Search

You may also like

Australesch Buschbränn: Dës Metal-Bands weisen hir Solidaritéit
International Neiegkeeten

Australesch Buschbränn: Dës Metal-Bands weisen hir Solidaritéit

Méi wéi 20 Mënschen a Milliounen Déieren hunn hiert Liewen

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun
International Neiegkeeten

BnL: De Claude D. Conter iwwerhëlt ab Juli d’Direktioun

Elo huet d’Joanne Goebbels opginn, d’Nominatioun zeréckgezunn an iwwerléisst d’Bühn

Israel: déi erzwonge Koalitioun
International Neiegkeeten

Israel: déi erzwonge Koalitioun

Der politescher Patt-Situatioun an Israel war net mat Wahle bäizekommen,

USA: Fir „Klicks“ op YouTube ze kréien… de Frënd erschoss

USA: Fir „Klicks“ op YouTube ze kréien… de Frënd erschoss

Eng 20 järeg Amerikanerin ass um Mëttwoch zu 6 Méint Prisong veruerteelt ginn, well et säi Frënd erschoss huet. Dobäi wollt d‘Koppel just e Video dréinen, mat deem se am Internet wollte berühmt ginn.

De Pedro Ruiz, het sech eng Enzyklopedie virun d‘Broscht gehalen a war iwwerzeegt, datt d‘Buch eng Kugel vu groussem Kaliber kéint „ophalen“. De Schoss aus der „Desert Eagle“ ass dunn awer riicht duerch d‘Buch erduerch. De jonke Mann vun 22 Joer war direkt Dout.

Zur Dot schwanger iwwert dem zweete Kand, hat d‘Monalisa Perez am Dezember op Doudschlag „schëlleg“ plaidéiert. E Riichter aus dem Minnesota huet um Mëttwoch d‘Uerteel fir d‘Dot geschwat: 6 Méint fest a 10 Joer Sursis.

Et war (net) esou eng gutt Iddi

„De Pedro an ech wäerte wahrscheinlech ee vun de geféierlechste Videoen ophuelen, dee jeemools gedréint ginn ass“, hat déi jonk Fra, um Dag wou d‘Ongléck geschitt ass, op Twitter geschriwwen. „SENG Iddi, net MENG“.

D‘Koppel hat de Wonsch sech als Internet-Staren eng Plaz ze maachen an huet gehofft, datt mat dësem Video hire YouTube-Kanal ganz grouss géif erauskommen. Virun der Opnam vum Video, hat de Pedro Ruiz senger Liewensofschnëttspartnerin en anert Buch gewisen. Um Buch däitlech ze erkennen, en Aschosslach um Deckel, mee keen Austrëttslach um Réck.

Net dovunner ofzebréngen

Géintiwwer der lokaler Tëlee KVLY, huet d‘Claudia Ruiz, eng Tatta vum jonke Mann erkläert, datt hien him vu senger Iddi erzielt huet. „Ech hunn him gesot ‚Maach dat net, maach dat net!‘ an hien huet just gemengt, datt esou e Video vill Klicken abréngt“.

Ofgesi vun der Prisongsstrof, huet sech d‘Monalisa Perez engagéiert, keng Suen ze fuerderen déi am Zesummenhang mat der „Affär“ sinn. D‘Geriicht huet och entscheet, datt déi jonk Fra ni méi dierf eng Schosswaff besëtzen.

mat AFP

Related topics USA, Video-Star, Waffen, Youtube
Next post Previous post