De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL
Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL
Nodeems d’Societéit BIRD ouni all noutwenneg Autorisatiounen seng elektresch Trottinetten
Sou gëtt den 13. November zu engem richteg frëndlechen Datum.
Dëse Summer huet den Nohaltegkeetsministère erëm seng multimedial Campagne fir d’Sensibiliséierung géint wëllt Ewechwerfe vun Offall (Littering) zu Lëtzebuerg gestart. Grouss Plakater laanscht d’Strooss hunn dobäi de Bléck op sech gezunn.
Säit Mëtt September gëtt et dann ee weideren Design, déi zemools an de Bus- an Zuchgaren ze fanne sinn. Ee grousse Problem nervt den Zigarettestëmp um Buedem ass nämlech och de Knätsch op de Biedem. Et dauert puer Joer bis ee Knätsch zersat ass, Réckstänn bléiwen awer ëmmer
Bis op e puer wéineg Ausnamen ass Knätsch net biologesch ofbaubar, well en zum Groussdeel aus Plastik besteet. „D’Basis vum Knätsch ass eng onléislech Mass ouni Nierstoffer. Déi Mass mëscht d’Séissegkeet eréischt knätscheg an gëtt lues a lues de Goût, d’Séissungsmëttel a funktionell Bestanddeeler of. De Mastique kann natierlech oder kënschtlech hiergestallt ginn. Duerno gëtt Weichmacher an aner Bestanddeeler derbäi gemëscht.“
Littering – een illegalen Akt den d’Gesellschaft kascht
D’Wëllt Ewechwerfe vun Offall ass illegal a ka mat 49 € bis 250 € bestrooft ginn. Wien säi Knätsch op de Buedem geheit riskéiert eng Strof vun 49 €, Verschmotzung vu Waasser ka bis zu 250 € kaschten.
De Knätsch um Buedem kascht eist Land all Joer 30.000 bis 40.000 €. E pecht, dréchent a bléift fest um Buedem, ausser mir hunn en ënnert de Schong hänken. Et ass wichteg de Mastique ewech ze maachen. Dëst ass, aus Temperaturgrënn, just zu verschiddenen Zäiten am Joer méiglech.
Allgemenges zum Littering
Zum wëllen Ewechwerfe vun Offall gehéiert klengen Dreck, den an d’Natur gehäit gëtt. Zemools laanscht d’Stroossen oder Trëppelweeër, d’Sportsterrainen oder Parken ass den Dreck ee grousse Problem. Och bei Fester, Festivallen a Concerte lant vill Offall um Buedem.
Dat schlëmmst un der Saach ass, datt d’Halschent vum Dreck e puer Meter ewech vun enger Poubelle läit. Zigarettestëmp, Knätsch an Verpackungen (zum Beispill Béchsen) ginn am meeschten an d’Natur gehäit. Anescht wéi geduecht betrëfft de Phenomen vum Littering eis ganz Gesellschaft, onofhängeg vum Alter, Geschlecht a Stand vun der Persoun.
Et huet Afloss op Villes
De Littering ass net nëmmen ellen an de Stied oder an der Natur, mee dréit och weider Problemer mat sech:
Wat ka jiddweree vun eis ënnerhuelen?
Bei weidere Froe kënnt Dir Iech un folgend Adress wennen:
Emweltdepartement
Olaf MUNICHSDORFER
olaf.munichsdorfer@aev.etat.lu