Brexit: Bréissel a London ginn sech net eens
D‘EU a Groussbritannien haten et um Méindeg zu gudder Lescht
D‘EU a Groussbritannien haten et um Méindeg zu gudder Lescht
Nodeems en Dënschdeg vun der Regierung erkläert ginn ass, datt déi verfügbar Zuelen no de Feierdeeg éischter „gutt“, mee aus „Grënn“ net ganz akurat sinn, war et ubruecht sech beim Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) ëmzekucken a sech bei dëser Geleeënheet den Zuelen zur Ofwaasserkontaminatioun mam Covid19 unzehuelen.
Hei interesséiert Primär déi éischt (wann och nëmme partiell) Januarwoch. Aus dem Rapport 38 vum „Coronastep“ geet ervir, datt d‘Ofwaasser vu ronn 445.000 Mënschen ënnersicht ginn ass. Dat entsprécht eppes iwwer 70% vun der Awunnerzuel. Iwwerpréift gëtt d‘Ofwaasser beim Zougang vun 11 Kläranlagen, an et gëtt festgehalen, datt d‘Belaaschtung weiderhi vill ze héich ass.
Unhand den Zuele vum LIST stellt ee fest, datt d‘Belaaschtung an der éischter Januarwoch änlech Héich wéi an de leschten zwou Dezemberwoche war. Deels huet et Kläranlagen déi och nees eng steigend Tendenz bei der viraler Laascht uweisen. Elo gëllt et déi aner Woch ofzewaarden, aus där sech Erkenntnisser zum Retour aus de Vakanzen, an de Reveillonen erhofft ginn.
Illustratioun: © Ivan Bandura / unsplash