Search

You may also like

Lumi R. – Léift an all senge Facetten
Neiegkeeten

Lumi R. – Léift an all senge Facetten

Zu Marseille gebuer, mat madagassesche Wuerzelen an zu Lëtzebuerg doheem

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“

Beim Andreas Eschbach sengem Roman „Der Letzte seiner Art“ erlieft

Donnerwieder iwwer Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Donnerwieder iwwer Lëtzebuerg

Wéi vu MeteoLux annoncéiert, war et um Samschdegowend an an

Partylaun-Epizenter Kinnekswiss a Mental Gesondheet

Partylaun-Epizenter Kinnekswiss a Mental Gesondheet

De Covid19 an déi Jonk féieren eng schwiereg Bezéiung. Et kënnt nëmme seelen zu engem krasse Krankheetsverlaf a méi generell, geet keen an dësem jonken Alter dovunner aus stierwen ze musse just well dat vun de Medien an den Erwuessenen esou duergestallt gëtt.

Wann elo déi grouss Majoritéit sech awer nach um Rimm gerappt kritt, a Versteesdemech huet, datt et fir eeler a vulnerabel Mënschen net esou gutt ausgesäit, esou wieren si awer frou, wann een emol nees eppes méi labber kéint ginn. Et ass jo dann och net esou, wéi wann dës verdäiwelt Pandemie un eise Kanner spurlos laanschtgelaf wier. Déi lescht „Erkenntnisser“ sinn dann och beonrouegend.

Laut der Cheffin vum Omega90-Kompetenzzenter fir sozioemotional Entwécklung, si vill Jonker midd, hu Problemer an der Schoul a wieren och soss psychesch iwwerfuerdert. Dat géif sech och doduerch beleeë loossen, datt et beispillsweis vill jugendlecher an der Psychiatrie vum HRS um Kierchbierg huet. Och d‘Dagesklinik wier mat 17 Patiente fir 12 Plazen hoffnungslos iwwerbesat.

Wann een ni Plaz geschafen (dofir awer massiv ofgebaut) huet, et engem deraart schwéier gemaach gëtt iwwerhaapt kënnen Accès zu psychiatresche Soinen ze kréien – an ee schonn ënnerstelle kann, datt et politesch beabsichtegt ass, a sech op d‘Associatioune verléisst – sollt ee sech net wonneren, datt dat Konsequenzen huet. An bis dohi waren éischter Erwuessener betraff. An elo wat maachen?

Niwwelkäerzen

Ma fir vum politesche Versoen ofzelenken, kënnt et der Regierung ganz geleeën, datt et do Jonker huet, déi sech net enger Depressioun oder soss mentale Problemer higinn, mee an de kulturelle Widderstand antrieden. Gutt „Kultur“ dierf an dësem Kontext net iwwerbewäert ginn, woubäi wien huet d‘Recht sech unzemoossen, engem anere „Kultur“ am Sënn vun Definitioun virzeschreiwen?

Elo sinn awer all dës Evenementer, egal op se illegal op den dräi Eechelen oder op der Kinnekswiss stattfannen, entspriechend dem Covid19-Gesetz verbueden. Manéierlech a gutt erzunne Jonker gi per se net esou anzwousch, an och soss fanne vill Teenager esou Aktiounen net gutt. Et sinn also éischter „Helden“ déi bei esou – oft iwwert Sozialnetzwierker organiséiert – Fester de Lead hunn.

Wou sech déi „Domm“ begéine kënnt et duerch eng allgemeng Revalorisatioun vun der Gewalt an der Bereetschaft dës och offensiv anzesetzen, naturgeméiss zum Geklapps, an um Mëttwoch huet et keng Ausnam zu dësem Constat ginn. Géint 20 Auer war d‘Police wéinst eben enger Kläpperei op d‘Kinnekswiss geruff ginn. Op der Plaz hunn d‘Beamten awer méi „dëser Virfäll“ missen notéieren.

Repressioun

Entspriechend dem Policebericht, hu sech géint 20 Auer eng 200 jonk Mënschen am Park beim Glacis opgehalen an et wieren op der Kinnekswiss verschiddentlech zu Ausenanersetzunge komm. Als Ausléiser gëtt op Déifställ higewisen, an et soll och eng Persoun an dësem Kontext vun der Police verhaft gi sinn. Erfreelech dann awer och den Hiwäis, datt et keng eescht Blessure gouf.

Dat eis Polizisten op esou Asätz keng loscht hunn, an et bestëmmt bannent engem Joer hätt misse méiglech sinn, eis jonk Matbierger besser an der Kris ze begleeden an ze encadréieren, bleift reng Theorie. Et ass ee wuel dovunner ausgaangen, datt déi Jonk dank Internet gutt mat sech selwer beschäftegt sinn, an iwwert dëse Wee jo och hir sozial Kontakter fleege kënnen. Dat war ee Feeler.

A wann een dann also alles verpasst huet, well een aner prioritär a politesch sensibel Themen – aus Grënn – huet missen iwwer d‘Wuel vun de Kanner stellen, steet ee plëtzlech an onerwaart virun de Schierbele vu Fënsteren, déi mat Steng ageworf goufen, déi ee selwer bereetgestallt huet. Gutt dat ass net absichtlech geschitt, et sollt awer elo, wou d‘Schouljoer op en Enn geet, séier besser ginn.

Illustratioun: © Hasan Almasi / unsplash

Related topics Covid19, Illegal, Jugend, Kinnekswiss, Mental Gesondheet, Party, Police, Psychiatrie
Next post Previous post