Search

You may also like

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – A Gedenken un d’Opfer vum Nationalsozialismus

Um 27. Januar 1945 war et déi Rout Arméi, déi

Huet d‘Police am Chile mësshandelt a gefoltert?
Kultur Neiegkeeten

Huet d‘Police am Chile mësshandelt a gefoltert?

Déi chilenesch Sécherheetskräften hunn no der Aschätzung vum UN-Héichkommissariat fir

D’Police proposéiert säi Service „Départ en vacances“
Kultur Neiegkeeten

D’Police proposéiert säi Service „Départ en vacances“

Dir hutt, trotz den Ëmstänn, geplangt an d’Vakanz ze fueren?

Kinepolis: Hei rullt de Rubel

Kinepolis: Hei rullt de Rubel

Mat dräi Standuerter ass Kinepolis esou eppes wéi de Plazhalter bei allem wou „Zinema“ drop steet an datt dat zu Lëtzebuerg ee profitabelt Geschäft ass, beweist all Joers op en Neits d‘Virlag vum Bilan. Ee Bilan deen iwwerraschend gutt ausfält, bezunn op d‘Potential dat d‘Land ze bidden huet.

Mat eppes kléngs iwwer 4.500 Sëtzplaze konnten d‘Mataarbechter ronn 980.000 Leit fir de Bléck op de risegen Ecran begeeschteren. Dat sinn 6,4% méi Leit wéi nach 2018. An déi hunn derzou bäigedroen, de Belsch e Benefice vu 54,4 Milliounen Euro anzebréngen. Eng Hausse vu 14,7% géintiwwer 2018, mee och dat gëtt den Uspréch vum Grupp nach net a vollem Ëmfang gerecht.

Kinepolis ass eng Aktiëgesellschaft déi primär an der Belsch aktiv ass, wou si gutt en Drëttel vu hiren Aktivitéite gelagert huet. Donieft ass Kinepolis nach a Kanada an am Frankräich operationell. Den Ëmsaz hei am Land läit bei 17,5 Milliounen Euro, wat zu engem Resultat vu 4,9 Milliounen Euro féiert. Dat kann a soll sécherlech nach emol 2020 gesteigert ginn, esou zumindest d‘Absicht.

Et hätt soss och wéineg Sënn gemaach, 2019 masseg an d‘Renovéierungsaarbechte vun dësem Kulturtempel um Kierchbierg ze investéieren. Et heescht et wiere bis zu 3 Milliounen an déi ëmfänglech Aarbechte gefloss. Et ass nei Technologie installéiert ginn, et gëtt ee Sall „4DX“ an esouguer de „Laser Ultra“ hunn se ënnerdaach kritt. Et gëtt also méi wéi Internet an Netflix…

Illustratioun: © Guillermo Casales / unsplash

Next post Previous post