Search

You may also like

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten
Neiegkeeten

Washington schéckt weider Zaldoten an den Noen Osten

No den amerikanesche Loftschléi géint Stellunge vun der Hezbollahmiliz a

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas
Neiegkeeten

„Stad, Land, Goss“ – Klamauk, Ironie a lëschteg Kritik No. 3 vun Tëschegas

Den neien Album „Stad, Land, Goss“ vun de Lëtzebuerger Minnets-Däpp

12 Méint an 12 Geschichten: Den David zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus
Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: Den David zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

An deenen nächsten 12 Méint wäerte mir Autismus vun eenzel

Staatsvisitt zu Lëtzebuerg: De Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde op Besuch

Gëschter Moien ass déi kinneklech belsch Koppel häerzlech bei eis empfaange ginn. Nodeems de Kinnek Philippe an d’Kinnigin Mathilde mam Zuch op der Stater Gare ukomm sinn a vu S.A.R. dem Groussherzog an der Ministesch Corinne Cahen begréisst gi sinn, stoung ee stramme Programm un mat enger Seance Académique an der Gemeng um Knuedler.

D’Buergermeeschtech Lydie Polfer huet sech iwweraus houfreg gewisen esou héich Gäscht wëllkomm heeschen ze dierfen. Dobäi haten de Maxime Schmit (5 Joer) an d’Yanmei Wong (6 Joer) déi grouss Éier senger Majestéit ee Bouquet Blummen ze iwwerreechen. No der Presentatioun vun de Membere vum Schäffen- a Gemengerot, sou wéi enger Ried vun der Madamm Polfer duerfte LL.MM. De Kinnek an d’Kinnigin vun der Belsch sech am Gëlle Buch veréiwegen an den extra fir dës Occasioun ugefäerdegte Cadeau entgéint huelen.

D’Artisten Zaiga Baiza a Robert Emeringer hunn fir dës speziell Geleeënheet eng gliese Skulptur vun der Gëlle Fra, déi fir Zouversiicht, Hoffnung a Resistenz steet, entworf. Zesumme mam musikaleschen Encadrement, bei deem de Sträichquartett an déi Jonk Chorale vum Stater Conservatoire sech ofgewiesselt hunn, ass fir eng festlech Atmosphär gesuergt ginn. Zum Ofschloss gouf et ee Glas Schampes bei der offizieller Receptioun.

No hirer Arrivée zu Lëtzebuerg hat déi kinneklech belsch Koppel beim Nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit ee Blummekranz néiergeluecht an uschléissend am Palais zu Mëtteg giess. No der Seance an der Stater Gemeng ass den Owend mat engem Galadinner ausklénge gelooss ginn.

Kinnek Philippe

S.M. De Kinnek vun der Belsch beim Nationale Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit © SIP / Jean-Christophe Verhaegen

Wat steet haut um Programm?

Fir S.M. De Belsche Kinnek an S.A.R. de Groussherzog stoung um haitege Moien eng Visitt vum Härebierg un. Zesumme mam Vize-Premier a Verdeedegungsminister François Bausch, sou wéi dem belsche Verdeedegungs- an Ausseminister Didier Reynders, dem Generol Alain Duschène an dem Colonel Yves Kalmes huet een déi Lëtzebuerger Trupp besicht an ee Blummekranz virum Monument néiergeluecht. Dës weidere goufen eng Rei Atelieren besicht.

Viru geet et op d’Betzder an d’Buerglënster Schlass. Am Konferenzzentrum zu Buerglënster ass, zesumme mam Minister-President vun der germanophoner Communautéit an der Belsch, dem Oliver Paasch d’Visitt vun der virtueller Expo „ 100 Joer Ostbelsch“ virgesinn.

Bei engem Mëttegiessen um Schlass, zesumme mat S.A.R. dem Groussherzog an dem Premierminister Xavier Bettel wäerten d’Diskussiounen ëm déi bilateral Relatiounen um politeschen, ekonomeschen a kulturellen Niveau dréien.

Gestäerkt geet et am Nomëtteg virun an d’Maison du Savoir um Belval, sou wéi an d’Gebai Massenoire. No engem Besuch beim Symposium Medical Innovation an dem Learning Center dierf natierlech och den Héichuewen um Site net feelen.

De weideren Nomëtteg fokusséiert sech op den audiovisuellen an de Weltraum-Secteur. Heivir gëtt déi kinneklech Koppel, zesumme mat S.A.R. dem Groussherzog an der Abtei Neimënster vum Vize-Premier Étienne Schneider an dem Minister-President vu Wallounien Elio Di Rupo empfaangen. Uschléissend besichen déi belsch Majestéiten d’Foto-Ausstellung vu Stand Speak Rise Up!, déi vu S.A.R. der Groussherzogin organiséiert ginn ass. Den zweeten Dag wäert mat engem Concert an der Philharmonie ophalen.

Related topics Kanounenhiwwel, Kinnek Philippe, Kinnigin Mathilde, Laurent Mosar, LL.MM. de Kinnek an d'Kinnigin vun der Belsch, Lydie Polfer, Nationaalt Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit, Receptioun, S.A.R. de Groussherzog Henri, Serge Wilmes, Staatsvisitt, Stater Gemeng
Next post Previous post