Search

You may also like

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché
International Kultur Neiegkeeten

2018 start gutt fir den Aarbechtsmarché

Den Aarbechtslosentaux fält am Januar op  5,6%. Am Verglach zum

Zwee Doudeger an zwee Blesséierter bei Explosioun um Waldhaff!
International Kultur Neiegkeeten

Zwee Doudeger an zwee Blesséierter bei Explosioun um Waldhaff!

Um haitege Virmëtteg soll et am Munitiounslager vun der Lëtzebuerger

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff
International Kultur Neiegkeeten

Nei Prioritéite fir den EU-Mënscherechtsgeriichtshaff

Den europäesche Mënscherechtsgeriichtshaff ass chronesch iwwerlaascht an erfëllt seng Missioune

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal fir ze danzen – Khroma begeeschtert bei der Europa-Tour!

Metal gehéiert zu de skandinavesche Länner, wéi de Kachkéis zu Lëtzebuerg. Virun allem Finnland huet déi héchst Proportioun un Metal Bands pro Awunner. Inspiréiert un dësem populäre Stil ass 2010 d’Band Khroma zu Helsinki gegrënnt ginn. Hir nei Single Kill Them Friction hunn déi finnesch Elektro-Metaller ënnert villen anere Songs beim Jinjer-Concert an der Kulturfabrik Enn November presentéiert. D’Lëtzebuerger ware begeeschtert!

Natierlech gëtt ee vun dësem héije Metal-Opkommes an der Heemecht enorm gepräägt. Op der anerer Säit interesséiere sech d’Jonge vu Khroma awer besonnesch fir déi méi alternativ Subgenres, wou och Nu Metal a Metalcore dozou gehéieren. Si selwer hu sech allerdéngs dem Elektro-Metal higinn, deen dreiwend Beats, déif Gittarkläng an elektronesch Téin matenee verbannen.

Scho Jore virun der Grënnung vun der Band hunn d’Memberen sech duerch divers musikalesch Projete kennegeléiert. Si all hunn Talent am Blutt an ee richteg Kribbele verspuert, fir grouss erauszekommen. Zwou Persoune fale vum musikaleschen Interessi hir liicht aus der Rei fält: De Sänger Riku Rinta Seppälä ass nämlech éischter dem Drum’n’Bass verfall, wärend de Batteur Antti Honka Orchester veréiert. Wou d’Band also gegrënnt ginn ass, huet ee sech dozou entscheet eng déif, cinematesch an haart Musek ze entwéckelen.

Jinjer

Khroma © Shari Pleimelding/moien.lu

Neit melodescht Material

Hire rezentsten Album Stasis ass am Abrëll 2016 erauskomm. Als Zentrum fir kulturell Interaktiounen, Konscht a Musek huet een déi däitsch Haaptstad Berlin ausgesicht, fir den neien Disk ze produzéieren an opzehuelen.

Ier awer elo Ufank 2020 den neien Album op de Maart kënnt, huet een als kleng Amuse-Bouche d’Single Kill Them Friction erausbruecht. „Et soll dech zum danze beweegen, dech an elektronesch Landschafte leeden an nei kierperlech Stréimungen zouloossen“, sou d’Band am Interview. Elo ass een immens houfreg dëst Wierk bei der massiver Jinjer-Tour spillen ze kënnen.

Vun dem wat war, an deem wat nach kënnt

Op d’Fro wat hir Highlight vun de vergaangene Joren op Tour sinn, ass virun allem 2013 de Metal Acker Tennenbronn zu Schramberg, den Tuska Open Air zu Helsinki an ee Joer drop den Euroblast zu Köln ervir gehuewe ginn. Wann een ganz Europa schonn eng 10 Mol besicht an iwwer 200 Shows gespillt huet kommen einfach onbezuelbar Erënnerungen eraus. An och wa Metaller oft als düster bäerteg Gestalten duergestallt ginn, freeën si sech immens d’Fans bei de Gigs ze treffen an nei Frëndschaften ze schléissen. Zesumme mat Jinjer ass all Dag ee „Megablast“.

Soubal am nächste Joer den drëtten Album eraus ass, hofft Khroma eng weider fantastesch Tour duerch Halen, Clubs a Festivaller maachen ze kënnen. Nodeems ee sech jo haaptsächlech op Europa konzentréiert, de leschte klenge Gig a Japan (2015) awer esou grandios war, wëll een onbedéngt och iwwert eise Kontinent erausgoen. Eng Welttour ass wuel fir all Museker een Dram – a vläicht gëtt e fir Khroma jo wouer?

Jinjer

Khroma © Shari Pleimelding/moien.lu

Op alle Fall kann all Metal Fan sech elo schonn op nach méi schaarf Filmeffekter, méi progressif Beat an Drops, sou wéi d’Resultat vun dräi Joer Aarbecht freeën! Blutt, Schweess an Tréinen hunn d’Museker geaffert, fir hir Perséinlechkeet no baussen ze droen.

D’Band Khroma fannt Dir och op Facebook, Youtube, Twitter an Instagram.

Opmaacherbild: (v.l.n.r.) Antti Honka, Battrie a Visual Desing; Mikko Merilinna, Gitar a Keyboard; Riku Rinta-Seppälä, Gesang an Electronics; Maarik Leppä, Bass

Related topics Band, Elektro-Metal, Europa-Tour, Helsinki, Jinjer, Khroma, Kill Them Friction, Musék, neien Album, Stasis
Next post Previous post