Search

You may also like

money
Japan: Untersuchungshaft fir de Patron vu Renault-Nissan
Meenung Neiegkeeten

Japan: Untersuchungshaft fir de Patron vu Renault-Nissan

Um Dënschdeg huet de Parquet vun Tokio bestätegt, datt de

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister
Meenung Neiegkeeten

Nach herrscht Fridden tëscht dem OGBL an dem Aarbechtsminister

Bei enger éischter Entrevue tëscht dem OGBL an dem neien

Kannerbuch-Illustrateure presentéieren hiert Bild vun Europa
Meenung Neiegkeeten

Kannerbuch-Illustrateure presentéieren hiert Bild vun Europa

D‘Tilly Metz, Europadeputéiert vun déi gréng, hat de leschte Freideg

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur

Nee! Zum Klimakiller EU-Mercosur

„Datt méi europäesch Ausseminister, dorënner och de Jean Asselborn, d‘Fräihandelsofkommes EU-Mercosur wéinst de rezenten Amazonas-Bränn op emol kritesch betruechten, ass nëmmen e schäinhellegt Oflenkungsmanöver. Esoubal dës Ëmweltkatastroph aus de Medie verschwonnen ass, gëtt de Vertragsofschloss fortgefouert. An da wäert de rietsextreme brasilianesche President Bolsonaro d‘Ofholzung vum Reebësch esou richteg virundreiwen“.

Am Juni hat d‘EU-Kommissioun d‘Verhandlungsresultat iwwert e Fräihandelsofkommes mat de Mercosur-Staaten (Argentinien, Brasilien, Paraguay an Uruguay) bekannt gemaach: iwwer 90 % vun den Tariflinnen tëscht béide Kontinenter solle liberaliséiert ginn, dorënner ee Groussdeel vun den Agrarprodukter.

D‘Zilsetzung ass kloer: déi südamerikanesch Länner sollen hir Akerflächen op den europäesche Massekonsum ausriichten. Eng exponentiell Steigerung vun den Ubau- a Weidefläche fir: Soja, Ethanol a Rëndsfleesch ass virprogramméiert an domatter och eng beschleunegt Ofholzung vun de leschte Reebëscher. D‘Amazonasgebitt ass awer net nëmme vun zentraler Bedeitung fir de Weltklima, et ass zugläich och d‘Heemecht vu villen indigene Vëlker.

Virugedriwwe gëtt de Projet virun allem vun de südamerikaneschen Agrarkonzerner an de multinationale Konzerner aus Europa, déi sech méi Maartundeeler fir hir Produkter an domat méi Profitter erhoffen. D‘Ofkommes liberaliséiert zudeem e Groussdeel vun de Kapitalflëss, den Déngschtleeschtungen an dem ëffentleche Beschafungswiesen. Verbindlech Klimaschutz- an Ëmweltoplage sinn net virgesinn.

Wéinst de rezente Bëschbränn am Amazonas hu méi europäesch Spëtzepolitiker verlaute gelooss, d‘Ofkommes géif op Äis geluecht. Domatter soll d‘Bevëlkerung berouegt gi bis sech d‘Welle geglätt hunn. Wa Klimaschutz de Verantwortleche wierklech eppes bedeite géif, hätten si dës Verhandlunge guer net eréischt zougelooss. Dat well d‘Fräihandelsofkommes deenen a Südamerika aktiven Agrarkonzerner e staarke finanziellen Ureiz bitt, d‘Ofholzung onwidderrufflech ze beschleunegen.

Op béide Kontinenter wieren sech Gewerkschaften, Sozial- an Ëmweltverbänn, esou wéi och progressiv Parteie géint dëst Ofkommes. Nëmmen eng Mobiliséierung vun der breeder Bevëlkerung an Europa a Südamerika kann dëst zerstéierescht Ofkommes vun de Finanzeliten nach verhënneren. déi lénk wäert sech vehement un dësem Kampf bedeelegen.

matgedeelt vun déi lénk, fräi aus dem däitschen Iwwersat, vum Laure Schlesser

Related topics Amazonas, Ëmweltschutz, Fräihandelsaccord, Klimanoutstand, Mercosur, Reebësch
Next post Previous post