Search

You may also like

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen
Neiegkeeten

Organspenden: Lëtzebuerg wäit hannert den Erwaardungen

De 17. Oktober ass de Weltdag vun der Organspend. En

cityshopping.lu: Säin Akafserliefnis an der Stad Lëtzebuerg einfach plangen
Neiegkeeten

cityshopping.lu: Säin Akafserliefnis an der Stad Lëtzebuerg einfach plangen

Freedeg hunn d’Stad Lëtzebuerg an d’Union Commerciale de la Ville

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?
Neiegkeeten

Ass déi lëtzebuergesch Wunnengskris e Spill op d‘Zäit?

Dat zumindest ass d‘Fro déi sech déi lénk stellt, a

Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?

Et herrscht de klimateschen Noutstand a Lëtzebuerg wëll sech als Musterschüler beweisen

Klimagesetz: Méi wéi Ambitiounen?

Haut viru genee 5 Joer ass dat sougenannte „Paräisser Ofkommes“ vu 55 Länner ugeholl ginn. Mir haten dësen Traité schonn den 22. Abrëll ugeholl an de 4. November vum selwechte Joer an der Chamber ratifizéiert. Europa huet sech gëschter fir méi éiergäizeg Ziler ausgeschwat. Et geet drëms den Ausstouss vun Zäregaser ëm 55% géintiwwer dem Stand vun 1990 ze reduzéieren.

Datt d‘Zoustëmmung vu Lëtzebuerg sécher war, huet natierlech en direkten Zesummenhang mat deem en Dënschdeg an der Chamber gestëmmte Klimagesetz. An dësem Gesetz, dat eng Rëtsch Amendementer ze verquëssen hat, ginn déi sektoriell Klimaziler festgehalen, mee och de spezielle Fonds fir de Klima an de System vum Quoten-Tausch gi mat dësem Text nei definéiert.

Mat dësem Gesetz – wann et da géif geléngen et de Leit verständlech ze erklären – well déi grouss Politik kuerzfirsteg d‘Gesellschaft radikal nei opstellen. Eng Noutwennegkeet, wa soll verhënnert ginn, datt sech d‘Äerderwiermung iwwert 1,5°C auswäit. Grondsätzlech geet et drëms d‘Bierger, d‘Wirtschaft an d‘Politik esou ze formatéieren, datt déi sakrosankt Klimaneutralitéit erziilt gëtt.

Dës sougenannte „Vision Zero“ huet fënnef Aktivitéitssecteure besonnesch am A: als éischt sinn do d‘Energieproduzenten, dann d‘Industrie mee och de Secteur vun der Logistik. D‘Gebaier, egal op residentiell oder tertiär, sinn och op de Leescht geholl ginn. D‘Land- an d‘Forstwirtschaft mee och d‘Gestioun vum Offall, si weider wichteg Elementer vun dësem Klimagesetz fir Lëtzebuerg.

Jiddereen no sengem Rhythmus

Well dann awer och gewosst ass, datt net all Secteur déi selwecht Inzidenz op de Klima huet, solle jidderengem d‘Objektiver operluecht ginn. Dës Secteure sollen dann och all Joers musse Bericht erstatten an hir Resultater virleeën. Zudeem mussen zum Gesetz dräi nei Organer geschafe ginn, fir déi „klimatesch Gouvernance“ ënner Kontroll ze behalen. Elo muss nach just jidderee matmaachen.

Als éischt a wuel wichtegst Organ wier do den interministerielle Koordinatiounscomité. De muss all Joer de Bilan vun de sektoriellen Zilsetzunge maachen an d‘Fortschrëtter bewäerten. Dann ass do d‘Plattform fir d‘Klimaaktioun an Energietransitioun. Dee soll entspriechend den EU-Fuerderunge fir de stännegen Dialog zur Energie agesat ginn. Si soll och d‘Acteuren zum Debat alueden.

Dee leschten am Bond ass dann den Observatoire vun der Klimapolitik, dee gëtt als „Onofhängeg“ bezeechent. Dobäi ass et eng Denkfabrick fir Experten, déi sech mat de wëssenschaftlechen, etheschen a gesellschaftlechen Aspekter vun de Klimapolitik a sengen Erausfuerderunge sollt am allgemengen Interessi ausenanersetzen. Esou zumindest steet et um Pabeier, an dat ass jo gedëlleg.

Vergiesse mir hei net, datt d‘Gesetz och en neie Klima- an Energiefong mat sech bréngt, deen de spezielle Fonds aus dem Joer 2004 ersetze soll. Et geet dobäi ëm den kritséierten Echange vun Emissiounsquoten. Dëse Fong soll Projete finanzéieren déi a Relatioun mat de Klimaziler stinn. D‘Finanzéierung vum genannte Fonds ass villfälteg, an och d‘EIB dierf hei investéieren

Illustratioun: © Ehimetalor Akhere Unuabona / unsplash

Related topics Klimagesetz, Klimaneutralitéit, Klimanoutstand, Nationale Klimaplang
Next post Previous post