Search

You may also like

PINEWAY Album-Release vu „Shift“ de 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor
International Neiegkeeten

PINEWAY Album-Release vu „Shift“ de 4. Abrëll 2020 am Rockhal Floor

Bréngt ee säin éischten Album eraus, da fält wuel all

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen
International Neiegkeeten

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen

Wann een zréck op d‘Joer 2017 bléckt, wou mat 25

Hausdéier: Opgepasst beim Kaf oder der Adoptioun am Ausland
International Neiegkeeten

Hausdéier: Opgepasst beim Kaf oder der Adoptioun am Ausland

Wëll ee säi Liewe mat engem véierbeenege Begleeder beräicheren, sollt

Groussasaz fir d‘Nationalgard am Wisconsin

Nodeems et zu Kenosha zum engem Iwwergrëff vun der Police komm war, sinn d‘Leit nees op d‘Strooss gaange fir ze protestéieren an elo sinn zwou weider Persounen duerch Waffegewalt gestuerwen…

Groussasaz fir d‘Nationalgard am Wisconsin

E Polizisten hat zu Kenosha am US-Bundesstaat dem 29 järegen Afroamerikaner Jacob Blake aus knapp engem Meter Distanz direkt siwe mol an de Réck geschoss. Eng Dot déi, wie verwonnert et, zu erneite Protester géint Rassismus a Policegewalt gefouert huet. Protester déi dann och nees mat aller Häert vun den Autoritéite wëlle verhënnert ginn, wat zu enger gewollter Eskalatioun féiert.

Bei dëse Protester sinn elo zwou weider Persounen duerch den Asaz vu Schosswaffen ëm d‘Liewe komm, eng drëtt Persoun déi an der Nuecht op e Mëttwoch uerg blesséiert ginn ass, gëtt zur Stonn nach en engem Spidol behandelt. Op engem Video, deen an de sozialen Netzwierker zirkuléiert, ass ee Schosswiessel tëscht Zivilisten ze gesinn. Leit sinn op ee Mann lassgaangen deen op si schéisst.

Leschten Informatiounen no, wier an dësem Zesummenhang ee 17 järege verhaft ginn. Zu Kenosha, enger Stad mat ëm, déi 100.000 Awunner, steet d‘Welt op der Kopp. Roserei a Biller vun enger scho bal als geziilten Hiriichtung ze bezeechne Policeaktioun, dat ass ee geféierleche Cocktail an et huet dann och Folgen. Déi lokal Police kann esou eppes verständlecherweis net méi deseskaléieren.

Den US-President wëll d‘Uerdnung nees hierstellen

Elo muss d‘Nationalgard nees agräifen an och déi dierft et net einfach kréien, erwaart sech den US-President vun dëser kuerze Prozess ze maachen. Via Twitter huet den Donald Trump matgedeelt, datt an Ofsprooch mam Gouverneur vu Wisconsin, Tony Evers, d‘Nationalgard an Bundesbeamten elo zu Kenosha mussen agesat ginn. Déi solle mat alle Mëttel nees fir Rou an Uerdnung suergen.

De ganze Protest an d‘Gewalt hëllefen dem Jacob Blake net. Deen ass nach ëmmer am Spidol an et dierf een et schonn als ee klengt Wonner bezeechnen, datt hien der „Häert vun der amerikanescher Justiz“ lieweg entkomm ass. Mee wat soll dat fir ee Liewe ginn? De Familljepapp wäert mindestens vun der Hëft Ofwäerts geläämt bleiwen, ee puer vun de siwe Kugelen hunn d‘Wierbelsail getraff.

Mee dem Polizist seng Kugelen hunn och soss „gréissere“ Schued ugeriicht. Bauch, Liewer an Nieren si betraff, d‘Dokteren hunn an enger ganzer Serie vun Noutoperatioune grouss Deeler vum Déck- an Dënndaarm missen enthuelen. Mee d‘Amerikaner sinn erfuere wat esou Operatioune betrëfft, well ausser a Krichsgebidder, gëtt néierewou op de Welt esouvill Schossverletzungen…

De Rassismus a méi wéi schänterlech… en ass déidlech

Dem Jacob Blake säi Papp: „Hien huet siwe mol op mäi Bouf geschoss! Siwe mol! Wéi wann hien näischt wäert wier. Mee hien ass e Mënsch an hien ass eppes Wäert“. Seng Mamm huet ënner Tréinen erkläert, datt de Jacob Blake géint Gewalt ass an dem Affer seng Schwëster, kritt sech an dëser Saach net méi berouegt. Si huet benotzt däitlech Wierder fir dës Dot ze qualifizéieren.

„Ech sinn net traureg. Ech si rosen a midd. Ech hunn net gekrasch. Ech hu viru Joren opgehalen ze kräischen. Ech gesinn zanter Joren, wéi d‘Police, Mënschen déi wéi ech ausgesinn, ëmbréngen. Ech wëll och kee Matleed, ech verlaangen de Wandel“, esou d‘Letetra Widman. An eigentlech huet d‘Fra jo Recht, déi institutionell Gewalt a keen deen eppes dorunner ännere wëll, dat huet Folgen.

An et ass net nëmmen der Politik vun de Republikaner unzelaaschten. Och d‘Demokraten an den USA hunn hiren Deel u Schold op sech geholl. Afroamerikaner hunn ni wierklech hir Plaz an dësem Land vun den „onbegrenzte“ Méiglechkeeten zougestane kritt. An et gëtt am Land kee Wëllen eppes dorunner ze änneren, firwat dës Protester och iwwert den 3. November wäerten erausgoen.

mat indymedia/mad

Foto: Natierlech gëtt an esou Fäll alles vreckt geschloen a Geschäfter ginn ausgeraibert, a well een déi Biller iwwerall gesäit, hei dann emol ee Statement, deen engem sollt ze denke ginn. Mee dat mam Denken ass den ament op der ganzer Welt iergendwéi richteg komplizéiert ginn. © MadDemSoc

Related topics BLM, Jacob Blake, Kenosha, PoC, Policegewalt, Protest, USA, Wisconsin
Next post Previous post