Search

You may also like

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn
Kultur Neiegkeeten

Doudege Prisonéier zu Schraasseg opfonnt ginn

Um Owend vum 12. Januar, géint 21:15 Auer, gouf am

What the Fakt – Haut ass den internationale Kannerdag
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den internationale Kannerdag

Eis Butzen hunn direkt zwee Mol d’Joer een internationale Feierdag:

Koalitiounsparteien denigréiere Beruffsverband
Kultur Neiegkeeten

Koalitiounsparteien denigréiere Beruffsverband

Um Dënschdeg huet d‘Chamberkommissioun vun der Digitalisatioun an de Medie

Esou ënnerstëtzt e klenge Chameleon d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur

Esou ënnerstëtzt e klenge Chameleon d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur

Nodeems SO Graphiste am vergaangene Joer e participative Projet lancéiert huet, aus deem d’Kannerbuch „Leo, de klenge Chameleon“ entstanen ass, konnt mat Hëllef vum klengen Déierchen e Scheck an Héicht vun3.078 € un d’Fondatioun Hëllef fir d’Natur iwwerreecht ginn.

Mat dësem Montant, deen aus der Vente vum Buch ervirgeet, soll der Fondatioun eng Ënnerstëtzung gebuede ginn fir der wëller Flora a Fauna déi ideal Konditiounen ze bidden, se ze restauréieren an hire Schutz ze garantéieren, wouvun och zukünfteg Generatiounen eppes hunn.

An dësem Kader seet SO Graphiste jiddwerengem Merci, dee bei dësem Projet e Beitrag geleescht huet: Vu Persounen déi beim „L’Histoire s’enchaîne“ d’Geschicht vum Chameleon weidergefouert hunn, iwwert d’Fournisseuren déi gehollef hunn déi verschidde Versiounen ze realiséieren, bis hin zu de Lieser déi sech vum Leo matrappe gelooss hunn.

D’Wierk ass souwuel op Franséisch, wéi och op Lëtzebuergesch ze kréien, an dat a gedruckter Form, als eBook oder als Audio. Kafe kann een et op www.so-graphiste.lu an der Rubrik „L’Histoire s’enchaîne“, am Buttek nature am Haus vun der Natur op der Kockelscheier, sou wéi an der Wëlldéierenstatioun zu Diddeleng.

Related topics Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, L'histoire s'enchaine, Leo de klenge Chameleon, Scheckiwwerreeschung, SO Graphiste
Next post Previous post