Search

You may also like

Mexiko: 20 Doudeger bei Explosioun vun enger Bensinspipeline
Kultur Neiegkeeten

Mexiko: 20 Doudeger bei Explosioun vun enger Bensinspipeline

Bei enger Explosioun vun enger Bensinspipeline zu Mexiko, sinn op

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn
Kultur Neiegkeeten

Een Accord beim Iwwerschaffe vun der Drénkwaasserrichtlinn

No laangen a schwéiere Verhandlungen hunn dat Europäescht Parlament an

Si hunn d‘Spaassgesellschaft ofgeschaaft
Kultur Neiegkeeten

Si hunn d‘Spaassgesellschaft ofgeschaaft

Pressekonferenzen déi sech gläichen an ëmmer déiselwecht Sätz, dat ass

Kleng Figure.. mee Spillspaass fir jonk an al

de 24. a 25. August organiséieren d‘Playmo-Frënn Lëtzebuerg Asbl zu Kënzeg d‘Playmodays

Kleng Figure.. mee Spillspaass fir jonk an al

Et ass dann och schonn de 14. internationale Rendez-vous vun de Playmobil-Sammler, deen an der Sportshal zu Kënzeg dëse 24. a 25. August organiséiert gëtt. Et gi sech nees vill Fans, Frënn mee natierlech och Sammler op dësem schéine Summerweekend erwaart.

PlaymoSamschdes sinn d‘Diere vun 10 bis 18 Auer op, e Sonndeg da vun 10 bis 17 Auer. De Präis fir sech alles unzekucken, bedréit vir Erwuessener 2,50 Euro. D‘Krapperten an d‘Knetzelen dierfen sech alles fir näischt ukucken (an dat ass och gutt esou). Si sollte grouss Freed hunn.

PlaymoLaut den Organisateuren si 25 Exposanten op den 1.000 M² verdeelt, an dat besonnescht dierften déi 16 Zeene sinn, déi vun 2 M² bis 30 M²grouss sinn. Fir Iessen a Gedrénks gett natierlech och gesuergt, an heescht et géifen och e puer Iwwerraschungen op d‘Leit waarden…

Méi Informatioun gëtt et op der Facebooksäit „Luxplaymodays 2019“ an um offizielle Site

Related topics Kënzeg, Playmo-Frënn Lëtzebuerg Asbl, Playmobil, Playmodays 2019
Next post Previous post