Search

You may also like

De Covid19 bedreet och déi finanziell Gesondheet vun der Krankekeess
International Neiegkeeten

De Covid19 bedreet och déi finanziell Gesondheet vun der Krankekeess

Datt d‘Krankekeess am Kontext vun der Covid19-Pandemie géif zolidd zur

Vu Fueren ënnert Alkohol-Afloss, Bedreeung mat enger Waff a méi
International Neiegkeeten

Vu Fueren ënnert Alkohol-Afloss, Bedreeung mat enger Waff a méi

D’Lëtzebuerger Police hat leschte Weekend nees zolidd Aarbecht. Direkt e

surprise
Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt
International Neiegkeeten

Korruptioun: Wann den Ierfprënz sech selwer dem Problem unhëlt

Eelef Prënzen an e sëlleche Minister sinn um Samschdegowend a

En ass erëm do!

Et gouf an de leschten Deeg vill Spekulatiounen iwwert de Verbléif vum Kim Jong-un. Elo no 20 Deeg Absence ass hien nees opgetaucht. Mee handelt et sech hei em ee Bluff vun de Staatsmedien?

Wat gouf et net alles vu Spekulatioune ronderëm de „béise Jong“ vu Pyongyang. Vun doudkrank bis längst abalsaméiert, de Choix war esou villfälteg wéi et Sanktioune géint Nordkorea gëtt. An et schéngt tatsächlech eppes um Sproch: „Doudeger liewe méi laang“ drun ze sinn, well den Diktator mam Charisma vun engem Fueskichelche soll ee Freideg eng Fabrick ageweit hunn.

An der staatlech kontrolléierter Zeitung „Rodong Sinmun(Zeitung vun den Aarbechter) goufen elo Fotoe vum Kim Jong-un verëffentlecht, déi de Leader bei der Aweiung vun der Düngemëttelfabrick Suchon an der Provënz Süd-Pyongan weisen. Hei presentéiert hie sech zesumme mat senger Schwëster Kim Yo-jong an de bei esou Zeremonien uwiesenden Honoratiore vun der Partei.

Wéi KCNA ze beriichte weess, wier de Kim Jong-un sengem Rang entspriechend empfaange ginn, iert hien d‘Bändchen duerchgeschnidden huet an uschléissend d‘Fabrick besichtegt huet, wou hien iwwer d‘Produktiounsprozesser informéiert gouf. Eng Berichterstattung ouni eppes Pathos, dat geet natierlech net, an esou hu sech d‘Zeitungsredakter an d‘Spriecher op der Tëlee eppes goe gelooss.

Esou hätt de Kim Jong-un mat grousser Ergraffenheet gesot, datt säi Grousspapp Kim Il-sung an de Papp Kim Jong-il, sech iwwert d‘Noriicht vum Bau vun dëser moderner Phosphatdünger-Fabrick bestëmmt immens gefreet hätten. Un Detailer gouf an de Reportage vu Rodong Sinmun a KCNA net gespuert. Mee et gouf kee Wuert doriwwer, wou sech de Leader 14 Deeg laang verkroch hat.

Dat wier et da gewiescht mam rätselen a spekuléieren. An och den US-President dierft et erfreet hunn, datt de Rakéitemann nees an der Ëffentlechkeet opgeschloen ass. Elo heescht et nees waarde bis dem Diktator seng Ingenieuren nei Rakéitentester duerchféieren… Dat war jo an de leschte Méint esou zimmlech dat eenzegt wat et vun Nordkorea ze beriichte gouf.

mat Xinhua a KCNA

Fotoen: © KCNA

Related topics Aweiung, Düngemëttelfabrick, Kim Jong-Un, Nordkorea, Propaganda, Pyongyang
Next post Previous post