Biodiversitéit geklommen. Eng Beschëlderung vun den Zonë war domat vun ëmsou gréisserer Wichtegkeet.

Den Ëmweltministère an d’Naturverwaltung hunn dofir zesummen decidéiert dës eenheetlech Beschëlderung vun de Gebidder auszeschaffen. Zil vum Projet ass et de Erëmerkennungseffekt ze steigeren a soumat d’Visiteuren op de Wäert opmierksam ze maachen. U wichtegen Zougangsweeër zu den Zonë gi Visiteuren unhand vu Piktogrammen op déi rechtskräfteg Verhalensreegelen higewisen.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Joé Nilles, Buergermeeschter vun der Gemeng Bäerdref; Frank Wolff, stellvertriedenden Direkter vun der Naturverwaltung; Frank Wolter, Direkter vun der Naturverwaltung; Laurent Schley, stellvertriedenden Direkter vun der Naturverwaltung © MECDD

Related topics Beschëlderung, Carole Dieschbourg, Edith Jeitz, Frank Wolff, Frank Wolter, Joé Nilles, Kennzeechnung, Laurent Schley, Natura 2000, Naturschutzgebidder
Next post Previous post