Search

You may also like

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg
Neiegkeeten

Fraefussball Saison 2018/19: D‘Damme vum SC Beetebuerg ongedëlleg

Um haidege Samschdeg fänkt no enger laanger Summerpaus och d‘Championnat

Europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112: All 9 Minutte gëtt intervenéiert!
Neiegkeeten

Europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112: All 9 Minutte gëtt intervenéiert!

Zënter 2009 gëtt den europäeschen Dag vun der Noutruffnummer 112

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem
Neiegkeeten

Duchfabrik Öewersauer: Regionalitéit an Traditioun an all Fuedem

Wien et nach net gemaach huet, dee sollt sech onbedéngt

Klappjuegd erlaabt, mee ënnert bestëmmten Moossnamen

Klappjuegd erlaabt, mee ënnert bestëmmten Moossnamen

Trotz Pandemie dierf d’Klappjuegd stattfannen, wann och an ugepasster Form. Soubal méi wéi 10 Persoune beieneen sinn – an dat ass an dësem Fall wahrscheinlech – gëllen déi generell Moossnamen, wéi mir se déi lescht Méint bei Rassemblementer gewinnt sinn.

D’Upassunge sollen op kee Fall d’Organisatioun vun der Klappjuegd u sech a Fro stellen, mee d’Jeeër zu engem wuechtsame Verhale verleeden. A well esou Klappjuegten generell méi wéi 10 Persounen zielen, gëllt et als „Rassemblement“, deen nom Gesetz enger Rei Moossnamen ënnersteet, déi respektéiert musse ginn. Fir ganz genee ze sinn handelt et sech ëm eng „Reunioun vu Persounen op enger ëffentlecher Plaz, déi fir d’Ëffentlechkeet zougänglech oder och privat ass.“

Dat modifizéierte Gesetz vum 17. Juli 2020 am Kampf géint d’Ausbreedung vum Covid-19 schreift vir, datt Gruppéierungen iwwer 100 Persoune verbueden. Bei der Juegd gëtt keng Ausnam gemaach. Nom Artikel 4 vum Covid-Gesetz mussen d’Persounen op der Plaz – egal op dobannen oder dobaussen – folgend 3 Konditiounen ëmsetzen, soubal tëscht 10 an 100 Persounen beienee sinn:

  • D’Droe vun der Mask
  • Sëtzplazen
  • Mindestdistanz vun 2 Meter

Déi traditionell gemeinsam Mëtteg- an/oder Owendiessen wärend, respektiv no der Juegd si verbueden. Sollt een Organisateur sengen Invitéeën awer eppes ze iessen offréiere wëllen, muss e sech un e Professionellen aus der Restauratioun wennen. Esou gëtt sécher gestallt, datt am Sëtze giess gëtt, un all Dësch just 4 Persoune sinn an d’Dëscher mat der benéidegter Distanz zouenee stinn.

Donieft dierfen d’Nimm an d’Coordonnéeën vun de Participante just op fräiwëlleger Basis gesammelt an net méi wéi 14 Deeg gespäichert ginn.

Ma, an dësen onsécheren Zäite kann d’Gesetz zu all Ament änneren. D’Reegele kënne changéieren an d’Organisateure vun de Juegte musse sech dorun upassen.

Opmaacherbild: © Frederik Ohlander / Unsplash

Related topics ANF, Covid-19, Ëmweltministère, Gesondheetsdirektioun, Jeeër, Klappjuegd, Rassemblement, Restauratioun
Next post Previous post