Search

You may also like

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch
Kultur Neiegkeeten

Institutiounen déi d‘Welt (esou) net brauch

Et gëtt Institutioune vun deenen een erzielt kritt, si wieren

Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!
Kultur Neiegkeeten

Nei Corona-Moossnamen: En Hin an Hir ouni Verstand!

D’ADR hëlt zur Kenntnis, datt d’Regierung, elo mol bis zum

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 15. November 2020
Kultur Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 15. November 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Kënschtleresch Innovatioun wärend der Pandemie

Kënschtleresch Innovatioun wärend der Pandemie

Trotz oder grad wéinst der sanitärer Kris hunn d’Artiste misse besonnesch kreativ ginn. Déi 3 bescht Initiativen a Projeten goufen elo mat engem Präis ausgezeechent.

Mat hirer Ausstellung “jamais peut-être” huet d’Nora Wagner d’Zäit vum Lockdown genotzt, fir nei Weeër an seng Duerstellung vun der plastescher Konscht am Internet ze weisen. Dobäi huet si d’Individualitéit an engem kreativen Prozess hannerfrot an op d’Bedeitung vum Dialog higewisen, andeems si dräi weider Kënschlerinnen – ‘d’Carole Louis, d’Trixi Weis an d’Aurélie d’Incau – mat an dësen Projet agebonnen huet.

Déi véier Dammen hunn ee virtuellen Ausstellungsraum iwwerholl hunn, an dobäi d’Wierker vun de jeeweilegen Kënschtler verwandelt, vervollstännegt oder och zerstéiert.

Ausschlagebend fir de Jury waren besonnesch d’Experimentéierfreedegkeet mam Medium Internet, de participativen Charakter vum Projet a schlussendlech och d’Aart a Weis, wéi d’Kënschtlerin Nora Wagner an enger Zäit vum kulturelle Stëllstand op sech opmierksam maachen kommt. D’Wierk gouf mat enger Zomm vu 5.000 € belount.

D’Zesummenaarbecht vun den Théâtres de la Ville de Luxembourg an dem Kinneksbond mat groussen a klengen Theaterbühnen weist, wéi Solidaritéit an der duerstellender Bühnenkonscht gelieft gëtt. Dësen Zesummenschloss a schwéieren Zäiten huet der gesamter Zeen nei Opträg bruecht an zudeem een erfollegräichen Optakt vun der neier Saison, ganz am Respekt mat den gesondheetlechen Virgaben vum Gesondheetsministère a virun allem ouni Beréierungsängschte duerch de Publikum, méiglech gemaach. Bei de virgedroen Stécker gouf sech mat der Corona-Pandemie zudeem kreativ auserneengesat an soumat eng kënschtleresch Äntwert op d’Kris ginn. Dës Initiative gouf mat enger Zomm vu 4.500 € belount.

Mam Konschtprojet „Window Loving“, initiéiert vum Frédérique Buck, huet d’ASBL Grand H den Bewunner*innen vun enger Seniorenresidenz am Abrëll an am Mee Momenter vun der Freed, Emotiounen a Poesie am hiren duerch Corona gepräägten Alldeg bereet.

Ugesprach gouf e Publikum, deen et wärend dëser Zäit opgrond vum Besichsverbuet besonnesch schwéier hat. Eeler Persoune waren isoléiert an hunn missen mat der stänneger Angscht virun enger Ustiechung duerch de Virus liewen. Ënnerschiddlech Live -Performancen (Gesank, Musek, Danz, Liesungen vu verschiddene Kënschtler a Kënschterinnen stoungen um Programm, wat speziell op dat drëtt Alter ausgeriicht war a vum Trottoir an duerch d’Fënsteren ze kucken war. Dës Initiative gouf mat enger Zomm vu 4.500 € belount.

Opmaacherbild: “jamais peut-être” vum Nora Wagner

Related topics Covid-19, jamais peut-être, Kinneksbond, Konscht, Nora Wagner, Pandemie, Theater, Window Loving
Next post Previous post