Search

You may also like

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel
Kultur Neiegkeeten

UNO: En Aktiounsplang géint de Mënschenhandel

De Lëtzebuerger Justizminister Felix Braz huet am Kader vun der

US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“
Kultur Neiegkeeten

US-Ausseminister weess: „Et waren d‘Russen!“

Fir de Mike Pompeo, dee nom 20. Januar hoffentlech net

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich
Kultur Neiegkeeten

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich

Den tierkeschen Ugrëffskrich dreift a ganz Europa d‘Leit op d‘Strooss.

Kino um Glacis mat Drive & Walk-In

Kino um Glacis mat Drive & Walk-In

Vum 21. Juli bis den 1. August 2021 verwandelt sech de Glacis fir eng zweete Kéier an een Open-Air Kino. Soubal d’Sonn ënnergeet an domat déi richteg Stëmmung opkënnt, kann de Spektakel lassgoen!

Den Autokino ass eng Traditioun, déi an den 30er Joren an Amerika hire populären Ufank fonnt huet. Mat der Zäit ass den aussergewéinleche Filmspaass och bei eis ukomm. Verschidde Sëtzplaze vun dësem verwandelte Parking wäerte speziell fir Foussgänger ageriicht ginn. Ma, wéi gewinnt sinn och Autoe wëllkomm.

Et gëtt nawell e grousst Erliefnes: En 20 x 10 Meter groussen Ecran versprécht eng romantesch, familljefrëndlech an och aktiounräich Atmosphär, an dat alles direkt ënnert de Stären, am Aklang mat de Sécherheetsmoossnamen.

Dobäi ass och opgepasst ginn, datt de Programm sou ënnerschiddlech wéi méiglech ass, Auswiel misst soumat genuch do sinn – fir Grouss a Kleng. Dee grousse Spaass gouf vun der Stad Lëtzebuerg an der Cinémathéik organiséiert.

De Programm:

Kino um Glacis

Weider Informatioune ginn et op summer.vdl.lu.

Related topics Autokino, D'Stad lieft, Drive-In, Kino um Glacis 2021, La La Land, Pulp Fiction, Stad Lëtzebuerg, Total Recall, VDL, Walk-In
Next post Previous post